An eise Schoule gëtt et e Fach, wat Wäerte-Unterrecht heescht, an sech leider nit mat der Virbildfunktioun beschäftegt. De Respekt vu sou enger Virbildfunktioun hunn äis Politiker am Fall vun engem Futtballspiller gefuerdert. Dobäi sinn äis kleng a grouss Politiker sëlwer alles anescht wei ee Virbild. An der Politik, do, wou déi Leit sëtzen, déi eis Interesse vertriede sollen, bleift et leider net ëmmer bei der Wourecht. „Wann et eescht gëtt, muss ee léien“, huet emol e fréiere Premier behaapt. Leider ass et awer esou, dat vun eise Politiker och ouni Nout gelu gëtt, datt d’Fatze fléien, just well se mengen, et géif keen hinnen nolauschteren oder si kënnten den Nolauschterer imponéieren. An enger Radiosemissioun gefrot, ob et wierklech noutwendeg wor, de Staatsbeamten nach eng Augmentatioun vun 2,5% (2025 2,5% an 2026 0,5%) ze accordéieren, äntwert de Minister Wilmes ënner anerem, dat et och op der Finanzplaz eng Augmentatioun vun enger änlecher Gréisstenuerdnung gouf.
Ech hunn dunn um ALEBA-Internet-Site ee Faktecheck gemät an iwwerloossen et dem Lieser, sech seng eege Meenung ze maachen. Hei sinn déi wichtegst Punkte vum neien Kollektivvertrag mat der ABBL vun hirem Site direkt kopéiert:
„Keine lineare Gehaltserhöhung für die Jahre 2024-2026. Das bedeutet, dass es keine automatische Erhöhung für alle Beschäftigten gibt. Sonderprämie von 500 € für alle Beschäftigten, zahlbar im Jahr 2025.“
Bei enger Pai vun 5.000 Euro sinn dat op der gesamter Pai iwwert déi dräi Joer Lafzäit verdeelt 0,27% oder 13,8 Euro pro Mount oder fir et bildlech auszedrécken: eng Kannerpizza. Ab 2027 heescht et dann: Zurück auf los. Bei enger Augmentatioun vun 2,5% sinn et 125 Euro oder néng Kannerpizzaen. Bei 375 Punkten dovun d’Hallschent steierfräi (gemäss dem Slogan: méi Netto vum Brutto) sinn et …
Fazit: Ëmmer schéi bäi der Wourecht bleiwen, och wann se Wéi deet.
De Maart
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können