Mittwoch17. Dezember 2025

Demaart De Maart

LeserforumEe schwéiere Moment

Leserforum / Ee schwéiere Moment
Georges Mischo, ehemaliger Arbeits- und Sportminister Foto: Editpress/Julien Garroy

E Märchen de Samsdeg am Tageblatt.

Esou schéin, du kanns et net gleewen, wéi beim Grimm sengem Märchebuch „Sie leb(t)en in Saus und Braus“, a wann se net gestuerwen sinn … nach haut.

E Minister gëtt gegaangen.

Schéin a gutt, hie war net fir di Poste gemaach. zwee aner deelen sech säin Ressort op an den CEO schwätzt nidderträchteg vun engem Dag mat grousser Freed. (Dat nennt ee Brach schwätzen)

Ligen op Ligen, den CEO wousst näischt vun eisem fantasteschen neie Musée a sot nach virun etlech Deeg, hie géif keen entloossen.

Aarme Mischo, ech sot jo, et kennt nach eng Iwwerraschung …

Bis Abrëll kriss du elo nach 19.600 Euro pro Mount, 3.300 Euro manner wéi déi zwee iewescht, awer acceptabel, just deng zousätzlech 3.650 Euro Representatiounsjetons falen ewech wann s du owes op en Handballmatch gaange bass, awer net weider schlëmm.

An da fält d’Pai drastesch erof, du bass am Chômage, en „traitement d’attente“ vun 8.500 Euro.

Dat deet wéi! Falls du awer zréck an den Turnsall gees, dierfs du bei dengem gutt bezuelte Job „education.lu“ däin Traitement d’attente 24 Méint derbäirechnen.

Soll him awer elo een en Job offréieren (z.B. e Privaten) vu mindestens 17.000 Euro, da falen déi Suen ewech.

Gees du elo direkt an d’Chamber, wou ech dech als Député net oft um Riednerpult erwëscht hunn, falen deng 19.600 Euro direkt ewech, awer du kriss bei deng Député-Pai 9.100 Euro (d’Hallschent steierfräi) däin „Wartegeld“ vu knapp 7.000 Euro derbäi an all déi vill Jetons, fir d’Nomëtteger opzefëllen nach derbäi.

Wou soll een do als Lieser net verréckt ginn!

Etlech Ministeren (do gëtt et Prozeduren – e sympathescht Wuert), déi ofgaange sinn a net gegaangen, kënne Conseillers d’Etat ernannt ginn, awer wéinst denger Inkomptabilitéit wier dat schwiereg.

Mir aner Stierflecher ginn no 40 Joer an déi wuelverdéngte Pensioun, schlécken, wann deen éischten Extrait op der Bank ass, nix Zoulagen, a staunen, wat do nach iwwregbliwwen ass.

Elo soll ee mir nach vun eise Politiker iwwer Aarmut, Aarmutsrisiko, Rentereform, Pensiounsalter, Steiererliichterungen de Kapp voll braddelen.

Keng Schimmt hunn déi an sech, un eis Rente rappe goen, awer un sech gëtt net geduecht.

Et hätt ee solle fir Minister léieren.

PS: Léiwe Mischo, du, deen d’Geschécker an Esch esou gutt geleet hat, komm erëm zréck heem.

Falls du awer solls Hëllef am Rechne brauchen, zu Esch, an der Louis-Petit-Strooss, gëtt et d’STAIP, Rattrapage fir all Schüler.

Naïscht fir ongutt, ech liesen elo en anert Märchen.