Sonntag21. Dezember 2025

Demaart De Maart

Fußball„Zeréckgespillt“: Reckbléck op d’Finall vun der 50. Coupe de France 1967 mat zwee Lëtzebuerger

Fußball / „Zeréckgespillt“: Reckbléck op d’Finall vun der 50. Coupe de France 1967 mat zwee Lëtzebuerger
Olympique Lyon feiert 1967 de Gewënn vun der Coupe de France Foto: Editpress

Virun elo scho bal 58 Joer koum et am Paräisser Parc des Princes bei der 50. Finall vun der prestigiéiser Coupe de France zu enger, et kann ee scho roueg behaapten, eemoleger an extraordinärer Partie tëscht zwee Lëtzebuerger Profi-Fussballspiller, un déi et eis och haut nach Wäert schéngt, sech ze erënneren.

An zwar sinn deemools den Ady Schmit, mat sengem FC Sochaux, an den Erwin Kuffer, an de Reie vum Olympique Lyon, géintenaner ugetrueden. Dat dierft, wéi gesot, bis haut déi eenzeg Kéier gewiescht sinn – an och vläicht fir ëmmer déi lescht –, bei där zwee Lëtzebuerger, an dobäi och nach zwee Kolleegen aus der Nationalequipe, am Kader vun enger grousser a bedeitender auslännescher Coupefinall openeegestouss sinn.

Fir eis all heiheem een décken, iwwerraschend erfreelechen Zoufall, ma fir de Pilo Fonck a senger gewinnter, vu Superlative gepräägter Ausdrocksweis op Radio Lëtzebuerg UKW-Kanal 18, een „eenzegaartege“ Moment wéi eleng de Challenge respektiv den Zoufall vun der Coupe der iwwerall vun Zäit zu Zäit zustane bréngt. Op dësem Niveau eng grouss Éier. Dat souwuel fir déi béid Kontrahente wéi fir „le petit Luxembourg tout entier“ op dësem 21. Mee 1967 virun 32.532 „Spektatören“ an der franséischer Haaptstad!

Mat enger ganzer Rei vun anere Leit konnte mir dëse spannende „match dans le match“, „franco-luxo“, iwwregens um Schwaarz-Wäiss-„Fernseh“ am Café materliewen.

Et war schonn déi 50. Editioun vun dëser wichteger franséischer Fussball-Institutioun – an dat a Präsenz vum Generol Charles De Gaulle, dee virum Upëff d’Spiller vun deenen zwou Equippen eenzel begréisst, an och eisen zwee Jongen d’Hand gedréckt hat. Eng flott a „cocasse“ witzeg Anekdot, déi an de Fransousen hir „mémoire collective sportive“ agoung, war wéi wärend dem Match een ofgeprallte Ball riicht op de „grand Charles“ – a jonke Joere selwer „gardien de but“ – zougeflu koum an hien dee spontan opgefaang an zeréck op den Terrain geworf huet!

Wéi ee sech erëmgesäit …!

Op den Ady Schmit, 1940 gebuer, dee vu klengem un op der Fola gespillt huet, war Sochaux-Montbéliard opmierksam ginn, nodeems hien an deem memorabele Match den 8. Oktober 1961 géint Portugal – fir d’alleréischt mam Eusebio an hire Reien – am Stadion mat dräi Goler entscheedend zur sensationeller Victoire vu 4:2 bäigedroen hat. Hien huet fir d’éischt gezéckt, ma sech dann op Dränge vu sengen Arbeds-Kolleegen aus der Schlässerei hin schlussendlech decidéiert an ee Profi-Kontrakt bei Sochaux ënnerschriwwen, obschonn och den FC Barcelona sech fir hien, wéi et schéngt, seriö intresséiert hat.

Ady Schmit (Sochaux-Montbéliard)
Ady Schmit (Sochaux-Montbéliard) Foto: Privat

Him, dee véier Joer virdrun dohigewiesselt war, do Fouss gefaasst hat a ganzer néng Saisonen am Doubs spillen a wunne blouf, hat säi Veräin iwwerhaapt ze verdanken, datt si et 1967 bis an d’Finall gepackt haten. Virdrun, an der Halleffinall, war et nämlech op en Neits „le bombardier luxembourgeois Schmit“ gewiescht, wéi L’Equipe deemools geschriwwen hat, deen duerch ee weideren – onechten – Hattrick déi favoriséiert Bretone vu Rennes scho bal alleng eliminéiert hat (4:3 fir Sochaux).

„Den Ady hat zwee Féiss“, wéi mir säi méi jonke Brudder Leon (dee selwer an de 70er-Joere mat der Jeunesse zweemol d’Coupe a véiermol d’Meeschterschaft gewonnen huet), grad ewéi dem Ady säi Jong, de Laurent, eis bestätegt hunn. Am Fussballer-Jargon heescht dëst, datt e souwuel mat dem rietse wéi och mat dem lénke Fouss schéissen a passe konnt.

Den Ady war zwar fir säi wäiten Aworf a säin immens feste Schoss bekannt a gefaart, ma datt hien, wéi mir dat zu Esch an der Fënster vum Schouschter Lallemang op engem grousse Pouster liesen an driwwer staune konnten, mat senge Schung vun der Mark „Lico“ – an nëmme mat deenen (!) – duerch d’Netz geschoss hätt, dierft dach eng e bëssen iwwerdriwwe Reklamm gewiescht sinn, déi mir Bouwen awer prompt gegleeft a „fir bor Mënz geholl hunn“. Nodréiglech si mer gewuer ginn, datt dem Ady an senger Karriär souguer ee Gol géint dee legendäre russeschen Golkipp Lew Jaschin gegléckt ass.

Als Escher Jongen hu mir net nëmmen den Ady selwer, ma och seng gro-mof metalliséiert, an der Renaudin-Strooss geparkte Wierks-Peugeot-404-Injection mat den hellbronge Liedersëtzer bannena bewonnert, wann hien emol erëm eng Kéier zu Lëtzebuerg war a sech op d’Grenz e Match ukucke komm ass.

Lyon hat kloer déi besser Equipe a war eis iwwerleeën

Ady Schmit

An der Coupefinall, déi fir seng Equipe mat enger 3:1-Nidderlag verluer goung, ass dem Ady awer leider kee Gol gelongen. Hie war mat der Nummer 11 um Réck vu sengem gielen Tricot an de Match gaangen, ma konnt op deem wichtegen Dag d’Faarwe vun sengem Team déi Kéier net opliichte loossen.

„Lyon hat kloer déi besser Equipe a war eis iwwerleeën“, huet hien als faire Sportsmann, deen hie war, dann duerno och prompt zouginn. Esou hat den OL zum Beispill de Fleury Di Nallo a senge Reien, een iwwertalentéierten „attaquant“, dee se dohanne „le petit Prince de Gerland“ genannt hunn.

Et war och dësen, hire Star, dee mat enger Virlag zum 2:1 an duerno mat sengem eegene Gol zum 3:1 an der 81. alles kloer gemaach huet, nodeems Sochaux „virum Téi“ nach duerch de Leclerc ausgeglach hat. Dee souwuel am Mëttelfeld wéi am Ugrëff opgrond vu senger „Beidféissegkeet“ polyvalenten Ady, obschonn mat der 11 als „nominell“ lénks Band opgestallt, huet zwar vill hin an hir rochéiert, ma konnt an der Finall keng entscheedend Akzenter setzen.

„Schëller géint Schëller“ gestridden

Dodrun dierft awer och sécher den Erwin Kuffer, säi Kolleeg aus der Nationalequipe (18 Selektiounen am Total), mat dru schold gewiescht sinn, deen als rietsen Ausseverteideger dem Ady stéits an de Féiss war. Déi zwee hunn zwar, wéi dat sech fir zwee Lëtzebuerger Jongen an deem Kontext gehéiert, net an d’Hoer kritt, obschonn ganz vill um Spill stoung. Si hu fair géintenee gespillt, sech „Schëller géint Schëller“ ëm de Ball gestridden an dobäi net wéi haut un den Tricote gerappt a gezunn, mä sech doriwwer eraus awer näischt geschenkt.

Esou huet eis den Erwin nach virun e puer Deeg eng flott Anekdot erzielt, an zwar déi, wou den Ady him eemol fortgelaf war an hien en eben hätt „tessele“ missen. Wéi den Arbitter hien do offiziell verwarne wollt, huet den Ady d’Saach beschwichtegt an deen Onparteischen dovun ofbruecht.

Erwin Kuffer (Olympique Lyon)
Erwin Kuffer (Olympique Lyon) Foto: Editpress

Den Erwin, hien ass vun 43, war sengersäits 1966 vun den Déifferdenger Red Boys op Lyon gewiesselt, wou hien als Profi dräi Saisone bliwwen ass. Déi waren no der Leeschtung vum Ady an der Halleffinall virgewarnt, an déi franséisch Sportspress zitéiert an deem Kontext den Trainer, deen dem Erwin um Virowend gesot soll hunn, dass wann et him gelénge géif, deen aneren Dag säi „Compatriote“ a Schach ze halen, „le garder sous l’éteignoi et de le museler“, dann hätten si d’Coupe schonn esou gutt wéi hallef an der Täsch …

Dat beweist, wat dem Ady Schmit säi Stellewäert zu där Zäit a Frankräich war a wéi eescht hien do vum Géigner geholl a säin Talent unerkannt gouf. Eleng dem Erwin awer war et gegonnt, d’Coupe de France an d’Luucht ze hiewen an d’Victoire ze feieren. Een eemolege Glécksmoment, dee sengem Kolleeg leider net gegonnt war. Am Géigesaz zu sengem klenge Brudder Leo, deen 1973 mat der Jeunesse beim 1:1 géint Liverpool derbäi war, sollt den Ady fir säin Deel deemno och weiderhin ni Coupe d’Europe spillen.

De Wee zeréck an d‘Heemecht

Trotz der Néierlag war de roueg-bescheidenen Ady, wéi hien erzielt, guer net emol sou enttäuscht an traureg an huet sech erënnert, datt hien duerno mat senge Sochauxlianer am Lido nach ee flotten Owend verbruecht hätt.

No néng volle Saisonen zu Sochaux ass hien duerno 1970 als Spiller-Trainer fir dräi Joer op Mulhouse an di zweet Divisioun gewiesselt an dann nach der zwou op Epinal. Hie koum zeréck op Lëtzebuerg an huet seng aktiv Spillerkarriär grad ewéi virdrun de Vic Nürenberg op der Spora ofgeschloss. Zu Péiteng, Nidderkuer an der Fola huet hie sech als Trainer beméit, ma d’Saach awer zimmlech séier si gelooss opgrond vun der, a sengen Aen als ale Profi, ze vill onseriöer Approche vun deene lokalen Amateuren.

Den Erwin Kuffer fir säin Deel ass 1969 vu Lyon an d’Belsch, fir d’éischt bei de Standard an dunn op Charleroi, gewiesselt. Och hien huet als Amateur a säi Stammveräin op Red Boys zeréckfonnt, wou hien nach bis 1975 weider verteidegt huet, éier och hien d’Fussballschong definitiv un de Nol gehaangen huet an nach haut a bei beschter Gesondheet geléintlech Matcher op Déifferdeng kucke kënnt.