Zanter dem September 2024 dierft d’Gemeng Bettenduerf quasi jidderengem hei zu Lëtzebuerg ee Begrëff sinn: 3 Gemengerotsofstëmmungen, 1 Referendum, eng Jett Zeitungsartikele souwéi Radio- a Fernseereportagen. An de soziale Medie wor net manner lass: Et gouf kommentéiert, geliked a sou munche Smiley verdeelt. Och ee Facebook-Video ass viral gaangen. Vum Klappen op d’Press mol guer net ze schwätzen. Am Resumé kann ee wuel soen: „Du jamais vu!“ Op dat an deenen anere Fusiounsgemengen an der Zäit och sou ofgelaf ass? Hoffe mer mol net. Vläit suergt dat ganzt Gedeessems wéinstens dofir, dat deen een oder aneren seng Vakanz hei heem um Camping zu Bettenduerf verbrénge wäert, fir déi Gemeng nach besser kennenzeléieren. Mee de Geck an den Eck.
Nodeems den Inneminister viru kuerzem kee Formfeeler bei der Gemengerotssëtzung am Abrëll zréckbehalen huet, ass d’Fusioun fir Bettenduerf dann och elo definitiv giess an d’Gemidder wärten sech hoffentlech erëm berouegen. Et konnt ee jo schonns bal Angscht hunn, d’Welt géing ënnergoen, wann d’Gespréicher (!) géinge weidergefouert ginn. Ëm eng definitiv Fusioun wär et nämlech eréischt 2027 gaangen. D’Resultat vum Referendum am Mäerz wor awer wuel ee gudde Grond fir verschidde Gemengeréit, léiwer op Nummer sécher ze goen.
Insgesamt gouf zu Bettenduerf 4x doriwwer ofgestëmmt. De Gemengerot huet sech 3x majoritär (2x mat 7-4) dergéint ausgeschwat, d’Awunner am Referendum awer dofir (57% zu 43%). 4 Walgäng waren iwwregens och zu Roum viru kuerzem néideg, fir ee neie Poopst ze wielen. Do huet et duerno awer wéinstens wäiss aus dem Kamäin gedëmpt. No der Ouschtervakanz ass de Gemengerot nämlech bei sengem „Nee“ bliwwen. Keng grouss Iwwerraschung. Datt de „Nee“ Zouwuess krut, awer schonns.
D’Kiischt um Kuch wor nämlich, dat de leschte Vott 8-3 ausgaangen ass, well der 2, déi bis elo ëmmer fir eng Fortsetzung vun de Gespréicher woren (Simone Hoffmann an Albert Back), elo awer op eemol dergéint woren. Dat den 2. Schäffe Lucien Kurtisi nom Referendum sech ëmdecidéiert huet, ass jo nach argumentativ novollzéibar, dat anert éischter net. Stelle mer eis nëmme kuerz vir, et hätt nach een aneren dem 2. Schäffen et nogemaach: Déi 4 vu bis elo + 2 neier = 6.
D’Ofstëmmung féiert awer zu der interessanter Situatioun, dat zumindest de Schäfferot zum Schluss mat 2-1 dofir wor. Bis dohi stoung de Buergermeeschter Patrick Mergen nämlech eleng do. Elo dann eben säin 1. Schäffen Andy Derneden.
An de véier anere Gemengen dierft sech d’Enttäuschung awer a Grenzen halen. Ze vill Parzeläin ass déi lescht Méint zerbrach ginn. A wat fir engem Klima wären déi Gespréicher och viru gefouert ginn?
Viru kuerzem huet een ironesch gemengt, se hätten dat Ganzt da wuel besser am Kader vun „Al Dikkrich“ ofgehalen. Mam „Nordstad“-Bus kënnt ee jo gutt dohin.
Op déi nächst Gemengewalen däerf ee jiddwerfalls méi wéi gespaant sinn. Wie wäert wuel „Mission accomplie“ soen an net méi untrieden?
De Maart
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können