Montag3. November 2025

Demaart De Maart

LeserforumÄddi, Kolleeg Nico Graffé

Leserforum / Äddi, Kolleeg Nico Graffé
 Foto: Editpress/Alain Rischard

Jetzt weiterlesen!

Für 0,99 € können Sie diesen Artikel erwerben:

Oder schließen Sie ein Abo ab:

ZU DEN ABOS

Sie sind bereits Kunde?

Am Blummendall um Weier hu mir ons déi lescht zéng Joer reegelméisseg getraff ënner Kolleegen, an dës Plaz och besonnesch genoss an der Corona-Zäit, wéi alles gespaart war. Mä déi meescht vun ons hu sech ufanks den 80er-Jore kennegeléiert an der Stad am Troquet beim Mischi.

Du, als Bäreler Jong, hues scho mat véier Joer mat dengen zwou Schwësteren an dengem Brudder d’Mamm verluer an dir hutt fréi geléiert, iech duerchzekämpfen. Wann och net mat der Gréisst, Néckelchen, dann awer mat dengem Fläiss an denger Gesellegkeet. Néckelchen, du bass bei jidderengem ukomm, a wann net, dann hues de eng Spiicht erzielt, wourops och jidderee gelaacht huet. Wuer emol een do, deen der net gefall huet, sos de: „Dat ass e raffinéierten, e kënnt bestëmmt vun Tirlemont.“

Wann et iwwer d’Schoul gaangen ass, sos du: „Ech war och op der Uni, op der Uniroyal zu Stengefort!“

Fréi bass de schaffe gaang an du bass e Stater Buschauffer ginn. Wéi hues de geäntwert, wann een dech gefrot huet, wat s de géifs schaffen: „Ech sëtzen op engem Stull a kucken de ganzen Dag zur Fënster eraus.“ Herno hues de Tickete geliwwert op Verkaafsstänn an der Stad bis zu denger Pensioun, an och am Tramsschapp has du nëmme Kolleegen!

Fussball hues de gespillt a laang waars de Jugendtrainer zu Beggen, Union, Gaasperech, Kielen an Hesper. Dech ëm Kanner bekëmmeren, dat huet der Spaass gemaach.

Den 1. Abrëll 1978, et war keen Abrëllswitz, hues de d’Sonny zu Bartreng bestuet an dir hutt och gläich de Patrick an d’Jill derzoukritt. Ëmmer wars de e stolze Papp iwwert déi zwee an um Kiem hutt der iech äert Heem gemaach.

An den 80er-Joren hues de d’Theaterfrënn Mansfeldia Clausen gegrënnt an och matgespillt. Wann s du oder en aneren op der Bün de Fuedem verluer huet, hues du eng lancéiert, dass de ganze Sall sech kromm gelaacht huet. Jo, Theater spillen, Néckelchen, dat hues du an der Perfektioun gemaach, a wat konns du d’Leit amuséieren.

Ufanks den 2000er-Jore bass de matgaang op ons Fëscherreesen an Irland, Schweden, Norwegen, Holland, Plau am See asw. Du als net esou e grousse Fëscher hues ons mat denger Kachkonscht iwwerrascht, an dat Ganzt mat engem Pättche gutt schmaache gelooss. Eng Paella fir vill Leit, dat war deng Spezialitéit, an dat alt bis zu 50 Leit. Beim Blues’n’Jazz Rallye an der Stad hues de mat dengen Theaterkolleege Scampi gemaach, an dat zur gréissten Zefriddenheet vun de Museksfrënn.

Virun zéng Joer, wéi onse Bekannten de Weier am Blummendall entdeckt hat, dee mer dunn och zougeschouschtert kruten, hues du Néckel net gezéckt an direkt zougesot, fir matzemaachen. Bei de Kolleegen ze sinn, dat huet dir gefall. Denger Schwéiermamm hir al Kachmaschinn hu mer dohinnergeholl, fir dir déi richteg Plaz ze schafen, ons de Bäichelche gutt ze fëllen.

Leider huet dech d’Gesondheet am Stach gelooss an déi lescht néng Méint krute mer dech net méi op d’Been. Elo kënne mer dech net méi stëppele mat denge Bayern an däitsche Jungs, well du hues ëmmer zu hinne gehalen, och wa se verluer hunn, bass de hinnen trei bliwwen.

D’Sonny, d’Jill mam Eric, de Patrick mam Jil, d’Nina, den Elio, Tino an d’ganz Famill hu mat dir en häerzlech gudde Mann, Papp, Bopa, Eedem, Brudder a Schwéierpapp verluer, a mir en treie Kolleeg.

Wéi sot d’Jill esou léif viru ganz ville Leit op dengem Abschid ee vun denge grousse Spréch: „Wann der elo heemfuert, da fuert iwwert den Trottoir, well op der Strooss geschéien déi mécht Akzidenter!“