Et gëtt Ausdréck a Wierder-Zesummesetzungen, déi vu villen Leit einfach esou higeholl ginn, wärend anerer, déi sech gläichzäiteg mat der Sprooch beschäftegen a méi kritesch denken, dës munchmol dubiéis Kompositiounen hannerfroen an net gewëllt sinn, se einfach esou hinzehuelen a gëllen ze loossen! Esou den Ausdrock „Sportzaldot“, eng relativ rezent Zesummestellung vun zwee Dingwierder, déi amgaang ass, zu engem fest zesummegeschweesste Begrëff ze ginn, deen sech och bei villen „Zivilisten“ schonn agebiergert schéngt ze hunn a, wéi een haut esou ellen seet, dobausse gutt verkafe léisst …!? Eng praktesch, stramm formuléiert an improviséiert lexikalesch Konstruktioun, fir eppes relativ nei Erfonntenes mam Numm ze nennen an ze „deefen“ respektiv iwwer Sprooch als solches an de Käpp vun de Leit als solches ze festegen an ze validéieren. Sportzaldot, e „mot composé“, woubäi de Sport mam Zaldot net emol duerch e Bindestrich vun enaner getrennt ass, ma béid mat enaner „verschweesst“ gouwen, wéi wann dat net anescht kéint sinn.
Eng flott Formuléierung fir déi eng, ma eng éischter bedenklech Wuertkombinatioun, e gellechen Antagonissem – ma awer dobäi keen eigentlechen Oxymore – fir anerer, déi sech aus welt- respektiv sportanschaulesche Grënn dorunner stéieren … Fir eppes Neits muss, dat ass bekannt, wéi iwwerall an deem Fall, een neit Wuert hir, ma ëm wat huet et sech dann elo eigentlech bei dësem neien „Produit“ gehandelt, deem an deenen sengen militanten Protagonisten et gegollten huet, en treffenden, uniformen Numm ze verpassen?
„Wessen Kommissbrot ich ess, dessen Marsch-Lied ich sing!“
Wärend Sportler aus deene jeeweilege Veräiner an de Kollektivsportaarten a virun allem am Fussball hei am Land via private Firmensponsoren a Promoteure munchmol iwwerdriwwe materiell a finanziell verwinnt ginn, esou war dat bei eise beschte Spëtzenathleete bis viru kuerzem net de Fall. Si haten an hunn et weider schwéier, fir um Terrain an och ausserhalb vun der Pist am Alldeeglechen iwwert d’Ronnen ze kommen.
Vue datt d’Ënnerstëtzung vun anerwäerts total gefeelt huet an nach ëmmer feelt, hunn eng ganz Rei vun hinnen, an dat kann een hinnen net onbedéngt verdenken, eng Opportunitéit an der verlockender Offer vun der Arméi gesinn! Op de „we need help“ an hiren SOS huet déi léif Arméi hinnen doropshi mat hirem an aller Welt berüümt-berüchtegten a scho bal karikaturalen „We want you“, ma da kommt bei eis, geäntwert! Een Deal an e „Pakt mam Däiwel“, deen esou al ass, wéi Arméien existéieren, mat hinne Krich gefouert a schaarf openaner geschoss gëtt! De „bataillon de Joinville“ a Frankräich, deen haut nach ënner enger anerer Form weiderbesteet, war do laang Zäit e Virbild, un deem sech eis Strateegen och dierften inspiréiert hunn.
Eng ganz Rei vun Eenzelathleeten(innen), mat virop ëmmer méi brav a folgsam Meedercher vum „Dammebierg“, hunn d’Chance prompt genotzt a sinn, ouni ze zécken an och nëmmen en Hauch vu moraleschen Bedenken, hannen op dem „ Dingo“ säin deieren Nofollger gesprongen! Nom Motto vum „c’est donnant-donnant“ hunn si freedeg agewëllegt, mat zwou Hënn ënnerschriwwen a geschwuer, bedéngungslos an der NATO-Arméi net nëmmen ze déngen an ze follegen, ma och nach derbäi fir si no bausse Reklamm ze maachen a sech instrumentaliséieren ze loossen! Dass och nach just grad dat op der Uni forméiert Christine Majerus alias a bravo „je suis Charlie“, deem seng Carrière mir als fréiere Reporter a Kenner vun der Szeen mat groussem Interessi a Bewonnerung verfollegt hunn a wat selwer vu sech an engem Interview behaapt, ee ganz staarke Charakter ze hunn, mat, dru gekoppelt, engem ausgepräägte Sënn fir Gerechtegkeet, dann elo op emol ee Loblidd op d’Arméi sange géif an „entretemps“ scho bal zu hirer a kjaki gekleeten Egerie ginn ass, huet eis dach béis iwwerrascht!
Dëst zemools wou een dach weess, datt do uewen an hirer Ausbildung Schikanen net nëmmen aus e puer Brieder bestinn, déi ee mam Vëlo iwwerwanne muss! Dat Selwecht gëlt, fir hir anerwäerts esou zu Recht rebellesch Ping-Pong-Kolleegin, déi, anescht wéi hat, dat sech do op Kommando an de Bulli geheit, net onbedéngt als spezifeschen Training um „parcours du combattant“ ugesinn dierft hunn. Et sief drun erënnert, dass de Cross cyclo-pédestre vun de franséische Militär ufanks 20. Joerhonnert erfonnt gouf, un deen den drotege Generol Thull, selwer e gudde Juniors-Coureur senger Zeit, elo zu Dikrich uewen aus um ranzegen „Botterweck“ rëm well uknäppen. Do war sech hire männleche Cyclocrossskolleg, de Gusti „Bruch“, no engem kuerze Schnupperkurs, dach awer schonn däitlech méi konsequent an ze schued, fir zu Dikrich Krich ze spillen, wéi hien sech mat sengem Vëlo huerteg laanscht Nësserten erëm erof gemaach an ënne mat Erfolleg eng ganz aner Richtung ageschloen huet! Dee grousse Virdeel, vun der „certes“ net aus dem Zwang, ma dach aus der Nout gebuerener Rekrutéierung respektiv Instrumentaliséierung, ass déi, datt si vun deem Moment un, als „Sportsöldner(innen)“ an der Neo- Fräiwëllegekompanie, eng vun eis eege Bezeechnung, mat enger méi offensichtlech däitlech pejorativer Konnotatioun, finanziell ofgeséchert waren a sinn, mat en plus enger professioneller Zukunftsperspektiv fir spéiderhin, wann hinnen dru geleeën!
Wat een deemno als „de bonne guerre“ bezeechne kéint, werft awer iwwer déi fragwürdeg Terminologie eraus eng ganz Rei vu Froen op. Esou hate mir deemools als Sportstudent an duerno laangjäregen Enseignant eng ganz aner Opfaassung vum Sport an hunn déi an de spéide 70er-Joren, mat villen aneren, dorënner och dem Denis Scuto, gedeelt a bei der europawäiter Beweegung „Sportler fir de Fridden“ matgemaach, zu där et iwwregens eng helle Wull vu Literatur gëtt. Mir als immediaten Nokrichsjong wor perséinlech all déi Zäit duerno dru geleeën, menge Schüler déi universell a betount friddlech Werter – de Gegenspiller ass keen „enemy“ – wéi Fairplay a Récksiicht op deen aneren am Sport ze vermëttelen.
Gemeinsame Spaass am Spill a Freed un der Beweegung, als Ausgläich zu deem, wat alles vun hinnen an deenen anere Fächer am Lycées-Klassesall verlaangt gouf, nieft gudde Rotschléi fir eng nach besser „hygiène de vie“ fir speiderhin, ouni Drogen, Tubak an net ze vill Alkohol, stungen am Schoulsport vum Primaire a Secondaire bei mir stéits, wäit virun irgendwelchem Performancestriewen, am Vierdergrond a koume bei deenen allermeeschten, an dorënner och e puer spéider national Sportgréissten, déi mir dat och haut nach spontan bezeien, beschtens un!
Enges Dags hunn ech, an den 80er-Joren, hannen an engem Geräteschaf vun engem Schoulgebai um Lampertsbierg, eng holzen Stabhandgranat fonnt, eng getrei nogemaachte Replik vun enger echter, mat där Schüler an hirem „Sportunterrecht“ deemools geléiert gi sinn, esou wäit wéi méiglech a präzis a Richtung spéidere Feind ze werfen … an domadder op de Krich virbereet goufen. Natierlech hunn ech se menge Schüler als anschaulecht, ofschreckent Beispill virgefouert an hinnen erkläert, wéi deemools d’Sporterziehung ënnert de Preise bei eis ausgesinn huet a pervertéiert gouf! Wat ech elo awer endlech, no all deenen Iwwerleeungen eraus, wëll mat villen anere fuerderen, ass, datt eisen zimmlech eleng geloossene Leeschtungssportler(innen) endlech vum Staat eng valabel zivil Alternativ zum Militärdrilldeal gebuede gëtt, duerch déi si grad esou gutt finanziell ofgeséchert ginn ewéi um Härebierg, ouni datt si sech do uewe kujenéiere loosse mussen an als „objecteurs de conscience“ virun allem kee Gewier a keng aner Schosswaff brauchen an d’Hand ze huelen, wa si dat net wëllen, an hiert Gewëssen dat net zouléisst.
De Maart
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können