Di., 16. April 2024




  1. Friessmett /

    An deene meeschte „ganz gudde Restauranten“ erhéngert ee jo. Laut menger Erfarung gëtt et do esou wéineg, dass ee sech muss froen, ob een iwwerhaapt do war. Ech hunn dat och an engem méi nobele Restaurant am Süde misste feststellen, en Ofleeër vun engem anere ganz bekannten hei am Land, an do waren d’Bounen och nach ferm versalzt dobäi. Am beschten ass et doheem, do weess een och wou d’Fleesch an alles hierkënnt a wann et net gutt ass, da kann ee sech selwer d’Schold ginn. An doheem wäert et och genuch ginn an et ass bestëmmt och nach méi bëlleg. An de normale „Friessbuden“ hunn ech och scho vill schlecht Erfarunge gemaach, Sushi dee gestonk huet (Santé geruff), eng fett Méck am Iessen (hu bal gek…), Sauce Béarnaise wou d’Eegiel net richteg verréiert war, einfach eekeleg, awer dofir wollten se do fir e Grapp Fritten extra nach gär 2,60 Euro méi hunn, hunn ech awer net bezuelt. An ofmools beim Menü vum Dag ass mol kee Geméis dobäi, vläicht eng mickreg Zalot. Et muss een dacks extra Geméis oder Zalot froen, bei deem engen da gratis, bei aneren als bezuelbare Supplement. Wat en Aarmut! Ech ka nëmme soe, mir dinn déi Leit leed, déi all Dag an de Restaurant aarbechtsbedéngt mussen iesse goen, well gesond ass dat sécher net. Eis Restaurateure sollte mol en Effort maache fir esou deier et ofmools nach ass. Ech gi jiddefalls net méi oft méi an d’Restauranten, a wann, da just op e puer Adresse wou ech weess, dass et gutt ass. Mir steet d’Enttäuschung vill ze grouss am Gesiicht geschriwwen.

  2. Jang /

    lDaat klengt Letzeburg huet baal op all Duerf een Restaurant,
    grad bëlleg sinn se alleguer nett,gudd an deier Restauranten hunn
    munchmol hir renommé nett verdingt,wann Se déi Liferanten vun
    deenen Ferdegprodukter nett hätten,dann giffen der vill Bud zoumaachen.

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos