Wegen technischen Problemen waren am Montag von 11 bis 14 Uhr zahlreiche Mobilfunkanschlüsse von LuxGSM gestört. Auch die Notrufnummern 112 und 113 der Polizei und der Rettungsdienste waren von POST-Kunden stellenweise nicht erreichbar. Am Nachmittag teilte ein Sprecher des Unternehmens gegenüber dem Tageblatt mit, dass das Netz wieder laufe.
24. Juli 2017 - 13.27 Uhr
Akt.: 24. Juli 2017 - 14.42 Uhr
Probleme bei LuxGSM behoben – Notrufnummern wieder erreichbar
De Maart
@RomainK: Ech bezuelen fir eng Dingschtleeschtung, dann hätt ech och gären dat wat versprach get.Den Bierger muss bei der Post fir all Service deier bezuelen, an beim Service happert et emmer méi .
Wann een fir eng Dingschtleechtung ( Waasser, Stroum, Internet, Post, Bank ) bezillt, dann ass et eng absolut Viraussetzung, dass een deen Service dann och optimal geliwert kritt ouni Ausfall an Problemer. Déi Firma'en sinn gebieden hier Infrastrukturen, fir déi sie jo Geld kréien, ob engem Topniveau ze halen, dass all Pann ausgeschloss ass. Et ass eng Fro vun Responsabilitéit, wat hautzedaags anscheinend en Friemwuert ginn ass an enger Wischiwaschi-Gesellschaft, wou ët nët méi esou genau geet. Bei enger Operatioun, bei engem Fliger sinn technesch Problemer oft déidlech.
Wat soll dat dooten dann. Technesch Problemer kann een net ausschleissen an daat kann emmer an iwerall geschéihen. Stroumausfall haaten mir och schon mei dacks, muss dann do den Direkter vun Enovos goen? Waasserfuite ass och dachs, muss dann do den Direkter vum Waasseramt goen? Technisch Problemer beim Auto...wiem geet dann do....? Ech stung och schons mei dachs virum engem Bancomat deen net gangen ass, soll dann do och emmer den technischen Direkter goen....?...Also egal wat.....
Eis Post huet bis haut mol keen Twitteraccount fir op drénglech Meldungen opmierksam ze maachen. Et pour cause…
d'Post ass iwerhapt an den läschten Joeren enorm onzouferlässesch ginn , seif dat Internet, globalen Réseau. Mais dass déi wichtegst Nummeren vum Land net accessibel sinn ass en absoluten NO GO ! An do ass dat mannst, dat allermannst dass endlech een bei der Post d'Responsabilitéit iwerhëllt an senger Wee geet ! An w.e.g. net mat idioteschen Excusen kommen, wéi atmosphäreschen Stéierungen..... den Rescht geet jo. Google freet sëch bestëmmt iwert deen héigen Inkompetenzlevel !