Donnerstag11. Dezember 2025

Demaart De Maart

LeserforumVun engem Faux-pas an en aneren …

Leserforum / Vun engem Faux-pas an en aneren …
Mir waarden op déi nächst Iwwerraschung! Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante

Et ass net de l’Aventure en Aventure, ma alt erëm eng Farce vum Minister Mischo. Esch, „ville de la culture et à vélo“ kritt e Sportsmusée op der „rouder Lëns“. Dat huet nach zu Esch gefeelt, well mir als Escher wëllen der Stadt Lëtzebuerg a puncto Museeën net hannendrun stoen.

Mäi léiwe Mischo, do has du erëm eng gutt gedréint, en Deal mat der Firma „IKO Real Estate“, d’Pläng, de Site, alles war virbereet, ouni d’Prozeduren ze respektéieren, ouni deng Partei-Kollegen kloer a gutt am Viraus ze informéieren. Du hues iwwerhaapt verréckt Iddien am Kapp, du häs missen zu Esch bleiwen. (Erënner dech nach un däi Walprogramm-Verspriechen „den Index un den Mindestloun unzepassen“.)

E Sportsmusée: Wat gëtt elo gesammelt? Dem Frantze Nic säi Vëlo vun 1924, dem Charly Gaul säin Ersatzrad vun 1958, dem Jeanny Dom seng Ping-Pong-Raquette, dem Marc Girardelli säi Schischong, dem Louis Pilot seng Fussballsstrëmp, dem Nancy Arendt seng Schwammkap, de Gebridder Schleck hiren Trikot, dem Mandy Minella seng Tennis-Jippchen an, net ze vergiessen, däin Turnsäckelchen …

Mir Escher wiere stolz op de Musée des Sports a bei der Aweiung déi grouss Enseigne kënnen ze bewonneren: „Musée national des sports Georges Mischo“. An elo ass alles op Äis geluet, et wor en Dram awer schéin. Mir waarden op déi nächst Iwwerraschung!

JJ
11. Dezember 2025 - 14.47

@Christiane,

köstlech.Bravo.