LeserforumMam Luc Frieden géint de soziale Fridden?

Leserforum / Mam Luc Frieden géint de soziale Fridden?
 Symbolfoto: Pixabay

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Wann Steierpolitik d’Aarbecht strooft a Spekulatioun fërdert.

Mir mussen eppes änneren. Mir mussen eppes änneren, wa mer wëllen an Zukunft zesummeschaffen a konstruktiv kreativ Léisungsvirschléi fir déi nei Defien, déi op eis waarden, fannen.

Am Oktober wielt een Deel vum Land an net all Partei schéngt d’Iddi vum Matenee wierklech ze verstoen. D’CSV kennt ee Spëtzekandidat: de Luc Frieden. A mam Luc Frieden senger Propos, duerch massiv Steiersenkunge grouss Entrepreneuren an Investisseuren an d’Land ze lackelen, hu mer net just eng ekonomesch schwiereg Ausso begéint. Dëst gouf well diskutéiert. Virun allem schwéngt hei eng moralesch Verwerflechkeet mat, déi een op den éischte Bléck vläicht net bemierkt, mee déi entgéint engem gesonde Mateneen an der Zivilgesellschaft wierkt. Ee Mateneen, wou jidderee gläichwäerteg betruecht gëtt, an net no Image oder sozialem Status bewonnert oder belächelt gëtt.

Wann d’Investissementer manner besteiert gi wéi d’Aarbecht, da kéim et zu méi Investissiounen, sou d’Hypothees. De flotten Effekt: méi Wirtschaftswuesstem, dee jo säit éiweg als gëllent Päerd gehandelt gëtt. Klengt op den éischte Bléck an deem Paradigma ganz okay, de BIP soll jo méi staark ginn. Wa mir also dovun ausginn, dass méi Investisseure gutt fir de BIP sinn, well se duerch hire grousse wirtschaftlechen Afloss Wuesstem schafen, da sollten se och mat niddrege Steiere belount ginn, sou d’Argument.

Awer: Wat heescht dat fir déi Leit, déi am Land schaffen? Déi Leeschtung bréngen, déi vill Stonnen d’Woch dofir suergen, dass d’Gesellschaft liewe kann an den Alldag rullt?

Oft gëtt een Ënnerscheed gemaach: tëscht deenen, déi ee grousse Bäitrag fir d’Wirtschaft leeschten, an deenen, déi vun de staatleche Leeschtunge profitéieren, souguer méi, wéi si u Steiere bezuelen. D’Suerg vum Abus ass allgéigewäerteg: Wat ass, wann et méi Leit ginn, déi profitéieren, wéi där, déi sech fir d’Gesellschaft druginn?

D’Rana Foroohar schreift fir d’Financial Times am Ressort Ekonomie a si weist ganz novollzéibar, dass di eigentlech Profiteure vun eisem Wirtschaftssystem déi Leit sinn, déi am Finanzwiese schaffen, déi spekuléieren an ongleeflech vill Geld maachen, an dobäi der Realwirtschaft, dem Alldag, näischt Konkretes bréngen. (Foroohar, Makers and Takers, 2016)

Deemno sinn déi Investisseuren, fir beim Frieden-Paradigma ze bleiwen, grad déi, déi onmoosseg verdéngen, Ongläichheete fërderen an domat keng Hëllef fir d’Wirtschaft sinn: Si maachen net méi Geld fir d’Ëffentlechkeet, si schafen net méi Aarbechtsplazen, si bezuelen am Verglach zu hirem Akommes déi mannste Steieren a bestäerke Geschäftsmodeller, déi engem nohaltege Wuesstem kontrastiv géintiwwerstinn.

Wie wierklech der Gesellschaft eppes bréngt, sinn déi Leit, déi an der Realwirtschaft schaffen, déi Wuere produzéieren, Déngschtleeschtungen ubidden, déi produktiv an Aarbecht investéieren, déi dem Mateneen eppes bréngt. Mee wéi ginn d’Leit aus der Fleeg, aus dem Bau- oder Botzsecteur, am Horeca oder kleng Entrepreneuren a Betriber, wéi gëtt hir Aarbecht duerch eis Politik wäertgeschat? Iwwerhaapt net. Verschiddener bezuele méi Steiere wéi déi grouss Investisseuren, déi als Image sollen hunn, eisem Land eppes Guddes ze bréngen.

Mam Choix, esou Rise manner Steieren unzebidde wéi deene Leit, déi Dag fir Dag tatsächlech eppes fir d’Land a seng Leit maachen, ass eng total Ofschätzung vun der realer Aarbecht an den Aarbechter geschitt. Et beweist, dass den Image vum Bäitrag vu groussen Investisseuren zur nationaler Ekonomie op wackelege Been steet, ausser, wa fest dru gegleeft gëtt. Souguer dann, wann et onmoralesch ass an d’Spaltung vun der Gesellschaft nach weider ufeiert.

Mac
9. August 2023 - 8.35

Sagt der Mann der drei Anläufe gebraucht hat um ein Budget hin zu bekommen,damals, als Finanzgenie.