LeserforumVun Hippches op Hapches – oder déi gréng Transport- an Energiepolitik an der Praxis

Leserforum / Vun Hippches op Hapches – oder déi gréng Transport- an Energiepolitik an der Praxis
 Foto: Editpress/Hervé Montaigu

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Viru Jore war de gréngen Transportminister houfreg, d’Parkplaze laanscht d’Stroossen an op de Betribsterraien ze reduzéieren, fir datt d’Salarieeën net méi géife mam Privatauto op d’Aarbecht fueren. Amplaz dovun huet hie Busshuttelen, e.a. fir d’Frontalieren, agesat.

E puer Joer méi spéit war de gréngen Energieminister houfreg, Chargy-Bornen op de reschtleche Parkplazen opzeriichten, fir datt d’Salarieeë géife mam Privatauto, ass gläich, E-Autoen, op d’Aarbecht fueren.

An elo ass den Transportminister houfreg, datt hie vum 12. Februar 2023 un, 18 Buslinnen, déi d’Aarbechter op d’Schicht féieren an do ofhuelen, ofschaaft.

Da fueren d’Aarbechter ebe vun dann un alleguerte mat engem subventionéierten E-Auto (wann si sech dee leeschte kënnen) op d’Schaff – oder stinn da mat hirem „wat och ëmmer“-Auto am Stau. 

Mee esou ass dat mat der grénger Konsequenz: Viru Joren hunn ech an enger Walversammlung vun de Gréngen fir Duerfëmgehungsstroosse plädéiert. Ma do sinn ech awer zréckgepaff ginn. Haut plangt de gréngen Transportminister … Ëmgehungsstroossen.

Viru Jore sollte mir vum Bensinnsauto op den Diesel ëmklammen, du rëm vum Diesel op de Bensinn, haut vum Bensinn op den E-Auto a muer da wuel vum E-Auto op de Waasserstoff-Auto. D’Busentreprisen haten, fir d’Schichtaarbechter ze féieren, deier Busse kaf, déi kënnen si lo verschrotten an hir Clientë sollen elo E-Autoe kafen … bis si déi dann och verschrotte kënnen. Wéi gesot: vun Hippches op Hapches.

Phil
15. Dezember 2022 - 23.27

A la bonne-heure... Monopoly, Märklin, Fleischmann a Faller... do ass hien net ze schloen! D'Carrera Autobunn kënnt e besse kuerz, well dat jo mat individuellem Transport ze din huet. Mäi Gott, wat eppes!

MarcL
9. Dezember 2022 - 12.40

Déi Bussen a Chauffeuren déi op de genannte Linnen agespuert ginn kënnen op aanere Plaazen méi sënnvoll agesat ginn, nämlech do wou vill Leit besser Verbindunge bräichten.

Lionel
9. Dezember 2022 - 11.02

Allez allez, den Här Bausch wees genau wat leeft a wat gut ass a wat muss gemacht gin. ;-)