Donnerstag6. November 2025

Demaart De Maart

LeserforumSport oder Beweegung an der Schoul

Leserforum / Sport oder Beweegung an der Schoul
 Archivfoto: Editpress/Alain Rischard

Jetzt weiterlesen!

Für 0,99 € können Sie diesen Artikel erwerben:

Oder schließen Sie ein Abo ab:

ZU DEN ABOS

Sie sind bereits Kunde?

De Minister Claude Meisch huet viru kuerzem ugekënnegt, eng Stonn méi Sport generell an de Schoulen anzeféieren. Dat ass ze begréissen, an et ass e klenge Schrëtt an di richteg Richtung.

An direkt gouf et vun e puer Säite Kritik. Wou solle mer di Stonn hierhuelen? Dës Diskussioun hätt de Minister kënne vermeiden.

Wéi?

Virun dräi Joer ass de Kollektiv „Kanner virun d’Dier“ op d’Been gesat ginn, mam Zil, d’Kanner an d’Schüler hannert der Schoulbänk erauszehuelen a méi Beweegung an eis Schoulen eranzebréngen. De Plädoyer vum Grupp (www.kavidi.lu) gouf vun 100 Perséinlechkeeten aus der Ëffentlechkeet ënnerschriwwen (Mediziner, Psychologen, Therapeuten, Pedagogen etc.).

Wa Schüler 20 Stonnen op engem Stull sëtzen, duerno an eng „Maison relais“ ginn an owes nach e puer Stonnen am Fotell sëtzen, da bréngt di Stonn Sport (mat Transport a Vestiaire bleiwen 30 Minutten) net besonnesch vill.

Eis Approche ass eng ganz aner: Ee vun de Prinzipien aus der Pedagogie ass dat transversaalt Léieren respektiv de fächeriwwergräifenden Unterricht.

Mir kënnen also d’Schüler an all Fach eraus aus der Schoulbänk huelen, fir dobaussen ze léieren. E puer Fächer bidde sech besser un ewéi anerer.

Obligatoresch misste Geografie a Geschicht z.B. e puer Mol am Mount dobausse stattfannen. Mee och Mathematik fënnt eng Hellewull vun Applikatiounen am Schoulhaff, op der Gewan, an den Handwierksbetriber etc. An d’Literatur? Onméiglech? Nee! Ech selwer hu schon viru Joerzéngte meng Schüler am Sproochenunterricht mat virun d’Dier geholl, fir en Text op der grénger Wiss ze liesen, e Gedicht ënnert dem Käschtebam ze léieren oder an der Stad Info-Panneaue beim Palais, beim Renert, beim Wäschbuer ze analyséieren. Dat war flott fir d’Schüler a si hu bestëmmt méi doheem ze erziele gewousst wéi soss eng Lektür am Schoulsall.

Esou kënnen op d’mannst 4-6 Stonne pro Woch mat Beweegung verbonne ginn, ouni engem Kolleeg eng Stonn ze klauen.

Fazit: Alles, wat am Klassesall ka geléiert ginn, kann och dobausse studéiert ginn, mee net alles, wat dobausse ka geléiert ginn, ass och méiglech am Schoulsall.