NoruffCiao Remo Raffaelli, ciao!

Noruff / Ciao Remo Raffaelli, ciao!
 Foto: Wikipedia

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

„Gute Nacht Freunde, es wird Zeit für mich zu gehn, was ich noch zu sagen hätte, dauert eine Zigarette und ein Glas im Stehn …!“ Ciao Remo, elo ass et schonn iwwert zwee Méint hir, dass du net méi bei eis bass. Wéi dëst schéint trauregt Lidd vum Reinhard Mey virun e puer Deeg zoufälleg am Radio komm ass, hu mär dobäi gläich un dech missen denken, mat deem Ënnerscheed, zu där, datt een an deem Song Zigarett duerch Zigarillo a Glas am Stoen duerch en Espresso misst ersetzen …!

Du bass de 6. Mäerz gaangen an hues d’Corona-Krisis just net méi matkritt, mee dobäi och näischt verpasst! „Dio cane, wat ass dat do eng Sauerei!“ häss du op deng légère Aart a Weis geflucht an dann deng Leica erëm ervirgeholl an domadder versicht, déi eemoleg gespenstesch a liicht bedrolech Atmosphär dobaussen an de Stroossen anzefänken a festzehalen. Du häss och esou eng blöd Mask ugedoen, awer huart driwwer gelaach, well et bei allem Eescht dach immens witzeg ass, all d’Leit dobaussen domadder wéi Pinguine ronderëmlafen ze gesinn … Dat muss du där emol iwwerleeën, Dio cane, grujeleg, wéi dat ausgesäit, du géifs bal mengen, mär wären all Chirurgen, an dobäi, porca miseria, hu mär nëmmen een Zéngtel vun deenen hirer Pai! Ech muss zwar esou eppes undoen, mee grad wéi s du och huelen ech kee Blad virun de Mond … Hei, ruff emol dat flott Lilya a bestell eis nach ee Crodino, wann s de wëlls.

Als kreativen Italo-Lëtzebuerger, mat Goût, häss du dech da vläicht inspiréiert gefillt a gläich versicht, eng méi schéin originell Mask an dengem Atelier ze entwerfen oder op denge Biller ze verschaffen. Grad esou wéi s du virun e puer Joere Stëmmungsfotoen an deene verloossenen, ausgeschluechten an ausgestuerwene Schmelzbraachen an Halen, op Terre Rouge, der Sauvage an e bëssi iwwerall hei am sinistréierte Minett gemeet hues. Dee stümperhaften Ofbroch vun der ronner Bréck am „Néidierfchen“ hues du, wéi nach vill aner Escher, immens regrettéiert. Och déi sougenannte Keeseminnen op der Escher Grenz hunn dech inspiréiert, obwuel s du se net ganz ästhetesch fonnt hues, am Géigesaz zu deenen zwee alen, mat Holz verkleete Killtierm direkt niewendrun, déi allerdéngs scho viru Joere leider ofgerappt goufen, ouni datt deemools en Hunn derno gekréit huet … Gläich an e puer Gemeinschaftsausstellungen, zesumme mat dengem Kolleg, dem Meisse Jang, hues du deng Fotoen, déi ëmmer méi zu Biller goufen, dann dem Publikum presentéiert an dobäi dem Jang seng Skulpturen aus Stol an Eise perfekt ergänzt an illustréiert.

Geléiert fotograféieren hues du beim Bohlesch Jak zu Déifferdeng. Wéi de Pilo Fonck ganz richteg an sengem Virwuert zu dengem flotte Sportfotosalbum schreift, has du en A dofir an och Gespier, esou dass du nëmmen eng Grëtz Technik am Ëmgang mat deene sophistikéierten Apparilloe bei „Brëtellsjak“ hues bräichten ze léieren. Du hues schnell geléiert, well du has et an där a wuars een absolut Multitalent, Dio cane, dee gebuerenen Artist, och wann s du domat ni uginn hues, a wéi de Pilo am Virwuert zu dengem sublime Sportfotobuch ganz richteg geschriwwen huet, munchmol vill ze bescheiden opgetruede bass. Dëst Buch, mat exklusiv nëmme Schwaarzwäissfotoe vun där an dengem Bouf Patrick, hat den COSL erausbruecht a wuar vum Guy Binsfeld editéiert ginn. Wéi et schéngt, hues du och saugutt Mondharmonika gespillt a bass 1972 esouguer offiziell zum beschten Amateur an Europa gekréint ginn. Leider hu mär dech ni héiere spillen, an dat ass schued. Kéint et sinn, dass du, wat s du am Laf vun de Joere méi zum Lëtzebuerger gi bass, wat s du manner op denger „Horner“ gespillt hues? Mär hate vergiess, dech dono ze froen, mee dann häss du bestëmmt gesot, „komm vergiess dat, dat wuar emol, tempi passati“, häss gelaach a wäers zu engem aneren Thema iwwergaang.

Een atypesche Lëtzebuerger, mat Schmass a mat Peps

Dat wuar änlech wéi bei dengem anere fréieren Hobby zu Esch op der Stalingradplaz, wou s du an denger Garage al Moto Guzzie gesammelt an da picobello restauréiert hues. No enger Zäit hues du se all erëm fir net all ze deier verkaf, an da „basta“, dat wuar et, tournons la page! Dat Kapitel wuar domat ofgeschloss an et koum eppes anescht drun a gouf duerchlieft. Dat Ganzt mat System, net alles insieme, mee methodesch an net chaotesch. Villsäiteg wéi hie wuar, wosst de Remo sech ze organiséieren. Hie wuar ee brillanten touche-à-tout – änlech wéi mäi Frënd, de Pol … Tousch –, mee kee Chaot! Dotëscht hat hien ëmmer nach Zäit fir Spaass a Gesellegkeet, a mär hunn en ettlech Kéier gutt matenee gelaach. Hien huet mär all Kéiers e Kapp an en Ouer gemeet, wann hie mech am „Casa“ gesinn huet, fir datt ech him den Disk mat enger Parodie vun eisem allen zwee héich geschätzten a bis elo op der UKW- Antenn inegaléierten – jo, jo! – Sportreporter Pilo aus dem Joer 77 dach endlech sollt matbréngen, fir datt hien e kéint kopéieren. Ech hat se all verkaf, a wéi do den ale Schoulkolleeg, de Mathieus Camille, nach zoufälleg eng vun deene 45er-Vinylplacke mat dem Titel „Pilofonken“ beim Hausraume fonnt huet, hu mär him déi zoukommegelooss, an de Remo huet sech drun ergötzt, wuar déck zefridden … an huet mär meng Rou gelooss! Well hien zu Esch am Gaswierk beschäftegt wuar, hunn ech hie munchmol am Witz Vittorio Gassman vernannt, dat ass ee bekannten italienesche Schauspiller gewiescht, mais dat wuar, Dio cane, och fir dee comediante, éischter esouguer e Kompliment. Och mat der Vëloscourse Milan-San Remo hunn ech hie gezeckt a gefrot, firwat hien dann nees net géing matfueren … Als Italiener gebuer, goufs du 1968 naturaliséiert, mee däi Naturell ass zum Gléck bliwwen an aus där gouf een atypesche Lëtzebuerger, mat Schmass a mat Peps!

De Remo ass du mat senger Fra Annette fir e puer Joer an de Käldall wunne gaang, wou hien an sengem groussen Atelier a Rou molen a skulptéiere konnt, eng nei Passioun a weider Etapp an senger Evolutioun. Als Sportreporter huet hie sech net méi betätegt an hat domadder längst ofgeschloss. Vill Fotoen zu dësem an aneren Themen aus de spéide 70er Joeren, déi och am Tageblatt publizéiert goufen, leien an der Gaasperecher Fotothéik archivéiert. Schéi wier et, wann se dorauser, no enger Rei vun aneren do publizéierten, bekannte Fotografen a Reporter, och vum Remo Raffaelli eng Ausstellung an een neit Seriebuch kéinte maachen! E puer Joer méi spéit huet et si alle béid erëm zeréck an hir al Heemecht, op dat „schéint“ Déifferdeng zeréckgezunn. Fir mech wuar dat, ganz subjektiv, elo kann ech et jo soen, ech hat kee gutt Gefill, net onbedingt ee gutt Omen … A wéi am Bistro zu Esch verzielt gouf, datt de Remo schonn eng Zäit béis krank wier, hunn ech, porca miseria, gläich doruner missen denken. Wat eis elo no sengem Doud nach bleift, ass all säi Schaffen – well hie wuar net nëmmen ee begaabten Artist, mee och ee Schaffert – an all seng Wierker. Mee veréiwegt huet hien sech bei mär reng perséinlech mat sengem häerzhafte Laachen a sengem Temperament, an dat, Dio cane, vergiessen ech, an deene mär restleche puer Joer, ganz sécher ni! Ciao Remo, ciao!

Raffaelli Rosita
21. Mai 2020 - 15.56

Villmools merci fier dee schéinen Noruff,sou woar méi Bridderchen an ech wärten heen emmer a mengem Herz droen. Nie vergiess vun eis all Deng Schwester Rosita

Patrice Wolter
19. Mai 2020 - 20.05

Genau esou wuar eisen Rem. Besser kann een heen net beschreiwen. Merci fir den scheinen Artikel. Heen fehlt eis onendlesch vill. Ciao Remo

Raffaelli Danilo
19. Mai 2020 - 18.56

Wow schei geschriwwen?

Raffaelli Annette
19. Mai 2020 - 17.34

Merci Guy , et ass den Rem esou wei hien emmer war . Sein Humor , sein Lachen an sein Wiesen an allem wat hien gemacht huet . Hien feelt ganz vill .

Kim Wolter
19. Mai 2020 - 17.12

Wow! Et keint een et net besser schreiwen. Main Bopa woa deen Beschten, an ech sin stolz sou een gudden Bopa gehaat ze hun.. Merci villmols!

Raffaelli Patrick
19. Mai 2020 - 8.39

Villmols Merci Guy fir deen schéinen Artikel. Genau esou wéi's du en beschriwwen hues war mäin Papp an wäert eis och ëmmer esou an Erënnerung bleiwen.

toffifee
18. Mai 2020 - 16.36

ganz schéinen Artikel (ausser den "Dio cane")....ech fannen do ass hien wierklech gutt beschriwwen gin an et kann éen sech en gutt virstellen

Lully
18. Mai 2020 - 12.22

Ciao Remo