Dienstag23. Dezember 2025

Demaart De Maart

ForumOppene Bréif vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, François Bausch

Forum / Oppene Bréif vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, François Bausch
 Foto: Editpress/Vincent Lescaut

Jetzt weiterlesen!

Für 0,99 € können Sie diesen Artikel erwerben:

Oder schließen Sie ein Abo ab:

ZU DEN ABOS

Sie sind bereits Kunde?

An de leschte Wochen ass an der Press vill iwwert den Ausbau vum Tram an der Neipuertsgaass geschwat ginn. Der Diskussioun huet et op der enger Säit u Kontext gefeelt, anerersäits goufen och einfach Ënnerstellunge kommunizéiert, déi ech esou net wëll onkommentéiert loossen.

Virop, et ass an et wäert net virgesi ginn, mam Tram duerch de Stater Park ze fueren. Den nationale Mobilitéitsplang 2035 (PNM 2035), deen ech am Fréijoer presentéiert hunn, ass ee Gesamtkonzept, an deem den Tram eng wichteg Roll spillt, fir am urbane Raum, trotz Wuesstem, kënne mobil ze bleiwen. Et gëtt sech dorobber agestallt, dass am Joer 2035 400.000 Deplacementer méi an der Stad an a senge Randgemengen stattfannen (PNM 2035, S. 111). Mir hunn alleguerten een Interêt drun, d’Stad an den nächste Joren sou ëmzegestalten, dass déi 400.000 zousätzlech Deplacementer op engem attraktive Vëlos- an ëffentlechen Transport-Reseau kënne stattfannen.

Aus enger éischter Tramslinn vu 16 km, déi a gutt 2 Joer wäert komplett funktionéieren, soll ee richtegen Tramsreseau entstoen. Deen Tramsreseau, deen op der S. 56 vum PNM 2035 beschriwwe gëtt, ass ee gutt duerchduecht Gesamtkonzept. D’Leit wäerten an Zukunft kënnen op engem Streckennetz vun iwwer 60 km vum Tram profitéieren, op 14 Ëmsteigeplattformen ëmklammen an op 8 P+R hiren Auto stoe loossen.

Fir dass Lëtzebuerg ee stabillen an attraktiven Tramsreseau kritt, musse mer virsuergen. Mir musse verhënneren, dass déi verschidden Tramslinnen sech géigesäiteg am Zentrum vun der Stad am Wee stinn.

Dofir ass virgesinn, een neie Bypass fir den Tram duerch de Boulevard Royal an der Neipuertsgaass ze bauen. Dat erlaabt et eis, den Tramsreseau mat engem dichten Takt ze fueren, d’Leit manner ëmklammen ze dinn a resilient ze sinn bei Betribsbesteierungen.

Lo kann ee sécherlech 350 Meter Gleiser vum Tram an der Neipuertsgaass ouni Kontext iwwert Joren douddebattéieren a falsch Tatsaachen ënnerstellen. Vill méi sënnvoll wär et awer, sech d’Fro ze stellen, wat eng Mobilitéit een da gären an Zukunft a senger Stad hätt, y inclus enger Neipuertsgaass, déi haut eng 20 m breet Makadammsfläch ass a 4 Spuere fir Autoen a Bussen huet.

Wann mer weider isoléiert iwwert Deelchantieren vum Tram debattéieren, da wäert dat Konsequenze fir de gesamten Tramsreseau, den Ëmsteigplattformen, de Buskonzepter an de Bau vu P+R hunn. D’Mobilitéit, d’Ekonomie an och d‘Liewensqualitéit wäert dorënner leiden.

D’Equipe vu Luxtram hunn an der Vergaangenheet schonn oft bewisen, dass si och op sensibelen Trassen eng méi schéi Stad hannerlooss hunn, wéi se virum Tram war, an dass eng Mobilitéitsoffer verbesseren an am selwechten Otemzuch eng Stad begréngen net am Widdersproch stinn.

D’Neipuertsgaass an d’Entrée vum Stater Park wäerten no den Aarbechte méi schéin a méi gréng hannerlooss ginn, wéi se virfonnt goufen.

Mir investéiere pro Kapp souvill an d’Schinn wéi keen anert d’Land an Europa. An enger Welt, wou iwwerall no Léisunge gesicht gëtt, wéi mer d’Klima- an d‘Engergiekris kënnen iwwerwannen, gëtt Lëtzebuerg am Ausland als een exemplarescht Beispill zitéiert a gelueft. Mir weisen hei am Land konkret, wéi d’Verkéierswenn gelénge kann.

Komm mir verfalen net erëm an eng Debattekultur aus dem leschte Joerhonnert. D’Douddebattéieren vu Projeten huet der Ëmsetzung vun der éischter Tramslinn 15 wichteg Jore kascht. Elo benotzen 80.000 Leit den Tram pro Dag, d’Stad ass haut méi schéin wéi virum Tramschantier a jiddereen ass zefridden.

Mir hunn keng Zäit méi. D’Leit an eis Stied brauchen elo eng Äntwert op d’Klima- an Energiekris. Dat huet dëse Summer mat sengen Temperaturrekorden nach eemol androcksvoll gewisen.

* Als Member vun der Regierung ass de François Bausch Vizepremier, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a Minister fir Défense

viola
2. September 2022 - 15.53

D'Autoen aus där Strooss verbannen a fäerdeg.
An e puer Joer däerfen se souwisou net méi eran.

jo
31. August 2022 - 13.06

De Bausch kann net besser! Sid net ze streng mat him.

GeTee
30. August 2022 - 19.39

Zitat . "Mir weisen hei am Land konkret, wéi d’Verkéierswenn gelénge kann."
Daat eenzecht waat mier der ganzer Welt weisen ass wei seier een de ganze Commerce vun enger ganzer Stadt bannent kurzer Zeit bei der Deiwel keire kann

Leila
30. August 2022 - 11.13

"a jiddereen ass zefridden."

Ist das wirklich so? Kaum vorstellbar, wenn ich den Leerstand in den Geschäftsstraßen (Nei/Aal Avenue) sehe, aber da kann man ja dem Lockdown die Verantwortung zuschustern, beileibe nicht den Tram-Arbeiten (die gefühlt ewige Zeiten dauerte), nicht wahr? Für etliche Geschäftsleute ein "Denkmal" des finanziellen Ruins und Schreckens. Öde und tot - nur die Rumtreiber bevölkern die ehemals lebendigen Straßen...

De Lakert
30. August 2022 - 10.40

Selten eppes méi Arrogantes a Selbsverherrlechendes gelies. A wien ass hien dann? Deen intelligenten PNM 2035 ass gut durchduecht, haha ... majo dann. Nëmme kee vu deene villen deiere Feeler agesinn oder eppes ännneren. Et get héich Zeit dass esou Leit erëm dohi verschwannen wou se higehéieren.

Phil
30. August 2022 - 9.18

An enger tabula rasa Aktioun mat 350m Gleis de Klima retten, d'Leit ënner Zäitdrock virun faits accomplis stellen, enorm Zommen un Steiergelder verbroden, an sech dobei och nach selwer luewen. Abée jo, wann dir dat hätt wëllen korrekt machen, dann hätt dir den Tracée op der Schefferallee net gebraucht. An fir sech dann an engem "kollegialen" Aufsatz ze erklären... nujee, dir maacht Iech et zimlech einfach, Här Bausch!