Dienstag11. November 2025

Demaart De Maart

„Eis Sprooch richteg schreiwen“

„Eis Sprooch richteg schreiwen“

Jetzt weiterlesen!

Für 0,99 € können Sie diesen Artikel erwerben:

Oder schließen Sie ein Abo ab:

ZU DEN ABOS

Sie sind bereits Kunde?

LËTZEBUERG - Pénktlech fir d’Rentrée ass dem Josy Braun seng Brochure, an där hien eis Schreifweis op eng einfach Manéier explizéiert, op de Maart komm.

Zënter 1996 ass et well déi 17. Oplo, wat beweist, datt bei de Lëtzebuerger e groussen Interessi besteet, hir Sprooch sou korrekt wéi méiglech ze schreiwen.

Josy Braun
Eis Sprooch richteg schreiwen

éditions Josy Braun 2011
ISBN: 2-9599684-4-1

Nieft de komplette Regele bitt dat klengt Wierk eng Rëtsch vu prakteschen Hëllefen, z.B.: Formuléierungen an der Korrespondenz, Virlage fir en Handziedel oder eng Invitatioun, all Nimm vun eisem Iesssekascht, d’Uertschaftsnimm … Nei ass eng Rubrik mat ronn 80 Riedensaarten op Latäin, déi mir och an eiser Sprooch gebrauchen, z.B. „pro domo“, „stante pede“, „conditio sine qua non“, „ex cathedra“, „vox populi, vox Dei“, „tabula rasa“ asw.

D’Brochure huet 94 Säiten a kascht 10 Euro. Si ass an all guddem Bicherbuttek ze kréien oder beim Auteur duerch Iwwerweisung vum Präis op den CCPL LU14 1111 0323 3130 0000, mam Hiwäis „Richteg schreiwen“, ze bezéien.