Wéi sot de Buergermeeschter leschtens am Radio: „Jidderee gëtt gläich behandelt.“
Ech weess net, wat ech dovunner hale soll, a mengen, do gi mir erëm iwwert den Dësch gezunn mat esou enger bëlleger Rhetorik. Jidderee gëtt „gläich behandelt“ – awer net an der Praxis. Wann een esou ronderëmkuckt a wat een esou héiert, sinn déi eng Leit méi wäert wéi déi aner.
Huele mir d’Bréck hei am Neiduerf.
Do ginn dann Ëmfroe gemaach, an dëst net eemol, mä gläich zweemol. An all Kéiers ass eng Majoritéit géint dës Bréck – mee dës Meenung gëtt awer einfach ignoréiert. Esou ass et schwiereg, dës Decisioun als „demokratesch“ ze verstoen: Et gesäit éischter no Symbolpolitik aus.
Also ass d’Meenung vun de Leit aus engem Quartier näischt wäert. A just d’Meenung vun enger Minoritéit gëtt a Betruecht gezunn. Ass dat gläich? Ech soen nee, dat ass ongerecht!
Da kuckt een nach de Präis, dee vu siwe Milliounen op zwielef Millioune goung, dunn op 18 Milliounen erop, fir dono bei 19 Milliounen ze leien. An dann en éischte Vote vu 24 Milliounen ze stëmmen. Beim zweete Vote si mir du scho bei 42 Milliounen ukomm. An dëst just fir eng filigran Bréck …
Wéi gëtt esou eng Entwécklung gerechtfäerdegt? Hei wier eng transparent Oplëschtung vun de Käschten an hirer Entwécklung absolut noutwendeg. Déi Transparenz feelt, an dat schwächt d’Vertrauen.
Wou ass dann hei hir berüümte Gläichheet?
Merci un d’Buergermeeschtesch an d’Kappnécker aus dësem Gemengerot, dass Dir esou mat zwou Hänn eis Steiersuen zu der Fënster erausgeheit. Schummt Iech, et sinn net Är Suen! Esou eppes wei dës Bréck gëtt net gebaut fir d’Leit, mee just dofir, dass si sech weider profiléiere kënne bei den nächste Walen.
Déi eng kréien alles gewisen – an déi aner kënne kucken, dass se eppes ze gesi kréien. Ass dat hir Gläichberechtegung?
De Maart
Kann deem nemmen zoustëmmen! Mee bon, den Patron vun der Baufirma an dem Architektenbüro wärten alt erem "gudd Frënn" vun éiser Cheffin sinn, bzw. dei richteg "blo" Parteikaart hun, dann ginn vill Dieren ob.