Nodeems en Haus widdert mäint gebaut gouf, an zwar 6 m méi héich an 8 m méi wäit no vir, huet d’Baufirma festgestallt, dass se wéinst menger Heck hir Fassad net maache kënnen. Op gutt Noperschaft hunn ech agewëllegt, dass d’Baufirma meng Heck erausrappt. No zwee Méint wier alles wéi virdrun. Elo sinn et néng Méint an näischt ass wéi virdrun.
Op mengem Daach an op mengem Terrain gouf eng Stee opgeriicht, meng Daachzillen sinn erofgeholl ginn an de Kullang ass net méi richteg ugeschloss ginn.
Wärend de Bauten hunn ech festgestallt, dass hir Fassad iwwer mäin Terrain steet an hu gefrot, fir alles ze stoppen, mäin Terrain net méi ze benotzen, bis dass eng Léisung fonnt gëtt, ier weidergebaut gëtt. War ech op der Schaff, hunn si einfach weidergebaut, bis alles stoung.
Net ze schwätze vu verbale Frechheeten, dem Knascht, dem Kaméidi, dem Zouparke vu menger Entrée, dem Ofstelle vun der Toilette op mengem Terrain, dem Verstoppe vun mengem Oflaf, dem Benotzen als Deponie vu mengem Gaart, dem Knuppen an Tocken, fir mäin Hond opzedréien, dem Bau vun enger Terrasse, déi méi héich ass wéi meng, dem Net-Anhale vun Horairen, dem Net-Anhale vu Bauzäiten (no méi wéi sechs Woche géif ech eng Entschiedegung kréien), dem Pausemaachen a Picknicken op menger Terrass …
Aus all dëse Grënn wëll ech net, dass déi Firma, déi sech un näischt gehalen huet, elo erëm fir sechs Woche mäin Terrain zerstéieren, mäin Daach benotzen a meng Gedold strapazéieren dierf.
Ech denken, ech hu mäin Deel ginn, an erwaarden, dass d’Baufirma sech fir d’éischt un d’Ofmaachungen hält, ier weidergeschafft gëtt. Eng Entschiedegung wier méi wéi ubruecht. Ech gouf just ausgelaacht an si hätten d’Rescht, fir mech iwwer Méint esou ze schikanéieren a mäin Terrain ze zerstéieren.
Kuerz drop huet d’Proprietairin zesumme mat der Baufirma mech op d’Geriicht geholl, well si elo alles réckgängeg maache wëllen, wat si verbockt hunn. Engersäits ass festgehale ginn, dass d’Fassad esou muss zeréckgesat ginn, fir d’Terrain-Grenzen ze respektéieren. Anerersäits muss ech d’Géigepartei finanziell entschiedegen, d’Geriichtskäschten droen, mäin Affekot bezuelen a géif ech si net op mengem Terrain schaffe loossen, muss ech se pro Dag bezuelen. Ech sinn hinnen entgéintkomm, hunn nëmme Schued a bleiwen op engem ganze Pak Käschte setzen.
Och wann et mer bewosst ass, dass déi Réckbauaarbechten op en Neits nëmmen duerch d’Benotze vu mengem Terrain kënnen duerchgefouert ginn, dat, well een net richteg moosse konnt, gëtt meng Gedold weiderhin strapazéiert, ouni dass bis dohin déi ursprénglech Ofmaachungen erfëllt goufen.
Dofir empfannen ech, dass Recht hunn a Recht kréien zwee puer Schong sinn. Normalerweis missten déi Leit entschiedegt ginn, déi Schued erlidden hunn, ma neen, hei muss ech elo och nach bezuelen, fir weiderhin schikanéiert ze ginn.
De Maart
Nol op de Kapp, dat wär elo déi richteg Manéier fir ze reagéieren. Kann TB séch nët dohanner setzen?
wei eng Gemeng ass dât ?
eng Frechhéet !