Vum Versuch, de Mindestloun just un d’Entwécklung vun de Paien am Privatsecteur ze koppelen.
Bekanntlech sinn eisen Minister an Deputéiert hir Indemnitéiten un de Punktwäert vun der Fonction publique gekoppelt; dat heescht all Kéiers, wann den Här Wilmes mat der Fonction publique eng Augmentatioun verhandelt, kritt hien an seng Minister Kolleegen-in an äis Deputéiert och déi selwecht Augmentatioun. An enger Petitioun, déi hoffentlech deemnächst ugeholl gëtt, fuerderen ech een Enn vun dësem Lien. Augmentatiounen sollen an ëffentlecher Sëtzung motivéiert, debattéiert a gestemmt ginn, genee wéi dat beim Mindestloun passéiert.
An där Petitioun fuerderen ech zousätzlech eng Kopplung vun den Indemnitéiten un d’Entwécklung vun de Realsalairen am Privatsecteur oder, besser nach, un de Mindestloun. A contrario soll den soziale Mindestloun (SM) un d’Entwécklung vun de Paien am ëffentleche Secteur gekoppelt ginn. Firwat sollen Empfänger vum SM manner gutt un der finanzieller Entwécklung vum Staat participéieren ewéi d’Fonction publique?
An deem Moment, wou ech d’Petitioun agereecht hunn, wor mer dem Här Mischo säi Versuch, den SM un d’Entwécklung vun de Salairen, ausser deene vun der Fonction publique ze koppelen, nach net bekannt. Säi Versuch ass dann och den direkte Beweis (eng Steilvorlage oder gefundenes Fressen, soen se an Däitschland), datt ech richteg louch, an et ass och ee Beweis, datt d’Fonction publique an der Vergaangenheet net schlecht ewechkoum. De Brutto-Mediangehalt (= 50% verdénge méi a 50% verdénge manner) läit am Privatsecteur bei 4.443 Euro pro Mount an am ëffentleche Secteur bei 9.000 Euro, also méi wéi dat Duebelt, a fir déi zwee Secteure bei 4.764 Euro. Dat ass ee Beweis, datt de Reproche vun der sozialer Apartheid vum LCGB-Präsident net aus der Loft gegraff ass. Et gëtt als Schutzbehaaptung ëmmer gesot, jidderee kann sech jo mellen, fir bei de Staat ze goen. Dat stëmmt natierlech net. Am Privatsecteur ass een och der Konkurrenz mat Net-Lëtzebuerger, déi hei wunnen, respektiv mat Frontalieren, jo souguer mat Leit, déi vu wäit kommen, ausgesat. Fonction publique ass eng chasse gardée fir de Lëtzebuerger mat Walrecht.
Kee Wonner beim Intressekonflikt vum Här Wilmes a senge Virgänger. Kee Wonner och, datt d’CGFP vermut dat den Här Mischo versicht, ee Käil zwëschent dem privaten an dem ëffentleche Secteur ze dreiwen. Dat Ganzt gëtt gekréint mat dem Versuch, de Gewerkschaften hir Roll bei faire Kollektivverträg am Privatsecteur ze schwächen. Wei wär et mat enger Stäerkung vun der Regierung als Vertragspartner vun der CGFP? Et geet duer, datt d’Walmuecht an domat Drockmëttel vun der ëffentlecher Funktioun grouss genuch ass.
Bei enger vun deenen zwou Methoden, déi an der Direktiv virgesi sinn, soll den SM de Brutto-Mediangehalt (natierlech gouf déi bëllegst vun deenen zwou Methode geholl) erreechen. Aktuell ass den SM fir een onqualifizéierten Aarbechter 2.703 Euro.
Beim Mediangehalt vun deen zwee Secteure géing de Mindestloun op „sagenhaft“ (sic) 2.858 Euro erop (+ 155 Euro). Huelen ech d’Fonction publique eraus, sinn et fantastesch, iwwerdriwwen an net ze verantworten (sic) 2.665 Euro, also ee Minus vun 38 Euro.
Den Här Mischo behaapt: „Le salaire minimum se situe actuellement autour des 2.600 euros. Les deux exemples de méthode de calcul cités dans la directive (60% du salaire médian brut et 50% du salaire moyen brut) mèneraient selon les chiffres présentés par le Ministre à des augmentations annuelles de respectivement 359 millions d’euros sur le secteur privé et 68 millions d’euros sur le Fonds pour l’emploi pour l’option à 60% du salaire médian brut (menant à un salaire minimum autour des 2.900 euros) et 634 millions pour le secteur privé et 120 millions pour le Fonds pour l’emploi pour l’option à 50% du salaire moyen brut (pour un salaire minimum autour des 3.100 euros).
Elo rechent mol aus, wéi vill SM-Empfänger am Land schaffe missten, fir op dës zousätzlech Dépensen ze kommen.
Ass et net schummenswäert, datt am räiche Lëtzebuerg den SM no uewen ugepasst muss ginn? Et ass een Aveu, datt déi ënnescht Schichten net hir fair Part un der Entwécklung kritt hunn. Et ass also ëmverdeele vun uewen no ënnen.
Wéi pervers ass et, just bei de Mindestléin fir Leit, déi eis Drecksaarbecht maachen, esou eng Fuddelerei ze probéieren? Dat ass natierlech keen Zoufall. Den Här Mischo, den CEO a seng Kolleegen mam S am Parteinumm (nodeems den C scho méi laang keen Thema méi ass … genee wei séit laangem de V) wëssen, datt Empfänger vun de Mindestléin zum gréissten Deel entweeder Frontalier oder Awunner ouni Walrecht sinn. Mat deene kann ee jo mol probéieren, ouni eppes ze riskéieren (Minister Mischo 26.2.2025).
Vun de Salariés résidents an der Gemeng Ettelbréck kréien iwwregens 32,94% de Mindestloun an zu Wolz souguer 54,29%. Nord-Politiker, wiert iech.
Et ass och gewosst, datt ënner den SM-Empfänger Fraen an Elengerzéiend iwwerrepresentéiert sinn. Datt ausgerechent eng Partei mam S am Parteinumm (nodeems den C scho méi laang keen Thema méi ass) sech duerfir higett, ass méi wéi ze bedaueren.
Datt bei der geplangter Erweiderung vun der Sonndesaarbecht déi nämmlecht Working-Poor-Leit viséiert sinn, ass keen Zoufall. Hei geet et haaptsächlech drëm, deene groussen Akafs-Center aus dem Norden entgéintzekommen, datt si weider den Dout aus dem Zigaretten- an Tubakhandel méiglechst laang, am léifsten 7/7 an 24/24, an d’Belsch respektiv an Däitschland exportéiere kënnen an eise Staat dank Taxen a Steieren op seng Käschte kënnt. „Cette augmentation vient principalement des droits d’accises sur les tabacs manufacturés qui augmentent de 65% pour atteindre 323 millions d’euros au 31 mars 2025. Le Ministre a expliqué cette évolution par des achats liés à l’augmentation des taxes sur les cigarettes.“ (Minister Roth de 6.5.2025)
Een Trimester Accisen op den Tubak ginn duer, fir d’Käschte pro Joer vun der Upassung vum SMI un de Mediangehalt vun deenen 2 Secteuren ze decken.
Dir Hären Spautz an Galles, wéi wär et mat Lektiounen a Saache kathoulescher Sozialléier respektiv Grondkenntnisser vum Alen Testament? Deen neie Poopst wëll sech um Leo XIII. inspiréieren. Dësen hat an senger Enzyklika Rerum Novarum ee gerechte Loun als déi wichtegst Flicht vun all Patron ugesinn an ee Verstouss dogéint als ee grousst Verbrieche bezeechent, dat vum Himmel bestrooft misst ginn. Och de Respekt vun der Sonndesrou wor him wichteg. Dës Rou sollt och net als Geleeënheet gëllen, fir iwwerflësseg Ausgaben ze maachen. De Leo XIII. konnt sech dobäi op dat Alt Testament beruffen, wou steet: „Pass op, datt du de Sabbath hellegst.“ Den Härgott huet sech sëlwer doru gehalen, well nodeems hien de Mensch geschaf hat, gouf en eis ee Virbild: „Er ruhte am siebten Tage von jedem Werke, das er geschaffen hatte.“
		    		
                    De Maart
                
                              
                          
                          
                          
                          
                          
                          
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können