Den helle Wansinn op Halloween …
Nodeems scho virun engem knappe Mount iwwer RTL am hellen Dag eng Course-poursuite tëscht Féitz a Steebrécke gemellt gouf, bei där d’Police „toutes sirènes dehors“ engem Automobilist nogerannt war, deen hinnen doduerch opgefall war, datt hie bei enger Verkéierskontroll „demi-tour“ hannen an der Rei gemaach hat, koum et elo zu Gilsdrëf, awer an der Däischtert, op en Neits zu enger änlecher Course-poursuite!
Zu Féitz ass zum Gléck kengem dobäi ee Leed geschitt, weder deenen ahnungslosen Auto- a Motosfuerer, déi hinnen entgéintkoumen, nach deem verdächtegen Zivilist – ee geféierleche Kriminellen, Terrorist, Mäerder oder och nëmmen ee ganz klenge Fësch respektiv een einfach nëmme gestresste Matbierger, deen nom alldeegleche Moiesstau elo no der Schaff endlech heem an net nach laang opgehale gi wollt? Villäicht war et awer och esouguer, et weess een ni, deen oder ee vun deenen ominéise Bommeleeër, deenen se „by running behind“ esou reng zoufälleg, duerch en absolute Glécksfall, op déi verfueren a verluere Spuer komm wären …? „Allez savoir“ … „Mais n’y allez pas, en prenant des risques inconsidérés“, seet do de gesonde Mënscheverstand! Genee dat missten se jo awer, hätt een dach ugeholl, an hirem „Cours de déontologie“ – ee wuel e bëssche vill héichgegraffenen Ausdrock …! – dach bei engem vun eis gutt bekannten an héich geschaten „Prof“ geléiert hunn!
Do misste Police-Stagiairë jo awer villäicht eppes iwwer méiglech potentiell Kollateralschied gewuer ginn, an d’Gewësse geriet kréien an drop sensibiliséiert ginn! Dëst, wou dach esou ganz oft a kengem Verhältnes zu deene potentielle Risike stoenden, héich riskant iwwerstierzten „Courses-poursuites“ „ouni Récksiicht op Verloschter“ net nëmmen total onschëlleg Zivilisten, déi méi oder vill wéineger schwéier flüchteg Verdächdeg, ma si selwer och wéi deemols um „Lausdaar“ betreffe kënnen. „Le jeu vaut-il la chandelle“ ass ee bekannte franséische Sproch, deen een och hei a Saache Verfolljungsjuegden op dëst onverantwortlecht „Raiber-a-Gendaarm-Spill“ uwende kann a sollt, bei där Aschätzung vun der reeller Situatioun, mat hiren ëmmer méigleche liewensgeféierleche Konsequenzen, fir déi eng a fir déi aner. Eng berechtegt Fro, déi se sech stelle sollten, an zwar: Maachen ech do net méi schlecht ewéi … „Recht“? Déi awer meeschtens onbewosst an, kéint ee scho bal munchmol mengen, bewosst, op eng stur Aart a Weis, ignoréiert gëtt! Et bleift ze hoffen, datt et hei am Land net erëm – well et wier dat, a Klammere gesot, iwwregens keng „première“ wéi a Frankreich, „de facon récurrente“, obschonn do d’Doudesstrof säit Oktober 1981 offiziell ofgeschaf ass – bei engem nächsten „refus d’obtempérer“ nieft de kollaterale Schied, déi sträflecherweis mat a Kaf geholl ginn, zu enger änlech fataler „bavure“ kënnt …! Dee kierzlechen „fait divers“ oder vill méi „d’automne“ am spéiden Owend, an der Nuecht op dat rommeldommt, onséilegt „Aller-Halloween“, dat iwwerall uechtert d’Land esou munch Jonker ëmmer méi als Virwand ze benotze schéngen, fir op deem Owend héchst dubiéisen Unfug ze dreiwen! Wuel och esou zu Gilsdrëf, wou ee flüchtegen „Chauffard“ der Police, déi hien hannendrugejot hunn, wollt entkommen, an enger Kéier iwwerholl huet an do frontal mat zwee Autoe kollidéiert ass, déi him entgéintkoumen! Aus deem kuerzgefaassten, ma nëmmen zum Deel informativen „Kommuniki“, dee Medien och esou, wéi all ze oft, „tel-quel“, brav iwwerholl hunn, ouns och nëmmen iergendeppes ze hannerfroen …, goung just dorausser ervir, datt et e puer Blesséierter soll gi sinn! Ëmmerhin dat, ma fir de Rescht „basta“ … Et gouf also dës Kéier no der Kéier net nëmme Materialschued, ma et koum och, a vill méi schlëmm, zu kollaterale Schied, déi einfach esou, sang- a klanglos bis dato vun allen higeholl goufen! Die uerg Konsequenze vun dëser an anere Poursuiten – wéi déi ganz an nach vill méi schlëmm Ufank September 2023 zu Esch, „remember“ – déi sech ëmmer nom selwechte Schema ofspillen, erënneren een och elo, wou am Hierscht bei eis d’Saison erëm op ass, iergendwéi un déi onrühmlech Klappjuegden an dofir och ëmmer méi kontestéiert Hatz, bei där, no engem änlechen Szenario, dat a Panik gerodent Fräiwëld Hals iwwer Kapp an a Panik senge vum Juegdtrieb gedriwwene Häscher versicht ze entkommen …! Verhalen a Reaktioun beim Mënsch ass bei deenen engen an deenen aneren net vill anescht an d’Parallèle drängt sech förmlech op! „Passt op, op Mënsch an Déier“, steet dach schonn ee bësschen déck heuschlerech esouguer bis an d’Busser eran ugeschloen ze liesen … Deem sollt een, wat Verfolljungsjuegden op eisem Stroossereseau ubelaangt, wéi ech „mengt“, nach bäifügen: „Fir datt dir, passt op, net och nach op eemol selwer gitt zum Déier“ …!
De Maart
@JJ
Och wann dir keng Läich am Keller hutt, an och soss näischt ze verstoppen, losst dir bestëmmt net all Mensch an ärt Haus, oder?
Refus d'obtempérer: 5000-10000€ Stroof !
Absolut richtig! Se sollen ophale mat deem Gespills wou nëmmen
Accidenter wéinst Dommheete provozéiert gin. De 15. Abrëll 2018 op der N7 beim Lausdorn wou se sech selwer ofgeschoss hun mat 2 doudeg Polizisten misst hinnen eng Léier sin. Awer nee........
Wien näischt ze verstoppen huet a sech un d'Reegelen hält brauch näischt ze fäerten. Loosst d'Police hir Arbécht maachen.
Majo dann, wann eng Marche-arrièrre resp. en Demi-tour schon eventuel zu enger polizeilecher Poursuite féieren kann, ouni dass een sech eppes zu Scholden komme geloos huet...
Dofir évitéieren ech als éierlechen an unbescholtenen Bierger all Kontakt mat der Police wou et nëmmen geet.
Gud geschriwen. Genau sou ass et (leider).