Luxemburgensia#deplotdickens: „Leandro“ vum Roland Meyer, „Koma21“ vun der Anja Di Bartolomeo an „Dëst ass net däi Liewen“ vun der Claudine Muno

Luxemburgensia / #deplotdickens: „Leandro“ vum Roland Meyer, „Koma21“ vun der Anja Di Bartolomeo an „Dëst ass net däi Liewen“ vun der Claudine Muno
Pandemie mat der Anja Di Bartolomeo … (C) Editions Guy Binsfeld

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Eng Bull, an där ee sech verstoppt, well d’Welt dobaussen einfach ze vill ass, ee Liewen, dat net dat eegent ass, an d’Fro, wat dat iwwerhaapt heescht, ee Liewen ze féieren, dat säint wier, eng Jugendherberg, an där e puer Jonker d’Welt rette wëllen, ouni ze mierken, dass ee schonns am viraus muss privilegiéiert sinn, fir dat iwwerhaapt maachen ze kënnen: An dräi Jugendromaner verschaffen d’Anja Di Bartolomeo, d’Claudine Muno an de Roland Meyer op verschidde Manéieren dee komplexen Alldag vun Teenager an enger Welt, déi net just ëmmer méi oniwwersiichtlech, mä och ëmmer méi vreckt ass.

Lea-Sophia, Liv a Jan heeschen déi weiblech Haaptfiguren, déi allen dräi net ganz glécklech mat hirem Liewe sinn. D’Liv, Haaptfigur an Erzielerin vu „Koma21“ ass an de Robin verléift, wëll sech dat awer net agestoen – a well den „Aarschlachvirus”, kuerz ALV, hatt dorun hënnert, op Berlin ze fléien, fir dem Robin säi Silent Treatment vun iwwert engem Joer ze erklären, muss et wuel oder iwwel d’Zäit zu Lëtzebuerg doutschloen.

An der Tëschenzäit gëllt et, sech mat senger iwwerfuerderter Mamm, engem léiwen, mä liicht ustrengende Stéifpapp, sengem Kolleeg dem Philippe, dee vläicht op Jonge steet mä dat awer net ganz genee weess, dem Lou, senger beschter Frëndin, an, virun allem, sengen eegenen Ängschten an Onsécherheeten erëmzeploen. Glécklecherweis gëtt et de Cosmo, mat deem hatt zu Hollerech spraye geet an deem säin Talent a seng Frëndschaft him wärend där schwiereger Zäit tëscht Crise adolescente a Pandemie zur Säit steet.

Och beim Roland Meyer ass Berlin en Horizont, deen awer – (opgepasst, Spoiler) – ni wierklech erreecht wäert ginn: D’Lea-Sophia kënnt aus deem, wat een eng guttbiergerlech Famill nennt. Seng Boomer-Eltere fannen, dass hatt a seng Fridays-for-Future-Kollegen iwwerdreiwen, wa si hirer Generatioun d’Schold un dem ökologeschen Debakel ginn, deen zanter e puer Joer net méi z’iwwersinn ass.

… Klimawandel mam Roland Meyer …
… Klimawandel mam Roland Meyer … (C) Claude Sibenaler

#kontrollbehalen

Fir mat senge Frënn d’Welt zu enger besserer Platz ze maachen, zitt hatt sech an der Jugendherberg vun engem Kaff an der Eifel zréck, wou si sech all streng vegan ernären, probéieren, hiren ökologesche Foussofdrock esou butzeg wéi méiglech ze halen, an a Workshops no Léisunge sichen, déi et hinnen erlaben, de Planéit eben net an den nächste puer Joer komplett onbewunnbar ze maachen.

Hir Routine féiert séier zu enger Zort Bull, an där si riskéieren, sech just nach selwer op d’Schëller ze klappen. Bis owes bei engem Lagerfeier de Leandro opdaucht, ee Portugis, deen d’Liewe vum Lea-Sophie net just emotional op d’Kopp geheit: Wéi de Leandro hatt auserwielt, fir an der Nuecht mat engem dubiéise Motorrad op Berlin opzebriechen, mécht hatt sech op eng Rees, déi et esou wuel aus der theoretescher Weltverbesserungs-Bull wéi aus der biergerlecher Bequeemlechkeet entféiert.

D’Monster – esou hu si de Moto mat Bäifuerer-Weenchen gedeeft – schluppt net just Tonne Bensinn, et ass en plus vun engem viru kuerzem verstuerwene Doudegriewer geklaut a stellt domat déi ënnerschiddlech Astellunge vun deenen zwee blouss: De Leandro lieft mat senger Mamm a prekäre Verhältnisser a ka sech et net wierklech leeschten, sech d’Fro ze stellen, wéi onmoralesch oder wéineg nohalteg säi Verhalen ass, well et him an éischter Instanz drëms geet, aus dem Misär, zu deem e seng Originne verurteelt hunn, auszebriechen.

Wärend engem klassesch-abenteuerleche Road-Novel komme sech déi zwee ëmmer méi no, léieren ee vun deem aneren a verléiwen sech, bis den Auteur d’Schläif, mat där säi Roman ufänkt, zoumécht, an erkläert, wéi déi diffus Ufanksituatioun zustane koum, an där de Leandro an hatt op engem Sarg an engem Erliefnes-Park ënnergaange sinn.

#tëschtmarvelapornhub

… a progressive Postcore, Identitéit-Sich, schwiereg Familljen an een Haus, dat ausgesäit, wéi den Thom Yorke mat der Claudine Muno
… a progressive Postcore, Identitéit-Sich, schwiereg Familljen an een Haus, dat ausgesäit, wéi den Thom Yorke mat der Claudine Muno Foto: Didier Sylvestre

D’Jan geet fir säi Liewe gär frieme Leit no, déi hatt no strenge Critèren aussicht – eng Aart, aus senger eegener Existenz auszebriechen an een Doheem ze vergiessen, dat zanter der Mamm hirem Accident an dem Papp senger Krankheet net méi wierklech eent ass.

An engem vun de ville passende Biller, déi der Claudine Muno hire Roman „Dëst ass net däi Liewen“ zieren, gëtt dem Jan säi Familljenhaus mat kengem aneren wéi dem Radiohead-Sänger Thom Yorke verglach, an d’Metapher ass esou treffend, dass ee bal en Numm fir déi iwwerraschend Stilfigur misst fannen: „Bei hinnen hänkt eng Rolllued schif, déi säi Papp nach ëmmer net gefléckt huet, soudass d’Haus e bëssen ausgesäit wéi de Sänger vu Radiohead. Wat kéint cool sinn, wann een an der Cité wéisst, wie Radiohead wier.“

Een Dag leeft hatt esou dem fréiere Schoulkomerod Benny an d’ muskléiert Äerm – an der Primärschoul hat hatt him eemol den Inhalt vun engem Spëtzer hannen an de Pullover gekippt, just well hatt de Benny virum Mobbing vun de Matschüler beschützt hat an duerno domat opgezu gouf, hatt wier an de Benny verléift – eng passend Metonymie fir de Schoulhaff-Darwinismus, deen Empathie direkt mat méi Mobbing bestrooft.

De Benny ass mëttlerweil tätowéiert an duerchtrainéiert, mécht Musek a lauschtert (progressiven) Post-Hardcore – wéi et ënner anerem eng Allusioun op den Deckel vum éischte Mars-Volta-Album „Deloused in the Comatorium“ beleet.

An enger duerch-digitaliséierter Welt, an där kee vun de Matschüler Filmer kennt, esou laang se net „vu Marvel […] oder op Pornhub“ sinn, fillt sech d’Jan mat senger Passioun fir Geschicht an engem Firwëtz fir Musek, déi net just mam Laptop gemaach gëtt – vun engem Museker gëtt gesot, dass hie warscheinlech op der Bün guer keng Musek méi mécht mä Minecraft spillt oder sech sengen Hausaufgabe widmet –, zimmlech friem.

Obwuel hatt eigentlech, fir manner opzefalen, léiwer Frëndinne gehat hätt, déi Carole oder Jessica heeschen, bilt hatt mam Zacky an Isabelle een Trio, deen eng „enk an exklusiv“ Verbindung huet – mat „enger eegener Sprooch an eegene Feierdeeg, souzesoen e Land fir sech“. Di zwee hëllefen him, duerch een Alldag ze navigéieren, an deem keen iwwer wichteg Theme wéi Gewalt am Stot oder Suizid-Gedanke schwätzen dierf – „schwätzen dierf ee just beim Psychiater, dee gëtt dofir bezuelt“.

Bis zum Dag wou, e bësse wéi am Lukas Dhont sengem schéine Film „Close“, d’Isabelle hatt domat konfrontéiert, dass d’Zacky an den Toni mengen, d’Jan wier an hatt verléift, de Papp wéinst enger Mars-Volta-CD duerchdréint, d’Frëndschaft mam Benny hatt zu enger onerwaarter Handlung bréngt – an hatt mierkt, dass et bal ëmmer op d’Käschte vun anere geet, wann ee sengem Liewen eng Plaz am chaotesche Raum vun der Wierklechkeet wëll maachen.

#cringechillnicki

Et mierkt een oft, an dem relativ iwwersiichtleche Mikrokosmos vun der Luxemburgensia, wéi eng Gattung am leschte Joer am nationale Literaturconcours gefrot gouf – well duerno de Marché vläicht net direkt iwwerschwemmt, mä nawell däitlech vun deem Genre gepräägt gëtt. Esou ass et zumindest vun zwee Auteuren net verwonnerlech, dass se sech mat engem Genre befaassen, an deem si souwisou relativ doheem sinn – vun der Claudine Muno ëmsou manner, well si mat „Dëst ass net däi Liewen“ den éischte Präis beim Concours (opgepasst, nees ee Spoiler: verdéngt) kritt hat.

De Roland Meyer hat mat „Telmo“ 2017 ee Jugendroman geschriwwen, deen nächst Woch eng Fortsetzung am Theater kritt, an der Claudine Muno hire Romaner gëtt et oft, wéi zum Beispill an „Esou wéi et net war“, Teenagerfiguren. Fir d’Anja Di Bartolomeo ass et no de Kuerzgeschichte-Bänner „Chamäleons“ an „Nicht zu spät“ an dem Roman „Wundholz“ den éischten Ausfluch an eng aner Sprooch an een neie Genre, mat deem si och de Wiessel zu den éditions Guy Binsfeld markéiert – dat fir ee Buch, dat mat Zeechnunge vun hirer Duechter, der Giulia Helminger, optesch rehausséiert gëtt.

„Koma21“ referéiert dobäi direkt un zwee aner Luxemburgensia-Wierker – der Claudine Muno hire Roman „Koma“ (2005) an dem Tullio Forgiarini säin „Amok“ (2011) –, schliisslech stellt d’Erzielerin fest, dass Amok, wann een d’Wuert vun hannen no fir liest, Koma ergëtt. Tëscht komatéiser Depressioun an dem Horizont vun der Revolt schwankt och der Erzielerin Liv hiren Alldag. Dëse gëtt an engem Roman duergestallt, deen duerch seng datéiert Kapitelen, den Zeechnungen a Lyrics wéi en Tagebuch wierkt – en Tagebuch, an deem een d’Säiten erausgerappt an nees duercherneen zesummegesat hätt. D’Iddi, d’Chronologie zumindest an der éischter Hallschent op d’Kopp ze stellen, ass an deem Sënn gelongen, well esou der Figur hiren Duercherneen am Kapp och strukturell gespigelt gëtt.

Hei wéi beim Roland Meyer fält dobäi op, dass d’Imitatioun vun der Jugendsprooch zwar interessant, awer oft net konsequent ass: Virun allem de Referenzhorizont vun de Jonke seet oft méi iwwert den Auteur oder d’Auteurin aus, wéi iwwert d’Figure selwer – net just bäisst sech, a „Koma21”, de Gebrauch vu Wieder wéi „chill” a „cringe” mat Ausdréck wéi „déi aner Nickien” an engem eenzege Saz, och verwonnert et, dass Jugendlecher aus dem Joer 2022 Referenze wéi Nirvana, Tokyo Hotel, de Clint Eastwood, Robocop, d’Catherine Zeta Jones, d’Sesamstroos (Di Bartolomeo) oder d’Kaffismark Jacobs oder de Franz Beckenbauer (Meyer) an hirem Sproochgebrauch sollen hunn.

Weiderhi gi verschidden trendy jonk Stilmëttelen net konsequent duerchgezunn, wéi d’Hashtags an „Leandro”, déi heiansdo fir laang Kapitele verschwannen, just fir dann ee relativ inflationäre Comeback ze hunn. Et fënnt ee Kohärenzfeeler an der formaler Mimesis, dëst deelweis op enger an der nämmlechter Säit: D’Lea-Sophia weess zwar engersäits net, wat genee et um Haff gesäit („Weiter hinten gab es einen Hühnerstall oder sowas, ich kenn mich da nicht wirklich aus”), e puer Zeilen drop beschreift d’Erzielerin anerersäits op eng iwweraus detailléiert Aart een Intérieur: „Durch einen sehr dunklen, nach Leinöl duftenden Korridor kamen wir in eine Art Schankraum”. Hei bäisst sech dem Roland Meyer säi Wonsch, präzis ze schreiwen, mat der dramatescher Ironie, duerch déi hie senger Figur hir Hypokrisie wëll entlarven (si wëll nohalteg liewen, weess awer net, wéi een Héngerstall ausgesäit).

Dësen Écueil gëtt am Roman vun der Claudine Muno evitéiert, well si dem Jan säi Liewen aus der drëtter Persoun beschreift, wat eng méi polyphon Approche erlaabt, wou d’Iwwerleeungen deels an der Gedankewelt vun der Haaptfigur verankert, deels och der Observatioun vun der Auteurin attribuéiert kënne ginn.

#aisblockandersahara

Wat d’Liv, d’Lea-Sophia an d’Jan verbënnt ass ee Gefill, net ganz dozou ze gehéieren – weder zu der Welt vun den Erwuessener, déi se allen dräi verwerfen – d’Lea-Sophia, well déi Erwuesse Schold um Zoustand vun der Welt sinn, d’Jan, well et de gudden Drot, deen et fréier zu den Elteren hat, verluer huet, an d’Liv, well et mierkt, dass déi Erwuessener, sief et duerch den ALV oder hir Bezéiungsproblemer, sech selwer wéi éiweg Teenager verhalen –, nach zu hire Klassekomeroden – viru sengem politeschen Engagement war d’Lea-Sophia laang onbeléift, d’Jan fillt sech e bëssen wéi een Ausserierdeschen an d’Liv muss sech mat de Krise vu senger beschter Frëndin erëmploen.

D’existenziell Flemm ass omnipräsent beim Liv, esou richteg iwwerzeegt ass een awer net vun der Figur, well de Roman sech ze oft wéi een Teenage Diary liest – an deem Sënn ass der Anja Di Bartolomeo hir formal Mimesis duerchaus gelongen – an et der Schrëftstellerin deemno net ganz geléngt, der Figur hir Onsécherheeten an eng Geschicht anzebauen, déi matrappt. De Fokus läit, wéi bei engem Romain Butti, um Banneliewen, d’Aussewelt gëtt oft just fragmentaresch wouer geholl.

Esou wierkt „Koma21” mat Momenter redundant, de Roman spillt net genuch mat senger verwurrelter Chronologie, deelweis gëtt et esouguer Feeler an den Datumer: Eng zentral Zeen zu Berlin, déi eigentlech am Dezember 2019 spille misst, gëtt hei chronologesch am Dezember 2021 verankert. Och wierken d’Zeenen zu Berlin, wéi wa se an egal wéi enger Groussstad hätte kënne stattfannen, well d’Beschreiwungen, wéi zum Beispill de „chaotesche Flughafen“, extrem vag bleiwen.

Plazeweis fënnt d’Schrëftstellerin déi richteg Wierder, fir jugendlech Isolatioun mat hirem ganz eegene Vocabulaire auszedrécken – „Ech gesi mech nach do stoen, zimmlech lost a peinlech, en Äisblock an der Sahara, e Meteorit um Golfterrain, Fritte mat Ketchup a Mayo an engem Stärerestaurant” – an och Zeene wéi d’Silvesternuecht zu Berlin si gutt ausgeschafft.

Op anere Plazen sinn d’Biller allerdéngs midd a wéineg originell, sou munch Zeene sinn onbehollef – besonnesch d’Gespréicher tëscht der Mamma an dem Stéifpapp wierken onnatierlech, an déi ganz Féck-Bupp-Schwanz-Talks, an deenen et duergeet, d’Adjektiv „schwul“ un en Déier ze hänken, fir authentesch ze wierken, sinn zwar vläicht realistesch, änneren deet dat awer näischt dorunner, dass déi Passage sech ze oft widderhuelen an och net onbedéngt vill zur Figurenzeechnung bäidroen.

Méi schlëmm sinn déi sëllege Feeler, déi d’Buch zieren – hei feele ganz Wierder („Wéi ech doheem ukomm sinn, huet de Philippe schonn ongedëlleg viru sengem Laptop mech gewaart”), do Endungen („datt dat bei (sic!) Calvin manner wéi näischt bréngt”), hei gëtt et Wuerttrennungen, ouni dass een à la ligne gaange wier („D’Hall-schent vum Gehier”), anerwäerts si Wierder net ausgeschriwwen („a gläichzäiteg halen e (re-sic!) mech fest”).

#howtodisappearcompletely

Esou wéi d’Liv huet och d’Jan geléiert, „a sech selwer ze verschwannen”, bei der Caudine Muno grënnt déi existenziell Angscht op ze groussen analytesche Fäegkeeten matten an enger Welt, an där d’Digitaliséierung eis ëmmer méi dovunner dispenséiert, selwer ze denken. Sätz ewéi „Lëtzebuerg ass einfach esou kleng, dass all d’Mënschen, déi hei liewen, onfräiwëlleg matenee verknëppt si wéi d’Kabele vun engem Kopfhörer” hu manner mat Teenage Angst wéi mat enger Luxembourg Angst ze dinn, an där sech och den erwuessene Lieser erëmfënnt.

Der Schrëftstellerin hir Billersprooch, déi den Alldag entfriemt, andeems se Géigestänn, déi mir fir normal halen, an hirer ganzer Eegenaart bloussstellt (eng Kaffismaschinn, déi ausgesäit, „wéi wann een se aus engem Raumschëff ausgebaut hätt“), fënnt esou guer Schéinheet an deem, wat u sech einfach just ellen ass („Et ass wéi an der Musek, nom luesen Deel kënnt deen haarden, well et esou muss sinn“) an huet och Versteesdemech fir déi Figuren, déi um Ufank ofstoussen – no engem Revirement, dee vum erzielereschen Trick e bëssen un „No Country for Old Men” erënnert, fënnt ee ganz touchante Fokalisatiounswiessel statt, deen d’Erzielung méi villschichteg mécht an hir eng zousätzlech Déift gëtt, esou dass een nuancéierte Portrait vun enger Gesellschaft entsteet, dee wéist, dass mer och an enger Welt, déi mat Wëssen tapezéiert ass, d’ „Schwämmen aus Feier um Enn vun der Welt” haut just duerch aner Ongewëssheeten ausgetosch hunn.

Och dem Meyer säi „Leandro” ass, trotz engem Referenzhorizont, deen aus Auteure wéi dem Mark Twain oder dem Enid Blyton besteet, méi wéi just een Abenteuer-Roman: Duerch déi sëllege Rencontre, déi d’Lea-Sophia an de Leandro maachen – do wier eng dement Fra, versoffen Autosfuerer, déi an enger Absteige weiderfeiere wëllen, eng Koppel, déi eleng bei engem Séi wunnt – gëtt de Figuren eng gesellschaftlech Marge méi nobruecht, déi dem Lea-Sophia seng Privileegien net just méi bewosst maachen, mä och säi Weltbild vollstännegen. Well och wann d’Welt hinnen ëmmer méi friem wierkt, fannen déi dräi Figuren een Trouscht an der Léift vun hire Matmënschen.

Info

„Koma21“ vun der Anja Di Bartolomeo, 2022 éditions Guy Binsfeld, 176 Säiten
„Leandro“ vum Roland Meyer, 2022 capybarabooks, 256 Säiten
„Dëst ass net däi Liewen“ vun der Claudine Muno, 2022 Op der Lay, 140 Säiten