Ass et Iech schonn opgefall, dass et manner Mëllechkéi op der Weed ginn?
A menger Gemeng gëtt et neierdengs sou e Stall, wou d’Kéi de ganzen Dag dobanne bleiwwen.
Kéi beweegen sech gären dobaussen un der frëscher Loft a genéissen d’Sonnestralen. Se kënnen dobäi hirem natierleche Verhalen, sech ze leeën, besser nogoen. D’Kloen an d’Gelenker ginn och doduerch besser geschount an d’Hygiènes-Conditioune sinn dobausse méi optimal wéi a munche Ställ.
Fir d’Agrar-Industrie spuert ee natierlech un Zäit, wann ee Mëllechkéi d’ganzt Joer dobannen hält a mat Silage a Kraaftfudder fiddert. Anhand vu moderner Technik kann een dann déi iwwerziichten Turbo-Kéi am Stall besser kontrolléieren, de Maximum u Mëllech erauskréie vun Déieren, déi u sech Lafdéiere sinn, déi gäre selwer grasen. Och dat gëtt hinnen net méi an hirem kuerze Liewen erméiglecht.
Fazit: Dat Wéinegt un aartgerechter Déierenhaltung an der Mëllech-Industrie ass mëttlerweil och zu Lëtzebuerg amgaangen, ze verschwannen.
De Maart
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können