„Ondugen“ – d’Buch
Un deem Buch ass eppes komesch. „Elo, géif ech soen, feelt ‚Ondugen’ just nach en Auteur. An dem Auteur een Numm. Wat mengs du? Wéi kléngt Fabio Martone?“ (S.118) – sou hält dësen Text op, an dee Schluss ass Programm, well de Fabio Martone gëtt et net, an e Lieser, deen sech e bësse mat Luxemburgensia auskennt, mierkt ab den éischte Säite, wat déi fake Bio an d’KI-generéiert Foto vum Auteur schonn ugedeit hunn: dëst Buch ass ënner Pseudonym geschriwwen. Sou, lo hu mer et erëm, e puer Joer nodeems den Nico Helminger d’Geheimnis ëm den Tomas Bjørnstad opgehuewen huet, gëtt nees energesch spekuléiert an dann hu mer an der Literaturwelt, duerch d’Kollusioun och mat der Theaterwelt, d’Gefill, datt emol eng Kéier eppes geschitt! Mee ausserhalb vun dësem klengen Ënnert-eis: Wien interesséiert et?
Dat ass nämlech grad déi Fro, déi d’Buch opgeheie wëll: Firwat liest zu Lëtzebuerg kee lëtzebuergesch Literatur? Op der Sich no enger Zort Superschrëftsteller, deen de Stellewäert vun der lokaler Literatur ännere kéint, maachen de Protagonist Claudio Bottiglia an de Professer Hell sech op d’Sich no engem Nofare vum Hugo a Goethe, déi an hirer Zäit zu Lëtzebuerg en aktivt Sexliewen haten. Aus der Persoun wéilten si dann eng Mark maachen, déi d’Kultur hei representéiert, eng Zort importéierten Nationbranding. Dës narrativ Linn ass awer am Fong schonn en Ëmwee, well verluer an enger post-moderner Welt, well kee Mënsch méi eng Geschicht vun A bis B erziele ka, well „et keen direkte Wee méi gëtt, mä just nach e Getierkels, eng onverständlech Odyssee, een Zickzack, ee Schlängelen“ (S.13).
Hei geet et ëm den Echec vun der Demokratie, den Opschwong vu rietsradikale Parteien, an e puer Jonker, déi eng nei Partei grënnen, an där de Premier geloust gëtt. Et geet géint Faschismus a Kapitalismus; mee gefaangen an enger Zort Ënn vun der Geschicht (Fukuyama), an där de Kapitalismus dat eenzegt real méiglecht Weltbild ass (Fischer), ginn déi iwwerhieflech Kaviar-Marxisten sech domadder zefridden, domm ze schwätzen, a wéi de Familljennumm vum Protagonist et undeit, vill ze drénken an ze koksen.

Da gëtt gären op d’Kulturwelt gefacht, an op d’Medien, generell op dat korrupt Lëtzebuerg, an op alle Fall op Dommheet, wéi an deene ganz penibele Säiten iwwert den no de gewonnene Walen ausgelouste Premier. Hei kommen dann iwwer weider Ëmweeër och ëmmer rëm e puer intellektuell Referenzen, Filmer, Post-Rock, Concert- a Party-Anekdoten, ëmmer rëm vill Alkohol an Drogen, Platituden iwwer d’Liewe, Metapheren, déi selwer zouginn, dass se schif sinn, Gejéimers, dass Theater nun eben Theater ass a net eng Mass, wou een de Wierder vun deem Genie „Auteur“ nolauschtert, Witzer, déi heiansdo dann alt mol witzeg sinn — vun Ëmweeër ass mol guer net méi ze schwätzen, op alle Fall net am Sënn vun engem Cheminement, mee éischter vun enger Teleportatioun. Sou si vun Akt zu Akt mol Ongereimtheeten am Buch, datt ee bal mengt, et hätten e puer Leit dat Buch geschriwwen — an datt ee sech freet, a wéi wäit do och eng KI matgeschriwwen huet.
Heiansdo leet den Text säi gespillte Facebook-Hetzried-Toun of a geet mat enger Grëtz méi Sensibilitéit un d’Welt erun. Zum Beispill am drëtten Akt, duerch deen sech dem Papp säi vun de Chantiere vreckte Kierper zitt wéi d’Flattere vun engem Päiperlek („Ech hunn de Miniaturcamion iwwer den Hiwwel vu mengem Papp sengem Bauch gerullt, well déi Kartonsspillplack, déi den Terrain vu menger Miniaturwelt ofgrenze sollt, mir net duergoung an ech et lëschteg fonnt ze kucken, wat passéiert, wann déi butzeg Spillwelt mat der Realitéit kollidéiert“, S.50). Dertëscht geet et ëm d’onausgeschwatent Elengsinn vum Bop a vu senger Roserei an Trauer oder ëm de Geescht vun enger verstuerwener Schwëster. Op deene Plazen huet den Text op eemol eng ganz aner, vill méi déifgrënneg Dimensioun – och wann en typesche Schinker-Stil, mat laange, verschachtelte Sätz, tisséierte Metapheren a propper aneneegeluechte Bausteng, wou emotional Erënnerungen, politesch Kommentarer, Injonktiounen an direkt Ried an engem intensive Stroum zesummefléissen, op Franséisch méi Wand an de Seegelen huet wéi op Lëtzebuergesch. Sou kënnt d’Sprooch vum ominéise Fabio Martone awer heiansdo op ganz onerwaarten „zesummegeschoustert“ Biller, wéi de „laange Giraffenhals“ (Pleonasmus) vun der alt sou presenter Drëpp (S.96).
„Ondugen“ – d’Stéck
Mee Theater ass eben Theater: En Text muss net onbedéngt operéiert gi wéi e „geschwollene Blinddarm“ (S.74), fir datt de Kierper, deen e schwätzt, an de Sall, an deem e kléngt, eng Dimensioun méi kreéiert. Am Stamminee, der Bar vum Mierscher Kulturhaus, wou just d’Still liicht geréckelt an e puer Luuchten derbäi gestalt goufen, spillt de Konstantin Rommelfangen dee vum Claude Mangen inzenéierte Monolog, deen hei éischter een e wéineg ausbalancéierten Dialog mam Barkeeper ass. Den Text kritt hei eng Adress: Do an dem Café mécht d’Gebraddels aus dem Buch op eemol Sënn, et ass just heiansdo onkloer, wie genau ugeschwat gëtt – de Public, op deen de Schauspiller zougeet, oder de Serveur, mat deem de Personnage éischter ze schwätze schéngt? Mee déi Variatioune ginn dem Spill awer grad och déi Dynamik, déi dee kompriméierten Text brauch. De Barkeeper ass hei souwuel eng Relance, déi et erméiglecht, bei den onméiglechsten Detouren iergendwéi rëm e narrative Fuedem ze fannen, awer och eng Brems, déi de Personnage mol heiansdo ënnerbrécht an a senge schlëmmste Momenter och mol kritiséiere kann. Geschnidde goufen hei och verschidden zevill literaresch Party-Anekdoten an déi schlecht Witzer.

En Toun och, deen heiansdo méi duuss ass, wéi een sech dat hätt kënnen erwaarden, an doduerch verschiddene Passagen dat Verbattert hëlt. De Konstantin Rommelfangen dréit den Text duerch d’Stéck mat proppere Beweegungsmusteren duerch de Raum, a och verschidden Dynamiken, déi dann zum Schluss hin (a wat hien och méi gedronk huet) Spannung opbauen. An wann him, wéi dat engem am Café mol geschitt, de Béier aus dem Glas bis op de Buedem drëpst an hie weiderschwätzt a -spillt, da si mer beim Josette Féral sengem „troisième clivage“ vun der Theatralitéit, eng Iwwerschneidung vun Theater a Realitéit, wou een net méi weess, wat gespillt a wat en Accident ass – e Spill, dat jo mat dem Personnage/Auteur vum Fabio Martone gewollt ass.
Mee vu wéi enger Realitéit schwätzt „Ondugen“? An engem Sall voll mat Leit, déi heiansdo mol genéiert laache, wa vum Fécke geschwat gëtt, mee soss guttmiddeg den Text ophuelen, huet een d’Gefill, dass déi Auteuren hannert dem Wierk, déi ech lo hei net nennen, obwuel hir Identitéit zimmlech op der Hand läit, alles dru setze, fir hiren eegenen Däiwel ze kreéieren an hiert eegent Leed opzeféieren.
An sengen Iwwerleeungen iwwer Konscht huet de franséische Philosoph Jacques Rancière geschriwwen, datt een éischter formal de „point de vue“ deplacéiere soll wéi einfach politesche Contenu dohin ze klaken. Hei kéint een e Spill mat de Coden oder dat paraliterarescht Spill dorops ënnersiche, wat se deplacéieren, mee och hannerfroen, ob se net grad dat reproduzéiere, wat se virgeheien.
D’Fro ass, ob een sou d’Lieser dozou kritt, méi Lëtzebuerger Bicher ze liesen, oder ob een déi Fro vun der Lieserschaft net och ganz anescht ugoe kéint. Op alle Fall hätt ech léiwer, datt iwwer Bicher geschriwwe gëtt, well se gutt sinn – a net, well d’Auteure probéieren, e Skandal ronderëm d’Buch ze kreéieren.
„Ondugen“ im Mierscher Theater
Die Vorstellung heute Abend, 6. Dezember, ist ausverkauft. Die nächsten Termine finden am 1. und am 2. Februar statt. Mehr Informationen und Tickets: mierschertheater.lu.
Iwwregens: „Ondugen“ heescht op Däitsch iwwersat souvill wéi „unartig, ungezogen, widerspenstig“
De Maart
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können