Freitag2. Januar 2026

Demaart De Maart

LeserforumNoruff: An dankbarer Erënnerung un de Jos Steinbach

Leserforum / Noruff: An dankbarer Erënnerung un de Jos Steinbach

Et war op engem vereente Méindeg um Kierfecht zu Diddeleng, wou Turner vun Nidderkuer mam Veräinsfändel dem Jos op sengem leschte Wee fir ëmmer Äddi gesot hunn. De Joseph Steinbach gouf de 16. Juni 1944 gebuer a ass friddlech mat 81 Joer zu Schëffleng am Fleegeheem entschlof. Bestuet gouf de Jos mam Cécile Weber, dat sech bis zum Schluss iwwer all Héichten an Déiften ewech em säin „Josy“ gesuergt huet. Aus dësem Mariage goung ee Fils, de Claude, an eng Duechter, d’Nadine, ervir, déi sech wéi hire Papp fir Turnerei intresséiert hunn. Säi ganze Stolz waren seng dräi Enkelkanner Pit, Liz a Zoé. Seng Léier huet de Jos nach op der Schmelz bei der Arbed gemaach. Bei der Firma ENERGIE zu Foetz war hie mat vill Asaz bis zu senger wuelverdéngter Pensioun als Administrateur fir Installatioune vun Héichspannungsleitungen zoustänneg.

No enger Abberzuel vu Joren am Comité vun der „La Liberté“ huet de Jos vun 1992 bis 1996 sech virbildlech ëm den Turner hir Keess gekëmmert. Hie war kee Mann vu grousse Wieder, e rouegen, bescheidenen a virun allem e gutthäerzege Mënsch, dee, ganz niewebäi gesot, och gäre gedanzt huet. Nieft dem Turnsport war de Jos och ee leidenschaftleche Volleyballspiller. Hien war och mat senger imposanter Statur an de 70er Joeren ee vun de Piliere vum „Athlétique Club Niederkorn“ (UAN) an huet zu gudder Lescht och nach an der éischter Equipe vum FC Progrès Nidderkuer gespillt. Eng Sportskanoun duerch a duerch. Et koum och net vun ongeféier, datt hien no senger aktiver Sportlerzäit sech direkt als Juge engagéiert huet.

Seng vill Talenter a ville Beräicher hunn hien zu enger Perséinlechkeet gemaach, di keen him streideg maache konnt. Fir all seng Meritten huet hie mat Recht den Titel vum Éiere-Vizepresident gedroen. D’ganz Turnerfamill trauert ëm säi fréieren Turner, Liicht- a Schwéierathlet, Stemmer, Juge, Comitésmember, Keessjee a Mataarbechter, deen seng ganz Fräizäit mat Läif a Séil an de Club investéiert huet. Heimadder soe mir dem Jos Steinbach e leschten Äddi a Merci fir all déi onvergiesslech Momenter. Mär wäerten hien a gudder Erënnerung behalen an drécken der ganzer Famill a Frënn eist déifste Matgefill aus.