Donnerstag6. November 2025

Demaart De Maart

LeserforumEng kleng Stack-Escher Geschicht

Leserforum / Eng kleng Stack-Escher Geschicht
 

Jetzt weiterlesen!

Für 0,99 € können Sie diesen Artikel erwerben:

Oder schließen Sie ein Abo ab:

ZU DEN ABOS

Sie sind bereits Kunde?

Wéi eise Frënd, de „Pierrot“, hannert d’Altersheim ëmgebett gouf…!

Elo ass et geschitt, hien ass net méi do, wou hien Joerzéngte laang stoung! Wien, wat, wou? Ma, Dir wësst dach, eise Frënd de Boam, en alen Esch-Lallenger Jong, wéi mär heinidden soen! Eng Platan, ma, „un platane“, op Franséisch, s’il vous plaît (io, io, oui, oui!),  an dee mär dofir, a well him bis elo nach e Numm gefeelt huet, eis erlobt hunn, hien net éieren op Marc oder Samuel ze deefen, mee him ganz einfach dee léiwe Virnumm Pierrot unzehänken.

Nodeems hien, dee vun de fréie fofzeger Jore bis kurz virun Allerhellege fest am Buedem verwuerzelt op der Kräizung virun der Lallenger Kirch stoung, déi 1953 gebaut gouf, an do ee schéint Bild bei der Afaart an Esch ofginn huet, hunn se hien no langem Hin an hier elo knapp 500 Meter weider op dee selwechte Boulevard „Schalott“ entfouert.

No enger präventiver Wuerzelbehandlung iwwer gutt annerhallef Joer, un där den Zänndokter Laurent a seng Equipe aus der Uelzechtstrooss awer fir eng Kéier kee Verdingscht hat, waren et däitsch Bamchirurgen, assistéiert vum ëmmer nach gringen Martin aus der Mayrischstrooss, een Naturfrënd an absolute Mann vum Fach, déi déi opwendeg, delikat a komplizéiert Operatioun virgeholl hunn!

D’Herausfuerderung un all déi eminent Spezialisten wuar grouss an dat Ganzt huet gläich ee puer Deeg gedauert. Mat der Baggerschepp gouf hien ausgebuddelt a mam Kran op d’Plattform vun engem décke Camion gehuewen, deen duerno d‘Schnellstrooss erof, do wou den Australier Robbie McEwen 2006 „eis“ Escher Etappe vum Tour de France am Sprint gewonnen hat, hien am Schrëtttempo virsichteg op seng nei Plaz transportéiert huet. Hinnen all ass, no all där Méi, elo dru geleeën, dat al Sprachwuert Ligen ze strofen, wat seet, dat een en ale Bam net verplanze soll! Ze bemierke bleift, datt schonn an de sechzeger Jore mäi Papp, de Robert, an senger Funktioun als Stadtarchitekt zesumme mat dem Gärtner en chef, dem Här Klein, éischt Versich a Saachen Ëmbette vu Beem beim LGE gemaach huet. D’Beem goufe mat hirer „motte“ op eng aner Platz gesat, an et koumen der esouguer – Dir gleeft et net – e puer vun hinnen un …, dëst zu enger Zäit, wou Ëmwelt net vill fir Beem, ma alles fir déi helleg Kou, den Auto, iwwreg hat! Deene wéinegsten dierft opgefall sinn, datt dem „Pierrot“ seng trei Frëndin, dat schéint „Nolejeanny“, een elegante „conifère“, dee jorelang riicht eriwwer vun him um Parvis vun der Kierch stoung, aus lauter Chagrin, de Pierrot verluer ze wëssen, scho virzäiteg an d’Gras gebass, an elo verlooss a verdréchent, ganz eleng nach do steet! Wat hie selwer ubelaangt, esou schéngt seng Operatioun mat forceps „a priori“, gelongen, an de Patient neck emol derbäi gestuerwen! De Pierrot steet am Moment käerzeriicht an nach voller Blieder op senger neier Plaz.

Ma ähnlech wéi deemols beim Professor Barnard senger Transplantatioun um Cap respektiv um Häerz, muss een elo ofwuarden, ob de „Pierrot“ och wirklech am respektiv direkt nieft dem Altersheim ukënnt a nei Wuerzele schléit, do, wou si hien higeprafft hunn. Dee knapp 80 Joer ale Kärel gouf zwar ganz schounend, wéi een dat och mat eelere Mënsche maache soll, op säin definitiivt Plënneren an dat no geleeënt, ma tëscht en etlech Stroossen agekesselt neit Nobel-Altersheim – bei den Eli a bei Siss – virbereet, ma nach ass d’Saach net gebongt. Et geet dem Pierrot alias Pietro Platano – well seng Eltere stamen aus dem Piemont – wéi villen aneren Alen do, déi och munchmol uerg Krempes hunn, fir sech un hiren neien ongewinnten Ambiente ze gewinnen, hirem fréieren Doheem lang notraueren, an net ëmmer heel driwer ewechkommen!

„Léiwer Hergotts Blieschen“, loosst dach nëmmen déi Jonk um Boulevard stresseg rennen, an där Al, hannert déckem Glas, versicht ze pennen…! Dem Platanepierchen awer, hu se elo an senger Pensioun, clever wéi se sinn, eng nei Aufgab operluecht, déi hie vläicht an der Riicht halen a derzou motivéiere kéint, fir d’Läpper net sou séier hänken ze loossen a weider stuark dergéint ze halen. Hie soll elo mathëllefen, déi, zum Entsetzen vun den direkten Anrainer, ofgeholzte Friche op der Récksäit vun hiren Haiser aus der rue Winston Churchill, alias „no trees“… – weder viraus nach hannendrun –, nees ze begréngen, an zwar dëst zesummen mat deene klenge „Fixspéinsbeemercher“ aus deem nei improviséierten an ugeluechten „Pärkelchen“ nieft engem weidere Klotz, der „maison relax“! Seng nei Roll wier deemno, datt hien, souzesoen, als Patriarch, op déi Manéier, deene klenge Spierken, wéi een „tuteur“ am „Jupala“-Square vun de Generatiounen, zur Säit stoe kéint! Een direkten Anrainer huet eis kierzlech uvertraut, datt, wann hien a seng Fro aus hirer hënneschter Fënster erofkucken, si ëmmer ërem feststelle mussen, datt do op deem um Reissbriet dach ee bëssen naiv geplangten an net ganz groussen „Shared Space“, Generatiounen, déi eng mam Rollator, déi aner um BMX, an nach anerer, meschtens – ouni Plastiktiitchen – mam Hond do ënnerwee, an der Praxis, awer net grad esou gutt laanscht enaner kommen, wéi erhofft.

Eng schwéier Missioun deemno fir de Platanen-Pierrot, ma, un där hien weider wuesse kéint, och wann et onméiglech dierft sinn, dee ganze Komplex esou ze begréngen, wéi deen architektonesch gutt gelongenen Diddelenger Cipa, mat wäit méi Wach, well matten am gringe Beräich, no bei der „Léih“ geleeën! Obschonns dat Eschert net an de Schied vun deem Diddelenger CIPA kommen dierft, bleift ze hoffen, datt de „Pierrot“ sech un säin dréchent neit Ëmfeld gewinnt, sech mat deenen aneren Ale verdréit an do nei Wurzelen zillt. Am Moment sinn si nach all Dag rondërem hien, begéissen a begréissen hie schéin, esou wéi den Handballer John, deen de „Pierrot“ all Dag , ze Fouss, vu Schëffleng erof, besichen, häerzen an ëmäerbelen kënnt! Ze hoffe bleift, datt et him net ergeet wéi dem Kiischtebam virun der Maison Mousset, deen am Fréijoer allkéiers esou schluetwäiss, onschëlleg am Kommiounskleed do stoung an herrlech geblitt huet! Bei Oarbechten un den ënnerierdesche Leitungen ënnert respektiv direkt nieft him, gouf schlëmm u senge Wuerzele gegarrelt, an hie goung no e puer Méint virzäiteg an, genee esou, wéi mär et deene lokale Gäertner prophezeit haten! Ee vun der Gemeng finanzéierte Léiergang – mat deenen obligate Spesen natierlech …– bei der Firma Opitz a Bayern, esou schéngt eis, wär fir si dofir vläicht keng esou schlecht Iddi! Uewenaus um St.-Jousef-Kierfent, dierft den Eugène Mousset sech doropshin a sengem Graf emgedréit hunn, hien de Moler, deen dee Guaart viru senger Villa mat all deenen schéine faarwege Beem mat Léift a vill Goût ugeluecht hat! Och fir mech waren déi goldgiel Mirabellen ee visuellen a gustative Genoss, ma si goufen wéi, „‘Quetschen och“… a nach derbéi, brutal ofgeholzt an duerch aarmséileg Beemercher ersat, déi elo poulriicht do an der Rei stinn, ewéi Zaldoten bei der Remise vun der „fourragère“ um Härebierg, direkt nieft der bombast-esch, popeg-kopeger Skulptur, vun engem gehirlose Gehier …!