Tageblatt vum 27.11.2025, Säit 16
Eigentlech ganz wichteg, wat d’„les“ do iwwert Impressum, AGB asw. seet, wat onbedéngt op de Firmen hiren Internetsäiten am Ausland stoe misst, fir ze wëssen, ween do hannendrun stécht an op se seriös sinn, irr een do eppes kafen soll. Ma wéi gesäit et op onsen Internetsäite vun den Firmen aus, déi hei a Lëtzebuerg ugemellt sinn? Ma miserabel, do stëmmt villes net oder steet einfach näischt do! Ech hu bei der Handwierkskammer an der Handelskammer drop opmierksam gemaach, null Reaktioun … D’Handwierkskammer wollt zeréckruffen, awer huet kee Joer genannt … Dat ass hei am Land eigentlech ville Firme pupegal an dem Staat och.
Fro: Ween ass dann déi zoustänneg Autoritéit, déi dat hei am Land iwwerwaacht, sanktionéiert, wann et gesetzlech Sanktioune gi soll? A wou een als Privatpersoun reklaméiere kann. Oder geet et do e wéi mat dem Verbraucherschutz vum Staat … Ah Privatpersoun … Ma do muss der bei d’ULC goen, déi si fir Privatpersounen zoustänneg! D’ULC ass kee staatlechen Organ, also keng Executiv. Och do déi selwecht Fro: Wou kann ech als Privatpersoun am Staatssystem am Verbraucherschutz eng Klo maachen? Wee kann mer dat 2x stéchfest soen?
De Maart
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können