Déi Escher hu gewielt …

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

(Eng satiresch Gloss)

Vill Leit froe mech als Escher, firwat d’CSV dann elo zu Esch grad sou vill Sëtz wéi d’LSAP krut. Firwat d’LSAP der dräi verluer huet! Wat d’CSV an d’DP an der Oppositioun geleescht hätten, géing dach net duergoen, fir elo d’Match-Gewënner ze sinn an datt d’CSV de Buergermeeschterposten iwwerhëlt … Dach, dat goung duer. Et geet einfach duer, datt et duergeet, net ze vill an der Oppositioun ze maachen.

Lo muss déi Escher LSAP sech bei der eegener Nues huelen: datt si et net komme gericht huet, datt et net duergeet, einfach ze mengen, et géing duergoen, nëmme sou eng Politik ze bedreiwen, fir datt et just duergoe géif, bei den nächste Gemengewahlen net ze vill ze verléieren. Si hätt dach misse virausgesinn, datt aner Parteie méi schwaarz gesinn hunn, e blot Wonner wollten erliewen oder no méi Gréngs glëschten.

Et gëtt Escher, déi behaapten, d’Iwwerhieflechkeet vun e puer sozialistesche Schäffe wär Schold um Debakel. Dat ass vläicht net grad iwwerhéiflech. „Si kruten der bei d’Baken, bei d’Läffelen“, heescht et. Et geet näischt iwwert déi geblimmlecht Lëtzebuerger Sprooch. Déi kann awer wéidoen. Et gëtt schonn een, deen d’Konsequenze gezunn huet an d’Wonne leckt, ganz onofhängeg …

Op de Wahlplakater hat d’CSV sech mol net getraut, de Spëtzekandidat Mischo grouss en scène ze setzen. E bëssche méi eng grouss Foto wéi all déi aner CSV-Kandidaten. Déi aner Fotoe waren all méi butzeg, wéi soll ech soen, méi verblatzt, sou blatzeg wéi d’Kandidate selwer.

An lo gëtt de Georges Mischo Buergermeeschter, deem säi Papp, de Josy Mischo, 1999 net huet dierfe Schäffe ginn, well den Ady Jung dat net wollt. Ironie de l’Histoire. De Papp gëtt lo posthum „rehabilitéiert“. Dat kléngt no Roman, no Fiktioun. Mee et ass dat wierklecht Liewen, dat déi gréisste Geschichte schreift, besonnesch am klengkaréierte Lokalmikrokosmos. Esou en Dréibuch muss ee mol fir d’éischt erfannen. Wielerwëllen heescht, d’Wieler wëlle sech och mol rächen. Vill vun hinne verhale sech alles a sinn nodroend. Verschiddener hunn e Laangzäitgediechtnis. An am Wielerwëlle stieche bekanntlech och Roserei, Ressentimenter a Revanche.

Den Ady Jung wollt deemools Buergermeeschter ginn „oder näischt“. D’CSV hat gradsou vill Sëtz wéi d’LSAP: sechs! Awer de Josy Mischo gouf vum Ady Jung „kaaft“ mat 5.000 Frang (haut 120 Euro) de Mount, fir op seng Kommissiounsposten ze verzichten. Vun 1993 bis 1999! Awer de Josy Mischo wollt no sechs Joer net eidel ausgoen. Amplaz vun deem Loun wär e gär anescht belount, also moralesch entschiedegt ginn, an zwar mat engem Schäffeposten.

Dat hat jo och eppes mat“Moral-Esch“ ze dunn. An do hat de Josy sech en éierlecht Häerz an eng éierlech Séil geholl a war domadder an d’Press gaangen, an alles ass opgeflunn. Neiwahlen am Abrëll 2000. Do war den Ady Jung „weg vom Rathausfenster“. Als Ausgläich – oder Entschiedegung fir de Schued, deen e senger Partei ugeriicht hat 0 krut en e Sëtz bei der Fënster … am Staatsrot! A vun do un: 17 Joer d’Sozien um Rudder: Schaacke Fränz, Lydia Mutsch, Vera Spautz …

U wat ass d’LSAP gescheitert?

„U wat ass d’LSAP da gescheitert?“, ginn ech gefrot. Si huet dach net nëmmen d’Hänn an de Schouss geluecht. Huet se net och eng Hand mat ugepaakt beim Opbau vun Esch? An e puer Asylbewerber däerf een dach nach sécher wëllkomm heeschen, zu Esch, an hirem Neien Dierfchen!

Wéi d’Vera Spautz op RTL dem Caroline Maart Ried an Äntwert stoung, ass se gefrot ginn, wat Esch da Positives ze vermellen hätt. Do sot d’Vera Spautz gläich am Ufank, si hätten d’Jardins éphémères installéiert. Ech hunn e puer Leit gefrot, ob se wéissten, wat dat heescht. E puer woussten et net. Anerer hu gemengt, et wären hängende Gärten fir 2022, wann an den Escher Frichë kulturell geséit oder remixed gëtt … Esch et maire? Et sinn der, déi soten, déi Gäert wären net genderkonform, wéinst éphépères, oder sou …

Ephémère heescht: kurzlebig, vergänglich. Et mécht een dach keng Wahlcampagne mat kuerzliewege Projeten, mat a Miniaturgäert aus hëlze Këschte geplanzte Blummen, déi am Hierscht d’Blieder verléieren, mat Geträisch a Choufleur gefëllten ausgehielegte Bamstämm. „An d’Hënn ginn och nach dobäi d’Patt hiewen“, soten d’Leit. Do sot ech: „De Wieler erwaart sech eppes mat Bestand, eppes Konstantes.“ „Jo! Genee!“, hunn e puer Leit mer geäntwert, „awer näischt Haardes wéi no enger Zäit den Hondsk… Mär fale jo regelrecht iwwert deen an der Uelzechtstrooss, an d’Sozialiste sinn dofir iwwert deeselwechte getrollt.“

Do hunn ech mech gefrot, kann een dowéinst gestierzt ginn? Fir seng Gemeng wëllt de Wieler eppes Laangfristeges, eppes mat kommunaler a regionaler Substanz. Awer näischt, wat verwielegt, verdiert a vergeet. Eng propper Gemeng, mëttelfristeg. Visiounen, laangfristeg. Awer keng Eintagsfliegen …

Mee, geet et mer duerch de Kapp, den Dreck kënnt dach net vum selwen. D’Spautz, den Tonnar, den Hinterscheid, de Codello, hunn déi en Hond …? „Si hunn dach d’Stadbild an d’Plättercher net verhonzt! Wie mécht dann den Dreck?“, hunn ech gefrot. „Ech net“, soten d’Leit, „et sinn déi aner!“

Ech fir mäin Deel hätt e puer Escher Hondsbesëtzer, egal vu watfirenger Partei, un d’Häerz (an un de Gerochsënn) leeë sollen, fir d’éischt selwer mat enger Plastikstiitchen ze reagéieren, amplaz sech mat engem Wahlziedel ofzereagéieren. Ech hätt mech sollen amëschen: Méi partizipativ Demokratie huet och eppes mat Verantwortung an Erzéiungsaarbecht ze dunn …

An elo? D’CSV hat net dru gegleeft. Lo muss se mat de Gréngen an de Bloen dru gleewen. Lo geet et net duer, ze wëllen. Lo musse se weisen, wat se kënnen. De Pim Knaff muss sech och elo méi dacks an der Gemeng weisen, den neie Kulturschäffen. Hoffentlech ass e méi kulturell dynamesch, méi literaresch beleckt a méi belies wéi säi Parteifrënd, de Kulturstaatssekretär Arendt, dee bei senger Ried bei der Iwwerreechung vum Batty-Weber-Präis un de Georges Hausemer mol net wousst, wéi dem Laureat säi Verlag richteg heescht.

An elo? De Georges Mischo, dat onbeschriwwent Blat! Hëlt hien lo d’Geleeënheet beim Schlawittchen, eng opreegend Geschicht fir Esch ze schreiwen? Et wäert dach net duergoen, datt et heiansdo nëmmen duergeet, ze soen, elo geet et duer?

Jhemp Hoscheit

Beffort Norbert
9. November 2017 - 17.13

Jhemp kuck emol am Luxdico Walen gett op Lëtzebuergesch ouni h geschriwen . D ADR schreiwt dat richteg