Sonntag2. November 2025

Demaart De Maart

LeserforumDe Bierger gi Konte geplëmmt an d’Regierung stécht de Kapp an de Sand

Leserforum / De Bierger gi Konte geplëmmt an d’Regierung stécht de Kapp an de Sand
    Foto: Editpress/Alain Rischard

Jetzt weiterlesen!

Für 0,99 € können Sie diesen Artikel erwerben:

Oder schließen Sie ein Abo ab:

ZU DEN ABOS

Sie sind bereits Kunde?

Wa Cyberdéif et fäerdegbréngen, gefälschte BIL- a Luxtrust-Säite wochelaang online ze halen – an domat Dausende vun Euro vu private Konten ofzéien –, da sollt ee mengen, dass d’Regierung all méiglech Mëttel asetzt, fir d’Affer ze schützen, d’Täter ze fannen an de finanzielle Schued z’ersëtzen. Mee wat passéiert tatsächlech? Dës Fro hu sech och d’Deputéiert Mars Di Bartolomeo a Ben Polidori gestallt a se den 30. Juli 2025 offiziell an der Chamber un d’Regierung geriicht – aacht konkret, urgent Froen, déi direkt d’Sécherheet vun eisem digitalen Alldag betreffen.

Brisant Froen – war et dach ausgerechent de Premierminister Luc Frieden, dee selwer bis 2023 President vum Verwaltungsrot vun der BIL war. D’parlamentaresch Fro ass deemno eng perséinlech politesch. An d’Äntwert? Eng riicht op de Bak.

D’delegéiert Ministesch bäim Premier fir Medien a Connectivitéit seet: „Net meng Kompetenz.“ De Finanzminister seet: „Dat geet och mech näischt un.“ An domat ass hir Responsabilitéit ofgeluecht a weidergeleet – wéi eng gliddeg Gromper.

D’„Kompetenz-Kabale“ vun der Regierung sinn net nëmme peinlech – si sinn einfach onverantwortlech. Mir hunn all matkritt, dass de Cyberbedruch e komplexe Phänomen ass, deen eng enk Koordinatioun erfuerdert: tësche Banken, IT-Déngschter, Justiz, Police, Medienautoritéiten a Ministere. Wat mécht d’Regierung? D’Fro vun den zwee Deputéierte gëtt net eescht geholl, den Dossier gëtt weidergereecht an d’Verantwortung verschwënnt an engem administrativen Dschungel, wou kee sech zoustänneg fillt.

Fir d’Bierger ass dëst eng Zoumuddung. An enger Welt, déi ëmmer méi digital funktionéiert, gëtt d’digital Sécherheet zum Grondrecht – zu Lëtzebuerg ass dëst net de Fall, well d’Zoustännegkeeten net kloer definéiert sinn – oder se et net wëlle ginn.

D’Resultat? D’Regierung duckt sech an déi, déi am vulnerabelste sinn – d’Bankeclienten – ginn eleng gelooss.
Et ass net genuch, dass Campagnë géint Phishing lancéiert ginn, wann ni ee sech zoustänneg fillt, wann et eescht gëtt. Et ass och net genuch, fir dem Bierger de Feeler op d’Schëlleren ze luede mat: Hien hätt „méi oppasse missen“.

D’Faille läit net bäim iPhone vum Benotzer – et sinn d’Barrière vun der BIL a vu LuxTrust, déi spärangelwäit oppe stoungen. Wann dës d’Déif digital duerchgelooss hunn, ass de Schëllegen net de Bankclient, deem säin Optrag mat duerchgerutscht ass.

Mir brauche keng gescheit Rieden – mir brauche verbindlech Handlungen, gesetzlech Kloerheet, Schuedenersaz fir d’Affer an endlech eng Regierung, déi kooperéiert a sech net verkrécht.

Fir d’BIL a fir LuxTrust heescht dat: séier reagéieren, Responsabilitéit iwwerhuelen an d’Affer konsequent entschiedegen.

Wann d’Digitaliséierung et mat sech bréngt, dass mir online ëmmer méi vulnerabel sinn, da muss d’IT-Schutzstruktur vum Staat matwuessen – an net just seng digital Passivitéit.

D’Affer verdéngen et besser – Lëtzebuerg och!