Zu Bettenduerf hunn se sech an engem geheime Vote mat 7 zu 4 géint eng Fusioun mat den Noperen ausgeschwat. Datt esou eng Virgoensweis gesetzlech guer net erlaabt ass, ass wuel vun deenen 11 iwwersi ginn.
Eng gutt Woch méi spéit huet den Här Gloden dann op RTL och ugekënnegt, déi Decisioun an der Form wëllen z’annuléieren. Des Weideren huet och hien sech an der Fro fir ee Referendum ausgeschwat. Wat och net méi wéi richteg ass! Dovu mol ofgesinn, datt dee Vote net gesetzeskonform ass, huet een als Gemengenawunner ee Recht drop, ze wëssen, wat fir eng Meenung d’Gemengeréit vertrieden a firwat se esou ofstëmmen. Et däerf net sinn, datt an esou enger wichteger Zukunftsfro just déi 11 ofstëmmen. En plus dann och nach „geheim“. Als gewielte Gemengerotsmember steet een nu mol an der Ëffentlechkeet an et muss ee fir seng fundéiert (!) Meenung riicht stoen.
Dat mam „Vote secret“ huet dann och souwisou net laang gehalen. Hätt een och gewonnert. Dat klappt mol net bei engem Konklav am Vatikan.
Den 1. Schäffen Andy Derneden huet nach dee selwechten Owend der Press matgedeelt, datt hie mat „Nee“ gestëmmt huet, mam Haaptargument, datt hie keng Virdeeler fir d’Gemeng Bettenduerf an enger Fusioun géing gesinn. Bettenduerf soll eng kleng Duerfgemeng bleiwen.
Dat ass dann awer de Géigendeel vun deem, wat de Buergermeeschter Patrick Mergen viru gutt engem Joer an der Press gesot huet. Senger Meenung no kënnt ee net laanscht d‘Fusioun, well een als eenzel Gemeng einfach ze kleng ass. Des Weidere misst een sech massiv verschëlden, fir néideg Projeten ze finanzéieren.
Puer Deeg no der ominéiser Ofstëmmung si mer dunn um Radio 100,7 gewuer ginn, datt d’Gemengeréitin Suzette Serres (u sech déi eenzeg richteg Oppositioun am Gemengerot) mat „Jo“ gestëmmt huet a si och zwee weiderer géing kennen, déi sou ofgestëmmt hunn. Awer keen aus dem Schäfferot.
Héchstens een aus dem Schäfferot huet sech also fir eng Fusioun ausgeschwat. Vläit awer och keen, wat dann awer kontradiktoresch zu deem wär, wat den Här Mergen bis elo ëmmer vertratt huet.
Interessant wär et, an deem Fall souwisou mol ze wëssen, wat am Koalitiounsaccord tëscht den zwee Biergerlëschten („Meng Gemeng – Mäin Doheem“ an „Eng Ekipp fir Iech“) zu dem Sujet festgehale ginn ass. Dee misst jo nach an engem Tirang ze fanne sinn.
Sou oder sou huet sech de Gemengerot hei kee Gefale gemeet. Et huet bis elo ëmmer geheescht, datt ee Referendum iwwert eng méiglech Fusioun decidéiert an dat d’Awunner domat dat allerlescht Wuert hunn.
Ee Referendum däerf op kee Fall duerch iergendee Vote am Gemengerot ersat ginn. No iwwert sechs Joer Verhandlungen hunn d’Awunner ee Recht drop, selwer iwwert hir Zukunft ze decidéieren a „Jo“ oder „Nee“ ze soen.
„Nous exigeons une décision dans les six ans à venir par référendum (…)“, huet et am Walprogramm vun der Biergerlëscht „Meng Gemeng – Mäin doheem“ geheescht. Kandidaten op der Lëscht waren iwwregens de Buergermeeschter an den 1. Schäffen.
De Maart
Betreffend Gemeindefusionen sollten die Entscheidungen stets per Referendum getroffen werden. Idealerweise sollte diese Prozedur gesetzlich verankert werden.