26. November 2025 - 7.01 Uhr
LeserforumNordstad-Subside … wéi vill Prozent vu wat?
An der Nordstad gëtt diskutéiert, wéi vill Suen d’Politik prett ass, op den Dësch ze leeën, fir d’Fusioun schmackhaft ze maachen. Et geet ëm d’Interpretatioun vun de Bestëmmungen iwwert d’Verdeele vum Fonds de dotation globale des communes (FDGC) a wat 25% méi wierklech bedeiten. Dem Buergermeeschter vun Ierpeldeng gëtt virgehäit, d’Wourecht nit ze soen, jo souguer ze léien. Et muss ee wëssen, datt de Minister Gloden de Gemengen Ettelbréck, Dikrech an Ierpeldeng-Sauer schonns fir 2025 ee finanzielle Virschoss ginn hat, well d’Landesplanungsgesetz vun 2023 deenen dräi Gemengen de Statut vun engem CDA national (Centre de développement et d’attraction) unerkannt hat. Ech hat mer schonns geduecht, datt dee gutt gemengte Geste Waasser op d’Mille vun de Géigner bedeit, well et fir si eng Ursaach manner géif, fir ze fusionéieren.
D’Gesetz iwwert d’Verdeele vum FDGC gesäit vir, datt et fir d’éischt eng Dotatioun forfaitaire fir all Gemeng gëtt. „Le solde est réparti à raison de 82 pour cent entre les communes d’après la population ajustée, cet ajustement étant défini en fonction de critères d’aménagement du territoire et de densité …“
Ech ka mech nëmme verwonnere, wéi wéineg eis Duerfpolitiker sech bei deene Krittären auskennen.
Et wor kloer, datt et ni konnte plus 25% fir de Calcul vun der Populatioun ajustée ginn. Et gëtt duerfir zwou Ursaachen: 1) de Verwässerungseffekt vum héije Multiplikatiouns-Taux vun der Stad Lëtzebuerg an 2) den negativen Effekt vun enger ze klenger Densitéit vun der Awunnerschaft an der Nordstad (dëse gouf et awer elo och schonns fir déi véier Gemengen ).
Populatioun ajustée gëtt gerechent, andeems een:
A) d’Awunnerzuele mat 1,45 (Stad Lëtzebuerg), déi vun Esch mat 1,25, déi vun Ettelbréck an Dikrech mat jeeweils 1,1 an déi vu 14 aner Gemengen, dorënner Ierpeldeng-Sauer, mat 1,05 multiplizéiert. Et brauch ee kee Finanzgenie ze sinn, fir erauszefannen, datt den Taux vun 1,45 fir d’Haaptstad d’Populatioun ajustée vun all Gemenge verwässert, y compris déi vun der zukünfteger Nordstad.
B) der Densitéit vun den Awunner Rechnung dréit. Fir dës gëtt et een Ajustement linéaire vu -5% = fir 0 Awunner bis +5% = fir max. 2.000 Awunner pro km2. Ierpeldeng, mat aktuell där niddregster Densitéit, kritt fir seng 2.500 Awunner ee Minus vu bal 4%. Dat heescht, et bleiwen der nëmmen nach 2.400 iwwreg. Déi véier Gemenge krute bei dëse Krittären alleguer ee Minus. D’Nordstad kritt logescherweis deeselwechte ponderéierte Minus. Just Esch an d’Haaptstad kréien iwwregens hei on top nach de Maximum vu 5% bei der Populatioun derbäigerechent. Dat si fir d’Haaptstad da schonns plus 50%. Et ass duerfir kee Wonner, datt eis Haaptstad an de Sue schwëmmt an dee gréissten Deel vun de Gemengen nit weess, wéi d’Änner beieneekréien.
Et brauch een duerfir nëmmen d’Dokument vum SIGI „Impact recalcul de la dotation FDGC – base décompte 2018“ (Date-Säit 20) ze studéieren. Hätt een dëst nämlech studéiert, wär engem opgefall, datt, wéinst enger ze klenger Densitéit, d’Awunnerschaft vun Ierpeldeng vun 2.339 op 2.237 zeréckgaange wär. Ettelbréck (665 Awunner pro km2) an Dikrech (591) ginn allerdéngs bei enger Fusioun bei dem Krittär benodeelegt an Ierpeldeng (144) a Schieren (204) profitéieren.
Dat ass och esou fir déi aner Verdeelungskrittäre vum FDCG, dem „Indice socio-économique“, de „Logements sociaux“ an der „Surface ajustée“. Et ass duerfir erstaunlech, datt déi zwou grouss Gemengen ëmmer virgehäit kréien, si géifen aleng profitéieren. Si zielen, wann et dann iwwerhaapt Verléierer géif, als eenzeg dozou.
Wéi kann een iwwerhaapt individuell Dotatioune vun nëmmen dräi Gemenge mat der globaler Dotatioun fir véier Gemenge vergläichen?
Dat op den 12.11.2020 datéiert Dokument „Analyse comparative des 5 communes 2020-2030“ ass a wor eng Pflichtlektür vun all Nordstad-Politiker a besonnesch deene vun Ierpeldeng. Et soll een déi deier Etüden a Gesetzer studéieren a sech domat vill Froen erspueren.
Mir solle mol e bësse méi bescheide sinn an an de Süden an de Speckgürtel vun eiser Haaptstad kucken. Do spillt d’Musek a bei eis gëtt gestridden an intrigéiert. Zënter 2015 ass der Haaptstad hir „Populatioun ajustée“ ëm bal 25% an d’Luucht gaang – der Nordstad hir nëmmen ëm 14,8%. Geet dat esou weider, gëtt d’Dëppe vum FDGC fir déi aner 99 Gemengen ëmmer méi kleng. Duerfir ass de Luef fir déi Stater Finanzgenien ze relativéieren, an d’Gesetz gehéiert op de Leescht geholl. Lo ass et awer esou, datt an der Stad an an der Regierung eng DP-CSV- respektiv eng CSV-DP-Koalitioun d’Soen huet. Wéi sot den Dan Kersch mer deemools bei der Reform vun de Gemengefinanzen? – Ouni d’Lydie leeft näischt! A wou e Recht hat, do huet en elo nach ëmmer Recht.
Am Staatsbudget 2026 gëtt et ee Posten „Subvention à la Ville de Luxembourg en tant que capitale du pays et siège d’institutions européennes“ mat EUR 1.000.000. Dat schéngt mer elo awer e bëssen iwwerdriwwen. Do fällt mer just nach de Psalm 127, Vers 2 an: „Es ist umsonst, dass ihr früh aufsteht / und euch spät erst niedersetzt, um das Brot der Mühsal zu essen / denn der Herr gibt es den Seinen im Schlaf.“
De Maart
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können