Säit s de d’Pensioun viru knapps dräi Joer krus, hu mer eis net méi esou oft gesinn, Serge, an elo soen se mer, du wiers gestuerwen. Nach am Oktober hues de gehollef, mäin Abschid ze feieren, a waars gutt drop, waars wéi ëmmer. Mir sinn eis am Fong e ganzt Beruffsliewen ëmmer erëm begéint, mol hu mer a verschiddene Medie geschafft, meeschtens awer zesummen am Tageblatt, wou mer bis 2019 eng Rei Joeren zesummen d’Innenpolitik couvréiert hunn.
Kannt hu mer eis awer scho vill méi laang: Ech denke gär drun zréck, wéi mer 1990 zesummen op Mailand gefuer sinn, wou mer am deemools neie Stade San Siro am Schloreen de Match Däitschland géint d’Vereenegt Arabesch Emirater kucke waren an de 5:1 net wierklech gutt fonnt hunn. D’FIFA hat probéiert, den Alkohol ronderëm d’Matcher ze verbidden, wat net wierklech bei eis ukomm war. Du has ëmmer eng gewëssen Eleganz am Optrieden, esou huet et mech och net verwonnert, dass de zu Milano deier italienesch Schong kaf hues, déi s de konsequent nach Joeren dono ugedoen hues.
Konsequenz war ee vun denge Charakterzich. Du waars der trei an denge politeschen Iwwerzeegungen, hues Hierarchien net akzeptéiert, zemools déi, un déi s de net gegleeft hues, waars souwuel en iwwerzeechten Diddelenger wéi méi spéit an dengem Liewen en Iechternacher. Déi Stad am Osten, wou s de an der Boulett waars an dono gelieft hues, sollt och deng lescht Statioun ginn. Den nächste Méindeg wäerts de um 15.30 Auer um Iechternacher Kierfecht begruewe ginn; vill ze jonk, mat nëmme 67 Joer.
Deng Mamm, d’Gilberte Kennerknecht, déi eis virun enger Rei Joere verlooss huet, war hiert Liewe laang eng iwwerzeechte Gewerkschafterin a Feministin. Hiert Engagement huet fréi op dech ofgefierft. Géint den OGBL hues de näischt soe gelooss, grad esou wéineg wéi géint d’Tageblatt, dat s de och wärend deene Joeren, wärend deenen s de fir de sozio-kulturelle Radio 100,7 geschafft hues, géint all méiglecht dommt Gespréich verteidegt hues.
Deng Ausbildung als Iwwersetzer huet der eng grouss sproochlech Basis matginn, deng sozial Aart a Weis am Ëmgang mat de Leit huet dofir gesuergt, dass de vill Leit kannt hues an sou zu bal all Sujet am Kader vun denge Recherchen ee konnts uruffen. Zesumme mat denger grousser Erfarung an dengem breede Wëssen huet dat aus dir ee gudde Journalist gemaach, deen souwuel am Lokale wéi an der Aussen- an an der Innenpolitik doheem war.
Du waars ausserdeem e Bonvivant an e Genéisser. Fir gutt Träipe bass de scho mol vun Iechternach op Esch bei de Werdel gefuer komm, oft hues de selwer gekacht.
Musikalesch waars de och an hues Querflütt gespillt, mee virun allem waars de e gudde Kolleeg, e feine Mënsch mat enger talentéierter Fieder.
Deng al Kolleegen aus der Tageblatt-Redaktioun wäerten deng Spréch vermëssen: „Nichts Genaues weiß man nicht“ an „Alles Brach!“ wäerte grad esou wéi deng ironesch Remarquen zu all Méiglechem feelen. Vill méi awer feels du als gudde Kolleeg eis elo schonn.
Serge, maach et gutt. (Robert Schneider)
		    		
                    De Maart
                
                              
                          
                          
                          
                          
                          
                          
Journalist wollts de schonn deemools zu Iechternach am Lycée ginn.Du waars den "Chefredakter" vun eisem Studenteblaat an eng markant Perséinlechkeet an der Boulette. Du hues ëmmer fir Stëmmung gesuergt. "Rëmfonnt" hunn ech dech du als Redakter beim Tageblatt nodeem ech 20 Joer näischt méi vun dir héieren hat. Du has also däi Wee gemaach. Bravo Serge.Ech schléisse mech dénge Kolleegen unn. Maach et gutt,wat ëmmer dat och soll sinn no engem erfëllte Liewen.Gutt hues du allefalls alles gemaach. Merci et war eng Éier.