Mittwoch29. Oktober 2025

Demaart De Maart

Den alen Hipster

Den alen Hipster

Jetzt weiterlesen!

Für 0,99 € können Sie diesen Artikel erwerben:

Oder schließen Sie ein Abo ab:

ZU DEN ABOS

Sie sind bereits Kunde?

Wann en op d’Bühn kënnt, de Fink, mat sengem groe Baart an senger Kap, mat sengem schladderegen T-Shirt a senger Jeans-Jackett, deen alternden Hipster, wéi hie sech selwer bezeechent huet, en Dënschdeg den Owend, am klenge Sall vun der Rockhal, virun engem verspreete Public (dee wéinstens Plaz fir ze danzen hat), also, wann en op d’Bühn kënnt, erwaart ee sech ëmmer méi. Mee éierewéi steet dann do ëmmer dee klenge Männchen, mat senger duusser Stëmm a sengem breede Grinsen, deen sech nach all Kéiers freet, wann en et fäerdegbréngt, e Lidd ganz vu vir bis hannen ze spillen an et de Leit och nach dobäi gefält.

Foto: Annick Kieffer

Iergendanzwousch tëschent Folk, Indie a Blues

De Fink, 1972 gebuer, a Cornwall, England, haut, wéi eben all alen Hipster (oder jonken, dat ass am Fong egal), wunnt hien zu Berlin, mécht den Tour vun de Clubs an hëlt Drogen (dat sot hie lo net, dat hunn ech mer just sou virgestallt an dat huet mer gutt gefall) a schreift da Lidder, déi sech iergendanzwousch am Folk, Indierock oder Blues-Genre treffen, ëmmer just aus engem minimalistesche grappvoll Noute bestinn an aus engem extrem repetitiven, wellenaartegen, bal zyklesche Rhythmus, deen ee relativ schnell an e meditativen Zoustand, oder bal eng Trance, versetzt, wou een da mat zouenen Ae just nach kann no vir an no hanne wippen, wéi wann ee virun enger stengener Mauer géif éierens eng abstrakt Kreatur (mat oder ouni Tentakelen, dat ass jiddwerengem fräi  iwwerlooss) am Himmel ubieden.

Resurgam

Viru genee zwee Méint huet de Fink säin néngte Studioalbum erausbruecht, mam Titel Resurgam (wat souvill wéi: „ech wäert mech erhiewen“ oder „ech wäert operstoen“ heescht, op Latäin), an am Moment tourt hie mat senger Band duerch 19 Länner a spillt iwwert 60 Gigs, mat plus ou moins ëmmer därselwechter Setlist, déi aus enger gudder Mëschung vun neien an ale Lidder besteet. Vum neien Album duerft ee sech en Dënschdeg den Owend besonnesch op „Day 22“, „Resurgam“ (perfekt dialtéiert an der Live-Versioun), an „Word to the Wise“ freeën, dat lescht Lidd huet hien eleng um Keyboard mat sengem Gitarrist (deen och zweete Batteur ass) gespillt. Et stoungen nämlech zwou Batterien op der Bühn, wat och fir e vollen, kloren a kräftege Sound gewierkt huet.

Elektronesche Shakespeare

Hien huet awer och méi elektronesch Lidder gespillt wéi „Perfect Darkness“ vum eponymen Album, deen 2011 erauskomm ass, „Shakespeare“ an „Looking too closely“ vun Hard Believer oder den Hit „This is the Thing“ vu sengem héchstwahrscheinlech beschten Album Distance and Time (2007), vun deem ee leider (et kann een net alles am Liewen hunn) net dat orgasmescht „Make it good“ héieren huet.

Foto: Annick Kieffer

Dat Ganzt war awer en touchanten an entspaanten Owend, de Sänger war sou gutt gelaunt (den Dag drop hätten se fräi, sot hie puer mol), datt hie seng Band (an och de Public) ugestach huet: No all zweetem Lidd sinn se sech an d’Äerm gefall, sou wéi wann d’Musiker sech nach ausstoe kéinten, no 60 Nuechten an engem Tourbus. Ofgeschloss gouf – ee Gléck, vu Freed sinn ech souguer gehopst – mam Lidd „Pilgrim“ (Hard Believer), dat mat sengen dréchenen Akkorden a senge kaum 50 Wierder Text sech opbaut wéi e risegen Tuerm, deen ëmmer méi schnell no uewe schéisst. E Lidd, dat een, all Kéiers, wou een et live matkritt, am léifsten ni ophalen héiere géif.

Ian De Toffoli