Wien dat freet? 170 Schoulkanner, eng Rei Léierpersonal, d’Awunner vu Bech-Maacher, de Sculpteur, de fréiere Buergermeeschter mat senger deemoleger Kultur-Schäffin a sécherlech och ganz vill Leit, déi do spadséiere ginn, sech op de Canapé gesat hunn an hir Kanner drop fotograféiert hunn.
Op enger Plaquette stoung: E Souvenir un d’Gemeng Welleschten. D’Schoulkanner zesumme mam René Wiroth. Dat war 2011.
All Kand huet duerfen eng kleng Fläsch mat Stengercher fëllen. Mee elo ass e fort, souzesoen ewechgeheit ginn an dem Hond hanne gestallt ginn, wou keen e méi gesäit.
Eise schéine Canapé ass op Wonsch vun der Gemengeféierung op d’Ballegplaz deportéiert ginn, uewenaus an de Wéngertsbierger. Firwat? Et gouf keng Ursaach duerfir.
Sécherlech, et hunn an deene 14 Joer ëmmer nees Leit sech ameséiert, fir kleng Mosaikstengercher erauszehuelen. Ech hunn ëmmer nees am Gemengerot drop opmierksam gemaach, datt de Sculpteur René Wiroth misst geruff ginn, fir dono ze kucken (wat an de Jore virdrun ëmmer de Fall war). Mee zanter der Ära Gloden ass jorelaang näischt méi geschitt. En ass weder gebotzt ginn, nach ass dono gekuckt ginn.
Bis en esou schlëmm ausgesinn huet, dass schlussendlech beim Sculpteur ugeruff gouf, ob hien eppes kéint maachen. Natierlech hätt een e kënne flécken, wat de René Wiroth och zougesot huet. Well doropshin huet hie mat sengem Associé e Plang ausgeschafft, wat genee misst dru gemaach ginn. En Zelt driwwer bauen an dat schéint Stéck nees flécken. De Plang war fäerdeg.
An op eng Kéier war di imposant faarweg Skulptur verschwonn. Einfach op e Camion geluede ginn, wat natierlech derzou bäigedroen huet, datt d’Skulptur nach méi beschiedegt gouf.
Den Ierger ënnert de Leit ass grouss, a besonnesch de Kënschtler versteet d’Welt net méi. Ech ginn ëmmer nees gefrot: A wou ass dann dee schéine Canapé? Et brauch ee sécher net ze soen, dass di vill (deemools) Schoulkanner net frou sinn, och net hir Elteren, de Sculpteur ass ausser sech, kann dat net verstoen, a vill anerer och net.
Soll ech zum Schluss schreiwen: Déi, déi d’Verantwortung droe fir dës traureg Geschicht, solle sech schummen!?
De Maart
L’art, comme l’humain, est éphémère …