Op engem 26. Dezember muss de Commissaire Bertemes an d’Éislek fueren. An engem Hotel zu Dierbelt gouf den Egon Schmit erschoss: e pensionéierte Hauptmann bei der Bundeswehr. Hie war anscheinend Fallschiermjeeër wärend dem Krich an een, deen an engem Nopeschduerf eng Famill aus engem brennenden Haus gerett huet. Datt den däitschen Offizéier (e Preis, wéi d’Leit et 1969 nach gesot hunn) niewent e puer amerikanesche Veteranen op eng Commemoratioun vun der Rundstedt-Offensiv ageluede ginn ass, huet e staarken Débat am Duerf ausgeléist.
Krichstrauma
Geplot vu gesondheetlechen a perséinleche Problemer, ass de Commissaire paralyséiert a senger Enquête, hie féiert seng Gespréicher all inoffiziell an onpreparéiert, doduerch och ineffikass. Hie fillt sech verluer an enger liberaler „Post-Mee-1968“-Welt, déi net méi sengem staark konservativ-chrëschtleche Weltbild entsprécht. Wat alles an der Welt schiifleeft, jäizt hien aus dem gemittleche Nascht Lëtzebuerg ouni Zréckhalung eraus. Bei him doheem leeft awer och net alles gutt: Seng Fra schéngt him ëmmer méi friem. Hie kritt et net hin, doriwwer ze schwätzen oder iwwerhaapt doriwwer nozedenken.

D’Enquête muss awer weidergoen: E gespréichege pensionéierte Paschtouer erzielt dem Bertemes, wat viru Joren am Duerf geschitt ass. E puer Jongen hate sech verstoppt, wéi d’Zaldoten an d’Gestapo wärend der Offensiv zeréckkomm sinn. D’Gestapo huet keen am Duerf fonnt, mee de Schapp, an deem d’Jonge verstoppt waren, gouf ofgebrannt. Datt een si verroden hat, schéngt kloer, mee och 25 Joer méi spéit ass ongewëss, wien dat war. Ëmsou méi kloer gëtt mat der Zäit: De verstuerwenen Egon Schmit ass net deen, fir deen e sech ausginn huet. Hien huet eppes mat där Geschicht ëm de Schapp ze dinn. Lues a lues kënnt nieft der Sich nom Täter och d’Fro op, wéi wäit de Mäerder vum Schmit iwwerhaapt soll zur Rechenschaft gezu ginn. Huet hie mat senger Dot éischter fir Gerechtegkeet gesuergt?
Kollektiv Erënnerung
Iwwert allem steet am Roman d’Fro vun der Erënnerung, vum kollektiven Opschaffe vun traumateschen Evenementer. De Bertemes war selwer en Zwangsrekrutéierten an ass ëmmer nach geplot vu sengen Erënnerungen. D’Tragedie am Duerf ass eppes, iwwert dat net geschwat dierf ginn an dat ëmmer eng oppe Wonn bleift. Wéi d’Angscht, datt an Däitschland haut nach Nazi-Reseauen existéieren, well d’Vergaangenheet net genuch opgeschafft gouf, sou ass d’Erënnerungskultur zu Dierbelt net manner onproblematesch. Et ginn intressant Froen opgeheit – sou och dës: Gehéiert Patriotismus zur Erënnerungskultur, wéi een amerikanesche Veteran et am Buch suggeréiert (S. 42)?
Den Toun vum Buch – en einfacht geschwate Lëtzebuergesch – passt zwar gutt bei de Commissaire, dee mat Flemm an zwee lénke Féiss duerch seng Enquête trëllt, gëtt um Enn awer dem Sujet net gerecht. Datt de Bertemes am Ufank vum Buch als begabte Commissaire duergestallt gëtt, mee dann ee Feeler nom anere mécht, kënnt engem doriwwer eraus heiansdo wéi e Bericht aus zwou verschidde Welte vir, tëscht deenen nach e Baustee feelt.
De Maart
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können