Dienstag11. November 2025

Demaart De Maart

LeserforumRéalitéitsverweigerung

Leserforum / Réalitéitsverweigerung

Sécher ass et positiv, datt eng (ganz knapps) Majoritéit vun den Tageblatt-Lieser d’Gefor vun der Klimakris gesäit. Ma dräi Joer nom Paräisser Ofkommes hat ech fir d’Revue eng Coverstory dozou geschriwwen, immens vill zum Sujet recherchéiert an als Papp vun zwee klenge Kanner léisst mech dat Thema zanterhier net méi lass … 

An éierlech gesot dinn ech mech schwéier domadder, déi restlech 49 Prozent ze verstoen. Ausser 2008 an 2020 ginn eis Emissiounen och 30 Joer no der éischter Klimakonferenz nach ëmmer weider an d’Luucht. Esouguer falls all Versprieche vu Politik an Industrie zanter Paräis géingen agehale ginn – ee gudden Deel sinn nach eidel Wierder an Ziler an der mëttelfristeger Zukunft, wou kee weess, wéi dat soll goen, an anerer wëllen oder hunn Industrie a Politik schonn nees kasséiert – si mer ënnerwee op fatal mindestens +2,7 °C am Joer 2100.

Bei hire Prognose sinn d’Wëssenschaftler dann éischter konservativ a bis elo si mer bal ëmmer an de Worst-Case-Szenarien, weise sech vill Wëssenschaftler ëmmer nees iwwerrascht, wéi séier sech d’Klima an d’Welt änneren. An ech, wéi wéineg mir änneren.

Ännerunge maachen Angscht, mee wa mir eis net änneren, dann ännert eis d’Klimakris. Onverantwortlech fannen ech dobäi, dass vill Politiker, wuel aus Angscht virum Wieler, géint all Fakten a wuel och géint bessert Wësse maachen, wéi wa mer mat e puer klenge kosmetesche Korrekture kéinte weidermaache wéi elo. Well
si nach keng wierklech Léisung hunn, vertréischten se eis op Netto-Null 2050 a këmmere sech fir de Rescht ëm dat komplizéiert Dagesgeschäft.

Ma all Tonn Dreifhausgasen elo hëllt eise Kanner oder Enkelen an 20 oder 30 Joer nach méi Spillraum. Wäerten an enger Welt vu +2 °C eis heiteg grouss Krise kleng ausgesinn. Ma leider wäert de Konstat vum wierklechen Handelen och no der 30. COP nees sinn: too little, too late.