Freitag31. Oktober 2025

Demaart De Maart

LeserforumFroen iwwer Froen …

Leserforum / Froen iwwer Froen …

Wou ass dee grousse Wëldbestand am „Bobësch“, deen elo op eemol iwwert eng Bréck iwwer d’Collectrice op déi aner Säit an eng „Dreckswiss“ soll ëmgeleet ginn? Gëtt elo hei een neit Naturreservat geschaf? Dat jo dann och erëm vun der Ëmgéigend muss ofgeschiermt ginn!? Soll d’Arméi – wéi zur Zäit vun der Schwéngspescht zu Lénger – d’Barrikaden opriichten?

Interessant ze gesinn, wéi d’Wëld aus dem Bësch iwwert déi neigeschafe Bréck a sompeg Wisen – duerchsat mat e puer Hecken – wäert hin an hier lafen. Zum Gléck hunn d’Naturschützer et bis elo fäerdegbruecht, dee villbesongene „Bobësch“ mat sengem immense Wëldbestand virun der Zerstéierung duerch d’Ëmgeeungsstrooss ze schützen. Well do stounge scho virun x Joren d’Bagger bereet – just virun de Walen – vun äusserst prominenten a kompetente Politiker als déi imminent Léisung mat Tanklager virgestallt.

„De Bobi bleift!“ souguer, wann eng ganz Fabrik sollt wäiche wéinst där ominéiser Ëmgeeungsstrooss – déi jo elo net méi sou genannt däerf ginn (mä nach just eng „Duerfverbindungslinn“!?). Apropos: Wier an der Zäit d’Entlaaschtungsstrooss duerch a laanscht d’Industriezon prioriséiert ginn – amplaz de Verkéier duerch d’rue de la Gare ze leeden –, wat wier dat ee Gewonn u Liewensqualitéit fir d’Leit!?

D’Millioune ginn an d’Spill gesat, mat alle méiglechen Argumenter versichen Expärelen a grouss Strategen, hiert Virgoen ze rechtfäerdegen, awer verstänneg Léisunge komme rar op den Dësch: Elo wou déi Opfaart op d’A13 vun der Nidderkuerer Industriezon hier zou ass, wou bis elo all zweete Camion ofgebéit huet, fueren déi Mastodonten een nom anere bis op d’Biff. D’Leit vun der Nidderkuererstrooss zu Käerjeng freeë sech iwwert déi weider onendlech Stauschlaang, mä si hunn hannert dem Haus awer och d’Natur pur: Do kommen d’Wëllschwäin bis an d’Gäert a wulle sech duerch bis virun d’Dier: Kee Flëntepéiter steet bereet, fir deem Dreiwen een Enn ze setzen!

Bis haut huet och nach keng Expärenekipp sech un d’Opléise vum Knuet „Biff“ gewot: Wat sengerzäit kuerzsiichteg lokal Usiichten an Decisiounen a Saachen Duerchgangsverkéier verhënnert hunn: Sou sinn d’Problemer awer guer net an de Jore mat de Politiker verschwonnen, mä si erstécke wuel demnächst definitiv dee ganze „shared space“ vu Rondpoint, Tankstellen, Supermarchés, Wunnraum, Sportshalen, Schoulen, Terrains an Haaptverkéiersachsen.

Wou bleift déi KI, fir dem mënschlechen Onverstand entgéintzewierken? Wéi d’Madame seet: „Mir schaffen drun.“ Dajee dann! Et intresséiert jo wuel souwisou keen …

Grober J-P.
31. Oktober 2025 - 12.05

Dann kuckt emol, wann ären Mischi d'Stroossen riwer an d'Belsch zougemach huet, dann kritt de Rondpoint op der Biff nach 2 Spuren bäi. Géif mer en Bauterrain um Tëtelbierg sichen oder eng Suite am neien Hotel op Doihl reservéieren.😊

Grober J-P.
31. Oktober 2025 - 9.39

Johny, Tunnelen, Tunnel, Tun......oder Brécken, Bréck, Br..... nët nëmmen fir d'Schwäin!
Ët wier esou einfach gewiescht, schon virun 40 Joer, awer deemols wor och nach keng KI ënnerwee! An haut dokteren se bei Iech un intelligente Luuchten.😊