De 17. Juni wor am Tageblatt e ganzsäitegen Artikel iwwert e Lëtzebuerger Paschtouer, deen am leschte Krich en Nazifrënd a Verréider vu franséische Maquisarer wor. Ech hunn dee vum Historiker Artuso bescht dokumentéierten Artikel och gutt fonnt.
Ech hätt awer léiwer gehat, wa virdrun en Artikel iwwert Lëtzebuerger Paschtéier, déi aktiv am franséische Maquis woren, komm wier. Villäicht kënnt deen nach no?
Ech hu perséinlech (Joergang 1927) zu Dikrich e jonge Kaploun kannt, dee matzen am Krich a Frankräïch sech an engem Maquis engagéiert hat (wann ech mech gutt erënnere kann, wor et am Massif central), nodeems en duerch déi vun den Nazie besaten Zon geschlach wor an do och u verschiddenen Aktivitéiten deelgeholl huet.
Obwuel en e Kaploun wor, huet e sech net gescheit, fir eng Flënt an de Grapp ze huelen an domat, wann néideg a wa seng Frënn aus dem Maquis a Gefor woren, op Nazizaldoten ze schéissen.
Et wier wierklech schued, wa keen Zeien, deen en deemols nach kannt hat, nach kéint vu sengen Aventüren erzielen. Et wier och souguer derwäert, wann och nëmmen e klengt Monument un hien erënnere kéint.
		    		
                    De Maart
                
                              
                          
                          
                          
                          
                          
                          
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können