Léif Lieserinnen a Lieser, ech wunnen zanter 2016 an den Vereenegten Arabeschen Emirater. Wéi ech deemools mäi Führerschäin wollt ëmschreiwe loossen, gouf ech – als Lëtzebuergerin – dozou verflicht, mäi Lëtzebuerger Führerschäin ofzeginn, fir am Géigenzuch e Führerschäin vun den Emirater ze kréien. Ech hunn natierlech zu där Zäit d’Ambassade kontaktéiert, déi mir confirméiert huet, datt dëst néideg wier, an dass et sech anscheinend ëm e Vergiess bei der Ratifikatioun vun engem Accord handelt.
Wärend Lëtzebuerger Bierger beim Permiswiessel an den Emirater dozou verflicht sinn, hiren nationale Führerschäin definitiv ofzeginn, schéngt dat net fir all europäesch Bierger de Fall ze sinn. Fir vill aner EU-Staatsbierger – dorënner z.B. Fransousen, Däitscher, Italiener oder Belsch – gëtt de Führerschäin zwar gewisen, mee si dierfen e behalen an et gëtt hinnen einfach en emiratesche Führerschäin ausgestallt. Dëse méiglechen Ënnerscheed an der Uwendung vun de Regele léisst Froen opkommen iwwert d’Koordinatioun tëscht de Staaten an d’Gerechtegkeet an der praktescher Ëmsetzung.
An all dëse Joren ass et mir net gelongen, de genauen Hannergrond vun dëser Situatioun erauszefannen. Ech si wierklech ganz virwëtzeg, erklärt ze kréien an endlech ze verstoen, firwat et zënter 2016 nach ëmmer keng Ännerung oder kloer Äntwert op dës Fro gëtt.
Zousätzlech kënnt nach eng weider Schwieregkeet dobäi, déi bestëmmt och nach aner Lëtzebuerger an dëser Situatioun kennen. Fir an Europa kënnen ze fueren, mussen d’Leit mat engem Führerschäin vun den Emirater en internationale Führerschäin ufroen. Dëse Führerschäin ass nëmme fir ee Joer valabel an den Erneierungsprozess kann eréischt nom Oflaafdatum ugefrot ginn, net virdrun. An deene Fäll, wou Persoune sech schonn am Ausland befannen, wann hire Permis ofleeft, stinn si virun engem konkrete Problem: Den neien internationale Führerschäin kann nëmme perséinlech entgéintgeholl ginn – weder eng Drëttpersoun kann en ofhuelen, nach kann en op eng auslännesch Adress geschéckt ginn.
Dëst bedeit, dass vill Lëtzebuerger, déi sech u Gesetzer hale wëllen an am Ausland mobil bleiwen, de facto guer net dierfen Auto fueren, soulaang si net zeréck an d’Emirater kommen – wat praktesch a berufflech Konsequenze mat sech bréngt. A wann ech mäi Führerschäin zeréck wëll, wat geschitt dann? Ech ka keen neien zu Lëtzebuerg ufroen, well ech do net méi als „résident“ gemellt sinn (fir dat misst een op d’mannst 181 Deeg am Joer do wunnen). Meng Demande gëtt also net acceptéiert.
An där Zäit, wou aner europäesch Staatsbierger d’Emirater verloossen an hire jeweilegen EU-Führerschäin zréckbehalen, musse mir Lëtzebuerger eis mat engem emiratesche Führerschäin zefriddeginn. Och wa mir net zu vill Lëtzebuerger an den Emirater sinn, huet dës Situatioun deeglech Konsequenze fir d’Bierger, déi sech wëllen un d’Regelen halen. Last, but not least, musse mir Lëtzebuerger all Joer 200 AED fir eisen internationale Führerschäin bezuelen, mee wéi och emmer, dëst ass just e ganz klengen Deel vun engem méi grousse Problem, deen haaptsächlech mat administrativen a juristesche Restriktiounen ze dinn huet. Wie weess, vläicht kann dëse Bréif e bësse Liicht an d’Situatioun bréngen, a bis dohin, wat bleift mir aneres ze soe wéi: Inch’Allah!
De Maart
Sidd dir d‘Maggy Nagel?
An der Schweiz as et net aanescht!
An ech mengen ze wëssen dat en keng Führerscheiner aus verschiddenen Länner därf hun.