Sonntag21. Dezember 2025

Demaart De Maart

LeserforumSwift Hesperange vs. UEFA an FLF

Leserforum / Swift Hesperange vs. UEFA an FLF

Jetzt weiterlesen!

Für 0,99 € können Sie diesen Artikel erwerben:

Oder schließen Sie ein Abo ab:

ZU DEN ABOS

Sie sind bereits Kunde?

Léif Leit vum Conseil d’administratioun vum Swift Hesperange,

ech bewonneren, datt Dir net d’Bengele bei Tromm geheit hutt a mat vill Häerzensblutt d’Staang riichtgehalen hutt. Ech hunn allerdéngs ee Wonsch un Iech. Am Joer 2022 hutt Dir virum Bezierksgeriicht an der Stad, zesumme mat Ärem Sponsor an engem nett bekannte (sic!) Supporter, eng Plainte géint UEFA an FLF agereecht. Dëst Geriicht soll duerfir dem Europäesche Geriicht eng Rëtsch prä-justiziell Froe stellen. Wéinst diverse Verstéiss géint EU-Recht géifen UEFA an FLF de Swift a senger sportlecher Entwécklung blockéieren. Esou kéint Dir zum Beispill net un engem professionelle Championnat ausserhalb vu Lëtzebuerg (zum Beispill Benelux) deelhuelen oder esou ee Championnat mat organiséieren.

Deemools hutt Dir an Ärer Plainte argumentéiert, datt: „FC Swift Hesperange est donc structurellement condamné à rester une „micro-entreprise“, alors que la ville de Luxembourg et ses environs, siège de FC Swift Hesperange, permettent (et méritent!) le développement d’un club de football, qui n’aurait rien à envier – par exemple – à des clubs tels que Atalanta Bergame, Cologne ou Valence.“

Wann et ee Beweis gebrauch hätt, ass déi rezent Entwécklung Beispill genuch, dat de Verlooss op een eenzegen décke Sponsor keng dauerhaft a gesond Entwécklung zouléisst an den Dram, fir et enges Dags mat Clibb wéi Atalanta Begamo, Köln oder Valencia ophuelen ze kennen, net an de Käpp vun de Verantwortleche vum Club gebuer gouf, mee an de Käpp vun Effekt a Suen sichenden Affekoten. Ech ka mer och net virstellen, datt der, wann der da wanne géift, Iech aller Konsequenze bewosst sidd. Ee Jurist huet dat esou beschriwwen: „The European Sports Model is a broadly accepted model and generally quite solid. If the judges would be in favor of Hesperange’s case, it’d not only break the football pyramid, but also those of every other sport in Europe plus it’d be in direct contention of lawmakers and governments.“ Wëllt Dir wierklech, datt an Zukunft Politiker eise schéine Sport diktéieren? Wann een déi onméiglech Diskussioun an der Chamber iwwert de „Nation Branding“ verfollegt huet, kann ech nëmmen zum Schluss kommen: Si waarden drop!

No dräi Joer hunn d’Donnéeë vun deemools geännert, an dem Swift seng Ambitioune gi nolens volens duerch Strofen a Restriktiounen vu FIFA an UEFA (ouni iwwer déi vun der ITM ze schwätzen) op een normalen a raisonablen Niveau zeréckgeschrauft.

Hei da meng Demande: Geméiss dem Spréchwuert vun den Affekoten „mir wannen“ huet d’FLF an de vergaangene Joeren Zéngdausenden Euro un Affekotskäschten bezuelt, an am Budget 2025/2026 sinn der och schonn erëm virgesinn. Dës Sue feelen, genau wéi d’Strof wéinst dem Verstouss géint d’Ziler vum Nation Banding, an der Keess vun der FLF (a warscheinlech och an där vum Swift), fir der FLF an dem Swift hir exemplaresch Jugendaarbecht an de Fraefuttball nach méi z’ënnerstëtzen. Wär et duerfir net een Zeeche vu Gréisst, wann dem Swift säi Vertrieder op der kommender Generalversammlung vun der FLF géif soen: „Mir hunn äis Plainte zréckgezunn – an dat am Interêt vun alle Futtballsveräiner.“ Den Applaus vun der Versammlung wär him an Iech garantéiert. 

Mat sportlechen Gréiss.