Mittwoch5. November 2025

Demaart De Maart

LeserforumAccessibilitéitsgesetz – elo mol eescht?

Leserforum / Accessibilitéitsgesetz – elo mol eescht?
 Foto: ijeab/Freepik

Jetzt weiterlesen!

Für 0,99 € können Sie diesen Artikel erwerben:

Oder schließen Sie ein Abo ab:

ZU DEN ABOS

Sie sind bereits Kunde?

Zanter dem 1. Juli 2023 hu mir e Gesetz, dat kloer festleet, wéi a wat muss gemaach ginn, fir dass d’Accessibilitéit fir jidderee garantéiert ass. Ob ëffentlech Gebaier, Wunnengen, Geschäfter, Bistroen, Restauranten oder Hoteller – kuerz gesot: Iwwerall do, wou d’Leit kënne kommen a goen, muss et esou amenagéiert sinn, dass och Mënsche mat enger Behënnerung dohi kënnen.

Alles, wat nei gebaut gëtt oder nach gebaut gëtt, muss dëst Gesetz direkt respektéieren. Bestoend Gebaier hunn nach eppes méi wéi néng Joer Zäit, fir sech unzepassen. An hei denke mer net nëmmen u Leit am Rollstull, mee un all Persoun mat enger Form vu Behënnerung. Et geet hei ëm ronn 15 % vun eiser Bevëlkerung – also net just eng kleng Minoritéit.

Och wann engem net all Gesetz an d’Kraass passt, da soll et dach op d’mannst ëmgesat ginn, wa schonn d’Chamber et gestëmmt huet. Et bréngt näischt, Gesetzer ze maachen, wa se duerno ignoréiert ginn an net kontrolléiert gëtt, ob se agehale ginn.

All Dag, wou ee sech beweegt, begéint een Hürden. An och wa bestoend Gebaier nach Zäit hunn, ass et net ze verstoen, firwat nei Gebaier schonn elo d’Gesetz ignoréieren. Wou bleift d’Responsabilitéit vun den Architekten, vum Staat, vun de Gemengen?

Wie seet deene Leit eigentlech mol kloer, dass et en Accessibilitéitsgesetz gëtt – an dass een dat och ka liesen? Ganz niewebäi – mee net manner wichteg – ass och d’Fro, firwat sou vill Fester, Evenementer an Aktivitéiten, déi vu Klibb a Veräiner organiséiert ginn, nach ëmmer net fir jiddereen zougänglech sinn. Hei schléisse mer bewosst oder onbewosst e grousse Grupp vu Leit aus – an dat ass einfach schued. Villäicht wier et Zäit, dass eis Politik net just téint, mee endlech mécht.

Grober J-P.
9. Mai 2025 - 10.02

"Wou bleift d’Responsabilitéit vun den Architekten, vum Staat, vun de Gemengen?"
Einfach emol nofroen wien do dat Gesetz kennt. Dir wärt Iech wonneren.