Mittwoch5. November 2025

Demaart De Maart

LeserforumMarie Schreiber, ee sympathescht Cyclocross- Meedche mat ganz vill Talent a Pepps

Leserforum / Marie Schreiber, ee sympathescht Cyclocross- Meedche mat ganz vill Talent a Pepps
 Foto: Editpress/Luis Mangorrinha

Ay, Marieke, Marieke, on t’aime tant – dans les Cross et par ailleurs – sous le ciel flamand entre Bruges et Gand: Dëse Refrain am bekannte Lidd vum grousse Jacques Brel, hu mir fonnt, géif ganz gutt bei eis jonk an talentéiert Cyclocross-Fuererin Marie Schreiber passen, wat virun e puer Deeg elo, den 21. Dezember, kuerz viru Chrëschtdag, d’Konschtstéck fäerdegbruecht huet, ee Laf vum Weltcup an der populärer Radsportdisziplin ze gewannen!

Ee ganz heemleche Wonsch aus eisen allerkéngsten Dreem goung esou fréizäiteg an Erfëllung an hat huet domadder fir eng vun deene schéinste Chrëschtdags-Iwwerraschunge gesuergt, déi een sech iwwerhaapt denke kann. Méi ee schéinen an onbezuelbare Kaddo fir ënnert säin eegene Beemchen, an dee vun all sengen iwwert d’ganz Land verspreete Supporteren hätt ee wuel kaum, och net emol an engem vun eisen allerdeierste lokale Shopping-Center fanne kënnen!

Als Schreiwert hu mir et awer, obschonn op der Zong, wohlweislech, déi Kéier ënnerlooss, ee bëllegt Wuertspill mat sengem Familienumm, du Genre „Schreiber schruw Cyclocross-Geschicht“ ze maachen, well mer eis am Viraus denke konnten, wat dann och tatsächlech de Fall sollt sinn, dat „Full-time“-Kolleegen schonn den aneren Dag géifen domadder an hiren Titele spillen.

Och vum „je vous salue bien bas Marie, pleine de grâce sur votre vélo“, duerch déck an dënn „à travers champs et sous-bois jolis“, etc. hu mir bei aller Léift dach léiwer ofgesinn! Ee weidere klenge Spaass, an zwar deen, dat säi lokalen Home-Trainer am Alldeeglechen den Amerikaner John Deere wier, konnte mer eis dach awer néck verquëssen. Ma net iwwerdriwen ass et awer, ze behaapten, dass dat iwwerall beléifte Meedchen, deem säi Fan-Club stänneg wiisst, elo schonn um gudde Wee ass, fir eng echt Ikon ze ginn …

Chapeau-bravo, wouah, super, a kaum ze gleewen, dëst ass eis awer, a wuel nach villen aneren, hei am Land, spontan entfuer, wéi mer ënnen um RTL-Text gelies hunn, datt hatt zu Hulst an Holland d’Manche vum Weltcup gewonnen hätt! Op der Foto uewendriwwer konnt ee gesinn, wéi hatt mat den Ärem an der Luucht an am Leadertricot vun den U23 mat e puer Bulli-Speechelen am Gesiicht erliichtert an iwwerglécklech iwwert d’Arrivée gefuer ass, a mer waren doropshin immens frou an houfreg fir dat talentéiert an erfrëschend léift jonkt Meedchen aus deem zwar provenziellen, ma dynamesche Préizerdauler Vëlo-Westen! Schued, dat de Pilo Fonck als Speaker net méi aktiv ass, hien hätt sech bestëmmt, wéi an alen Zäiten, aus Begeeschterung nees iwwerschloen …

Wuel haten seng rezent exzellent Resultater um héchsten Niveau, eng zweet Platz (Enn Oktober, hannert dem Luci Brand zu Woerden) a weider drëtt respektiv fënneft Klassementer, zu Antwerpen an Namur, ouns en etlech „Top Ten“-Placéierungen, schonn an déi Richtung higedeit, ma datt et mat senger Progressioun esou schnell kéint goen an hatt elo scho fir eng Victoire um allerhéchsten Niveau a Fro géif kommen, hate mer eis dach net erwaart …!

„Le talent n’attend pas le nombre des années“, seet de Fransous, an dëst Spréchwuert schéngt och voll op eis sympathesch, eréischt 21 Joer jonk Senkrechtsstarterin, bekannt duerch säi fulminanten „départ“, ze passen!

Schonn déi lescht Saison ware mir op „d’Rakéit vum Reimbierg“ opmierksam ginn an hu mat groussem Interessi seng Evolutioun verfollegt. De Réckschlag no senger kierzlecher Enttäuschung bei der EU-Meeschterschaft, wou hatt sech der opportunistescher klenger Franséisin am Sprint geschloen huet misse ginn, nodeems déi d’ganz Course iwwer bei him hannen am Rad gefuer a vu senger Féierungsaarbecht profitéiert hat, huet hatt schnell ewechgestach an derzou motivéiert, fir Revanche ze huelen an nach méi staark zeréckzekommen. Dëst ass en Zeeche vu grousser Charakterstäerkt an Éiergäiz, ma och a Saachen Taktik huet hatt vu sech aus „sur le tas“ an am Gespréich mat dem Trainer Drucker vill a schnell bäigeléiert. De Jempy, deen als Nationaltrainer gutt Aarbecht leescht, ma deen awer net nëmme mir perséinlech nach ganz gäre selwer am Cyclocross eng, zwou Saisone weider hätte wëlle fuere gesinn!

Fir d’Marie an Aktioun ze gesinn, hunn ech eng Ausnahm gemaach a sinn dëst Joer Ufank November op Contern gefuer, wou ech dach soss, no der laanger Triebel-Ära, net méi vill mat deenen anere lokalen „Hingercrossen“ um Hutt hunn an et virzéien, fir dach normalerweis léiwer gemittlech doheem op Eurosport „Extra-Crossen“ ze kucken a vum Canapé aus ze genéissen. Uewen am Pesch, no bei der schéiner, décker, aler Eech, hu mir d’Marie vun no bewonnere kënnen, wéi hatt schwungvoll dee géie Stouss, graziéis an agil wéi säi kierzlech verstuerwene Border-Collie „Dino“, mat enger Mëschung aus Technik a Kraaft, eropgeschoss ass, wärend déi allermeeschte vu senge Konkurrentinnen do net am Suedel eropkoumen a matzendran stieche blouwen!

Hatt ass dee gëftegen „raidillon“ grad esou performant eropgeflunn wéi Jore virun him scho männlech Cyclocross-Cracken ewéi Fisera, Simunek, Liboton, Declerck, Herijgers, Vanthourenhout, den Drucker-Duo, Jemp a Jempy, ouni bei der Opzielung do de Claude Michely ze vergiessen! Fréier waren do Trape fir erop, déi d’Conterner Comat-Bridder, den Alain an de Claude, mat enger vun hire Maschinnen an Zwëschenzäit awer, an null Komma(t) nix, dem Buedem gläichgemaach hunn. A propos Michely: Et gesäit elo schonn aus, wéi wann hatt de Claude, dee bekanntlech deen hei am Land dichtegste Palmarès an där Disziplin, mat als Haapt-„Fait de gloire“ enger Bronzemedail op der WM 1985 zu München opweises huet, nach geschwënn iwwerdubberen kéint!?

Dat „klengt“ Schreiber fiert ganz grouss a steet respektiv ass schonn ouni Zweifel elo virun (matzen an) enger grousser Karriär! Wann hatt op deem Niveau weiderfiert, wäert hatt vu sengem Sport liewe kënnen an sech net brauchen, wéi anerer, embrigadéieren ze loossen, fir iwwert d’Ronnen ze kommen.

„Wann näischt sollt draus ginn als Profisportlerin, dann ass dat net esou schlëmm, da ginn ech eebe ganz gären zeréck op eise Bauerenhaff“, soll hatt, wéi de „Buddy“ Triebel mir erzielt huet, scho vrun engem Joer gesot hunn! Dës spontan an erfrëschend Äntwert an Astellung huet eis zousätzlech erfreet an och soss a ville Kreeser ronderëm zu senger elo scho grousser Popularitéit bäigedroen. Als absolutten „Bio-produit du terroir“ gëtt et der am „Daul“ elo mol, vum Loïc Bettendorff ofgesinn, net vill esou schneller wéi Schreibesch hiert – mat Ausnam vläicht vum fréieren illusteren a regrettéierten Auto-Rallyes-Pilot dem Néckel Koob alias „Kuebe Néckel“ natierlech …!

D’Marie Schreiber ass vum Land a steet derzou, an datt hatt esou besonnesch gutt als „Veldrijderin“ an de „labourés“, wéi Wallouner fir de Cyclocross soen, eens gëtt, ass e schéint Symbol a passt wonnerbar!

Ofschléissend sief bemierkt, datt Fraen awer, mat virop den Amerikanerinnen, eréischt iwwert de Mountainbikesport, wou se duerch hir Leeschtungen de Beweis erbruecht hunn, datt se duerchaus fäeg sinn, fir och am „tout terrain“ ze performéieren an esouguer mat de Männer matzehalen, den Zougang zum spezifesche Cyclocross fonnt hunn. Do huet de V.T.T. och hei am Land – mir waren deemools an de Sëtzungen, wou dëst zur „Debatt“ stoung, mat derbäi * – eng wesentlech Virreiderroll gespillt an esouzesoen, als Virstuf an „Tremplin“ gedéngt, fir sech géint eng ufanks staark skeptesch a konservativ Männerwelt, souwuel an de Landesverbänn wéi vrun allem och an der UCI, mat hirer Fuerderung iwwerzeegen an sech duerchsetzen ze kënnen!

* sou zum Beispill hei am Land d’Suzie Godart, wat vum Mountainbike an no enger couragéierter Leeschtung 1994 op der Mountainbike-WM zu Metabief, parallel zum V.T.T. mat dem Cyclocross ufänken a bis haut weiderfueren huet dierfen a kënnen!