Sonntag2. November 2025

Demaart De Maart

LeserforumWien schützt déi, déi eis schützen?

Leserforum / Wien schützt déi, déi eis schützen?
    Foto: Editpress/Alain Rischard

Jetzt weiterlesen!

Für 0,99 € können Sie diesen Artikel erwerben:

Oder schließen Sie ein Abo ab:

ZU DEN ABOS

Sie sind bereits Kunde?

Wat an de leschte Woche bei der Gare geschitt ass, ass net méi z’erdroen: Zwou Fraen, Gesondheetsaarbechterinnen, goufen op hirem Wee an d’Spidol brutal ugegraff. Eng gouf mat engem Messer menacéiert, e puer Deeg drop eng aner esou zesummegeschloen, datt si mat bloe Plazen a Bluttspueren op d’Aarbecht koum. A loosst eis éierlech sinn: Dat si keng Ausnamen, dat ass Realitéit. All Dag mussen Dose Leit dëse Wee goen, ze fréi, ze eleng a vill ze oft mat der Angscht am Bauch. D’Fuerderung ass elementar: sécher op d’Aarbecht ze kommen.

Et geet net nëmmen ëm Komfort, mee ëm Respekt an Dignitéit. Gesondheetsaarbechter wéi vill aner am Quartier setzen hir Kraaft an, fir Liewen ze retten an essentiel Servicer ze garantéieren. Wéi kann et da sinn, datt grad si mussen d’Gefor erliewen, selwer ugegraff ze ginn, wann se just hire Beruff maachen?

Onverständlech ass, datt de Kommissariat an der Géigend vun der Clinique bis 7.00 Auer zou ass. Tëscht 5.30 a 7.00 mussen awer vill Leit schaffen, virun allem am Gesondheetssecteur. Genee dann ass d’Gefill vun Onsécherheet am gréissten, an d’Rowdys notzen déi Lück. Wéi soll eng Infirmière roueg op d’Aarbecht goen, wann si weess, datt si eleng duerch d’Gefill vu Gefor muss?

Mir dierfen d’Aen net zoumaachen. D’Attacken sinn net isoléiert, mee de Symptom vun engem méi déifgräifende Problem, deen eng kloer a konsequent Äntwert verlaangt. Eng Policepräsenz muss gestäerkt ginn, besonnesch zu de sensibele Stonnen. Sécherheet däerf keng Auerzäiten hunn. D’Gare vu Lëtzebuerg ass e wichtege Knuetpunkt. Dausende Reesender kommen all Dag hei duerch. Si ass d’Visittekaart vun eiser Haaptstad – aktuell awer gepräägt vu Gewalt, Drogen a Rowdytum. Wëllt een, datt dëst d’Bild ass, wat Lëtzebuerg no bausse weist? Et ass Zäit ze handelen. Net muer, mee elo.

D’Autoritéite musse fir eng sichtbar, reegelméisseg an ofschreckend Policepräsenz suergen. Dat ass essentiel fir d’Vertraue vun de Bierger, d’Glaubwürdegkeet vun den Institutiounen an d’Sécherheet vun all eenzelen. Sécherheet ass kee Luxus, mee e fundamentaalt Recht. Soulaang d’Gesondheetsaarbechter, aner Employéen oder einfach Passanten d’Gefill hunn, si kéinten op hirem Wee op d’Aarbecht ugegraff ginn, soulaang hu mir als Gesellschaft versot. Mir dierfen net waarden, bis déi nächst Schlagzeil e weideren Affer zielt. Elo ass et Zäit fir Courage net bei deenen, déi Liewe retten, mee bei deenen, déi Verantwortung droen.