Zu eiser Zäit hate mär nach vill méi Fräiraim, an deene mär, wéi am „Stangeguard“, wou haut den Theater dropsteet, eis Fantasie konnten entfalen an ongezwonge spillen loossen. Esou wuar et nach méiglech bis knapp un d’Enn vun de sechzeger Joren, an der Gaass an op munch anere Plazen tëscht de Platanen – déi haut verbaute vum Brill mat abegraff – ongestéiert Fussball ze spillen, am Seel ze sprangen oder mat Kräid Quadraten, fir dran ze sprangen, op de Bëtong ze molen. Uewenaus op der Grenz war dat net anescht. Wou d’Bouwen nach e Schratt mei wäit gungen, an op d‘Iddi koumen, fir en eegenen, klengen „wëlle“ Veräin ze grënnen, mat deem se dann géint eng Rei vun aneren Escher Quartiersequippen ugetruede sinn.
Datt déi direkt Noperschaft op e Kazesprong ewech vum legendären Jeunesse-Terrain, mat hiren deemols nach buedemstännege Schmelzaarbechtervedetten, déi kuerz virdrun de Real Madrid am Hispill vum Europapokal eescht gefuerdert haten, seng Wierkung op Buewe vu ronderëm net verfeelt dierft hunn, ass weider net verwonnerlech! Déi déizäiteg Euphorie am „Jeunessequartier“ huet op si ofgefierwt a si hunn, wéi an hirem Alter üblech, hir Idoler bewonnert a versicht, si ze imitéieren.

Am Ufank hu si nach matten an der Lorrainestross gespillt, direkt un der wëller Douane, wou beflassen uniforméiert Lëtzebuerger samschdes de „Let“, déi vum Other Muart hei eriwwer wollten, opgelauert, de Kuerf opgemeet an hinnen deen zweete Camembert konfiszéiert hunn, wou dach nëmmen een eenzegen erlaabt wuar! Hir alleréischt Spillwiss awer wuar um Kantin’s Terrain, een „Terrain vague“, no beim Ledigenheim an der sougenannter „Feckerei“, um Fouss vum Kazebierg geleeën, op deem bekanntlech deene Schwaarz–Wäissen hir Wéi ëm 1907 op engem net vill manner knubbelegen Ënnergrond gestanen huet! De Bouwen hir Spillwiss wuar derbäi och nach net riicht, an huet grad ewéi de fréiere Kayler beim Gehaansbierg liicht schif gehaangen … Wéi de „Roby-Ruebchen“ eis erzielt, si si taktesch clever virgaang an hunn dowéinst déi éischt Hälschent express „biergop“ gespillt, fir wa si midd goufen, nom Téi, oder besser gesot der Cola oder Libellor, et eng Grëtz méi liicht ze hunn …! Hiren houfregen Trainer wuar den Angelo Bartocci.
„Die wilde Horde“
Déi eigentlech Jeunesse an hir offiziell Jugendequippe wuaren hinnen dee Moment nach vläicht eng Nummer ze grouss an dobäi kënnt et och sinn, datt si instinktiv gespuert a gefuart hunn, dat se sech an deem Kader gläich méi upassen an disziplinéiere missten, wéi dat hinne léif wuar …
Sou awer konnte si ongebonne fräi opspillen, de Ball rullen an hirer Fantasie fräie Laf loossen, an un där huet et virun allem schon deemols hirem Ustiwweler a „Rasselbandechef“, dem Gast Rollinger, net gefeelt! „Roter Stern Kazebierg“ gouf den neie Veräin genannt, deen natierlech ouni Statuten auskoum a mat der FLF näischt ze dunn hat, ma anersäits wéi déi Grouss ganz flott Memberskuarten drécke gelooss hat, déi fir 5 Frang ze kréie wuaren … De Numm vun der Bouweclique wuar „die wilde Horde“ an dierft och vun him fréi erfonnt sinn. Dat erënnert staark un de Kultfilm „La guerre des boutons“ mat dem klenge Gibus an dem Brigitte Fossey an der Haaptroll, dee genee déi Zäit och bei eis am Ciné „Moderne“ gelaf ass! De Gast hat awer mat sengem Papp senger Kamera a senge Kolleegen och schon „das Schreckgespenst“ gedréint, e Kurzfilm, an dém et, wéi de Roby eis sot, a knapp véier Minutten dräi Läiche gouf! Esou eppes wéi eng verfilmten Enid-Blyton-Geschicht a Kurzformat eben …
De spéideren Däitschproff, deen och wann hien, wéi all seng Kameroden ganz no, „méi no geet et bal net“, un der franséischer Genz gewunnt huet, war scho ganz fréi am Däitschen doheem. Kapitän wuar zwar de Roby, alias „Ruebchen“ Ries, ma den eigentleche Spillführer wuar de Gast, deen am Gol gespillt huet, woubäi se mat deem fir eemol net deen Dommsten an d’„Këscht“ gesat haten! Ähnlech abenteuerlech geklongen huet och de Numm vun hirer Holzbud, „die grüne Festung“, déi si am „no man’s land“ op der Famill Cazzaro hirem Grondstëck opgericht haten, woubäi et kengem vun hinnen och nëmmen am Dram agefall wier, hiert Lokal „Citadelle“ oder „Cabane verte“ ze deefen … „Chef de chantier“ beim Opriichte vun der Kabaischen dierft déi Zäit schon hire Libero, de vill spéidere Jeunesse-President Jean Cazzaro gewiescht sinn …
Zu der gläichaltreger franséischer Jugend vum noen „Däitsch-Oth“ haten si weider keen Drot. Vläicht hate si och heemlech ee bëssi Angscht virun de „Sidien“, déi nach erëm eng aner Sproch geschwuat hunn, wéi dat fir si scho genuch komplizéiert „Franséisescht“. Wei den Ur-Barbourger Gilbert Janotka aus dem leschten Haus just virun der Grenz sech ze erënnere weess, huet awer mat dem Jean-Baptiste op d’mannst ee klenge Fransous och emol mat hinne gespillt. De Gilbert, deen am „Red Star“ de Ball gespillt an op „Terre rouge“ geschafft huet, ass Sonndes op der Mëttesschicht, wann d’Jeunesse do e Match hat, och emol heemlech mat anere vun senger Schaff op ee vun deenen zwee flotten, mat Holz getäfelte Killtierm geklomm – déi leider ofgerappt goufen –, vu wou aus si direkt op den Terrain erof gesin hunn.
Aner Quartiersequippen
Fir hir Wiss „Kampfbahn rote Erde“ respektiv hir Clique „the Rolling(red)stones“ ze nennen, dorop wäre si net komm, ma ëmmerhin hu si hire Club nodréiglech no enger eeschter „Kommiteessëtzung“ ronderëm e Lagerfeier an „Red Star Kazebierg“ ëmbenannt, an dat ouni virdrun d‘Erlaabnis weder beim Märeler nach beim Paräisser „Red Star“ unzefroen …
Jonge vum Kazebockel hunn tëscht 1963 a 1967 eng 20 „aller-retour“-Matcher géint aner Escher Quartiersequippe gespillt, esou z.B. géint d‘Brill- a d’Burestroos vum Gilbert Simonelli, géint de Clairchêne, de Cinquantenaire, Lalleng a „Monner-Esch“. Eng Kéier hunn déi Hiehler „Gaassebuewen“ esouguer op Vermëttlung vum Gast an der Stadt géint de pupege Kolléisch untrieden dierfen …, wou en se dach vill éischter géint de Pafendall, Clausen oder géint dem Kollweltesch Ren seng Weimerskiercher „Lakerten“ erwuart hätt …! Well et géint dem Kennerknecht an dem Eisenbarth seng Première aus dem LGE eemol e säftegt 1:7-Debakel gi wuar, hu si sech du fir e Match mat dem talentéierten Allamano’s Guy aus der Loutrenger Strooss verstäerkt. Doriwwer wuar d’Jeunesse awer guer net „amused“, an de Guychen krut un d’Häerz geluet, wéinst der ze héijer Verletzungsgefor dëst dach an Zukunft w.e.g. ze ënnerloossen.
An dann, net ze vergiessen, och nach den F.C. Hiehl! De Grenzer Quartier vun hannert der Barrière wuar zwar fir ee vun dobaussen, an esouguer fir déi allermeescht Escher, dat eent an dat selwecht, ma fir déi intern Lokalrivalen huet sech dat Ganzt op engstem Raum aus der eigentlecher Hiehl an dem hënneschte Barbourg an „Terre rouge“-Véierel, mat dem Jeunesse-Terrain an der Mëtt, zesummegesat.
Am net manner labberen Hiehlerveräin, dee méi viraus an der Bauschstrooss ugesidelt wuar, hu Jonge gespillt, vun deenen déi meescht schon e bësse méi maans waren wéi déi vum Kazebockel. E puer vun hinnen, wéi z.B. den Henri Faber an de Jeannot Pierucci, hu schonn offiziell an der Jeunesse gespillt, an och de Roger Neri, alias „bianco Neri“, de legendären „Mulli“, e Jeunesse-Supporter wéi et der kaum nach vill anerer dierft ginn, ass op där scho vergilbter Foto ze gesinn!

De Maart
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können