24. Oktober 2025 - 6.45 Uhr
LeserforumNordstad-Informatiounsversammlung zu Bierden zum Referendum an der Gemeng Ierpeldeng-Sauer
Iwwert d’Nordstad-Informatiounsversammlung zu Bierden zum Referendum an der Gemeng Ierpeldeng-Sauer: Et gouf bekanntlech schonns een (ze) spéide mea culpa, an dat réicht nodeems den Ettelbrécker Buergermeeschter public gemeet hat, datt déi Ettelbrécker deen Ierpeldenger Schäfferot schonns am Hierscht 2018 iwwert de Projet vun der Wandmillen informéiert haten. Firwat huet den Ettelbrécker Schäfferot dës Initiativ geholl? Aus Héiflechkeet a wuel kaum fir eppes ze verstoppe wëllen. An trotzdeem gehéiert de „Bashing“ vun hinnen zum gudden Ëmgangs-Toun.
Extrait um Internetsite vun Energie mat Verstand, deen sech selwer entlarvt an deen de Schëllegen exklusiv beim Ettelbrécker Schäfferot sicht.
Eréischt den 28. September 2018 – no Ausso vum Ettelbrécker Buergermeeschter – gouf den Ierpeldenger Schäfferot informéiert, datt eng Wandmille viru Bierde gebaut soll ginn. Wat do genau bei dem Informatiounsmeeting beschwat gouf, ass eis onbekannt. Et muss een sech froen, ob si all Informatioune kritt hunn, well soss hätten si bestëmmt reagéiert. Déi Ettelbrécker hunn also de Projet an de Standuert vun der Wandmille viru Bierden verrot.
Wat mat „ob si all Informatioune kritt hunn, well si soss bestëmmt reagéiert hätten“ gemengt ass, ass eng reng Schutzbehaaptung, fir de Subsid fir Prozesskäschten ze kréien. Wann ech mech fir eppes intresséieren an ech hunn een Zweifel, datt ech eppes net verstanen hu respektiv datt mir Informatioune feelen, da froen ech no. Esou hunn ech et mol an der Schoul gemeet.
An der Tëschenzäit ass d’Zesummestelle vum Kommodo/Inkommodo-Dossier realiséiert ginn. D’Bierger vu Bierden sollten awer réicht gutt 1½ Joer méi spéit, den 19. Mäerz 2020, bei enger Informatiounsversammlung zu Bierden am Centre A Maesch iwwert de Projet informéiert ginn. Dëst ass awer wéinst Corona ausgefall.
Tiens, tiens … iwwert de Projet, deen dem Schäfferot zënter September 2018 bekannt wor.
De mea maxima culpa mat géigesäitege Scholdzouweisungen, wee méi gepennt hätt, gouf et de 16. Oktober 2025 op der Opklärungsversammlung zu Bierden. Audio-Extrait iwwert d’Versammlung. De Claude Gleis huet zouginn, datt den Ierpeldenger Gemengerot déi Thematik am Ufank ënnerschat a sech net genuch gewiert gehat hätt. Mee och d’Awunner vu Bierden hätten sech réicht zimmlech spéit manifestéiert … Eng Ausso, déi net bei jidderengem gutt ukomm ass. „Ech géif dozou just eppes soen, Claude, fir eis lo de schwaarze Péiter hei zouzeschousteren …“ Claude Gleis: „Hunn ech net gemaach, ech hu just, mir och, mir och.“ „Da so éierlech gesot, dir huet et verbockt, Kanner, esou ass et an net anescht.“
Fazit: Awunner vun der Nordstad sollen a Geiselhaft geholl ginn, well der op mannst dräi gepennt hunn an et eegenen Aussoen no verbockt hunn. Ech verstinn elo, datt wéinst dem schlechte Gewëssen d’Gemeng der Biergerinitiativ hir Prozesskäschten iwwerholl huet, an dat ënnert dem Mäntelche vun engem Subsid. Den FC Ierpeldeng hätt sécher näischt géint esou ee Cadeau gehat. Do ass de Luerenzweiler Politiker hir Zousatz-Krankeversécherung net vill mei douteux.
Zu Schieren huet d’Gemeng 2018 selwer d’Initiativ fir de Bau vun engem Wandrad ergraff, eng Biergerversammlung organiséiert an elo am Fréijoer 2026 gëtt agespeist an d’Bierger kënnen dru participéieren. „L’idée d’installer une éolienne à Schieren a vu le jour en 2018 – aujourd’hui (le 1.10.2025), nous avons franchi une nouvelle étape avec la première pierre posée en présence du ministre de la Culture, Eric Thill, et de l’entreprise Soler. Fin avril 2026, l’éolienne devrait être mise en service et produire 9,4 millions de kWh par an, soit l’équivalent de la consommation de 2.090 foyers ou 8.360 personnes.“
De Maart
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können