Näischt mécht däraarteg Erliefnesser méi däitlech ewéi déi rezent Decisioun vun eise Nopeschlänner, erëm systematesch Grenzkontrollen anzeféieren, fir d’illegal Zouwanderung ze ënnerbannen. Ewéi genau eng illegal Zouwanderung aus Lëtzebuerg an Däitschland oder Frankräich da soll méiglech sinn, dat léisst sech fir mech net wierklech erschléissen …
Esou muncher ee wäert sech vläicht nach drun erënneren, ewéi Mëtt der 90er Jore vum leschte Joerhonnert de Schengener Accord ratizéiert gouf, deen et alle Mënschen an der Europäescher Unioun erlaabt huet, sech fräi iwwer Landesgrenzen ewech ze beweegen. An elo, op ee Coup, sinn d’Grenzkontrollen erëm do! En echten „Déjà vu“! An dobäi steet net zur Diskussioun, datt Europa méi sécher gëtt, an och déi national Identitéit vun eisem Land steet net um Spill, ewéi äis et munch „Schwurbler“ vum rietse Bord wëlle gleewen doen!
De Géigendeel ass de Fall: Wa mer Grenzen tëschent befrënnte Länner ariichten, da loossen mer Grenzen am Denken a Grenzen an eisen Häerzer zou! D’Gefor ass grouss, dat mer all déi Fortschrëtter, déi duerch de Schengener Accord an eiser Gesellschaft entstane sinn, liichterhand iwwer Bord werfen, aus enger onbegrënnter Angscht viru sougenannter „Iwwerfriemung“ oder wéinst enger Hand voll méiglecherweis krimineller Awanderer. Dobäi ass längst statistesch bewisen, dat déi grouss Majoritéit vu Verbriechen an eisem Land vu Mënschen begaange ginn, déi scho laang, meeschtens schonns éiweg, an eisem Land liewen.
Mä et ass natierlech vill méi einfach, komplex Problemer mat vermeintlech einfache Léisungen unzepaken a Mënschen a Kategorien anzedeelen a jidderengem eng spezifesch Etikett opzepechen. „Këschtendenken“, esou nennt d’Isabel Wilkerson déi Art vu Reaktioun a sengem Buch „Caste: The Origins of our Discontents“: „Caste is structure. Caste is ranking. Caste is the boundaries that reinforce the fixed assignments based upon what people look like.“ A mat deene Këschten, mat deene mer ewéi mat Lego-Steng Mauere ronderëm äis opbauen, hoffe mer, äis géint Gewalt a Gefor „vu baussen“ ze schützen. Jidderee sëtzt nees a senger Këscht, de Bléck no banne geriicht, well dat Baussent, dat Friemd, dat Onbekannt, äis veronséchert, a well et esou formidabel bequeem ass, äis Welt an „äis an déi“ anzedeelen. Déi Maueren, déi mer an de Käpp vun eise Matmënschen an eise Kanner opbauen, verbauen hinnen an äis de Bléck no vir, dat fräit Gestalten an d’Entdeckung vun Neiem.
War déi Visioun vun eise Pappen a Grousspappe vun engem fräien, offenen a gläichberechtegten Europa also nëmmen eng Utopie, déi no knapps drësseg Joer schonn eriwwer ass?
Eenzel Länner grenze sech ëmmer méi of a méi ewéi een Drëttel vun de Staaten op dëser Welt hunn nei Barrièren op hire Grenzen erriicht. Zënter dem Ufank vum Joerdausend si weltwäit dausende vu Kilometeren u Grenzmaueren opgeriicht ginn: tëschent Simbabwe a Botswana, tëschent Bulgarien an der Tierkei, tëschent Ungarn a Kroatien, tëscht Spuenien an dem Maroc … Et kléngt jo absolut absurd, datt mer an 20 EU-Staaten mat der selwechter Wärung bezuelen, dem Euro, awer eisen Noperen, déi an eist Land schaffe kommen, anscheinend net iwwert de Wee trauen!
Grenzkontrolle verstäerke Feindbiller
Besonnesch däitlech gëtt déi nei Ideologie, wann ee sech déi iwwerstierzt Ariichtung vu Grenzkontrollen an eisen Nopeschlänner ukuckt, déi nëmme vum Totalversoe vun de Länner bei der Ausweisung vu Kriminellen a Stroftäter oflenke soll, a gläichzäiteg deenen 230.000 Grenzgänger, déi all Dag hei ze Lëtzebuerg zu eisem Wuelstand bäidroen, den Aarbechtsalldag onnéideg erschwéieren.
A virun allem däerf ee sech froen: Wéi funktionéiert d’Identitéitskontroll op der Grenz genau? Wie gëtt duerchgelooss? A wie gëtt ugehalen? Ewéi genau leeë Polizisten fest, wéi een Auslänner verdächteg ass? An et weist sech hei, datt nach ëmmer de Gros vun deene kontrolléiert ginn, déi „anescht“ sinn, et gëtt no Stereotyppen ausgesënnert a mat Virurteeler decidéiert.
D’Hautfuarf bestëmmt iwwer Ausgrenzung
An esou verwonnert et eigentlech net, datt Mënsche mat enger friemlännescher Apparence systematesch op de Grenze kontrolléiert ginn, wärend déi aner ouni Schwieregkeeten duerchgelooss ginn. Esou entsteet eng Aart Generalverdacht géint Mënsche vun donkler Hautfaarf, et gi weider zousätzlech Maueren opgebaut, déi een harmonescht Zesummeliewen an eiser Gesellschaft ëmmer méi schwiereg maachen.
A leider schwätzen ech aus eegener Erfarung: Als donkelhäuteg Biergerin an eisem Land muss ech mer esou munches unhéieren, wat absolutt inakzeptabel ass. An och ech gi reegelméisseg a systematesch op der Grenz kontrolléiert.
An deem beschränkten „Këschtendenken“ vu de Grenzkontrolleren kann et jo net sinn, datt een:
– éischtens zu Lëtzebuerg mat „wäissen“ Lëtzebuerger Elteren opgewuess ass;
– zweetens de Familljennumm Scholl huet;
– an dann awer drëttens eng donkel Haut huet.
Dat passt net an hir Këscht, an dowéinst ginn ech all Kéiers extra genau kontrolléiert. A verschiddener vun dësen „Grenzerfarungen“ si reegelrecht erniddregend an entwürdegend. Esou eppes huet an engem offenen, toleranten, modernen a gemeinschaftlechen Europa keng Daseinsberechtegung. Et ass héich Zäit, dat „Këschtendenken“ opzeginn an oppen an ouni Virurteeler op Mënschen duerzegoen, egal, wat fir eng Hautfaarf si hunn, egal, ewéi friem si ausgesinn, an egal, ob et Fraen oder Männer sinn. Këschten ewéi „wäiss Lëtzebuerger si gutt“ an „donkelhäuteg Auslänner si schlecht“ gehéieren op den Dreckstipp an et ass endlech Zäit, dem europäesche Gedanke vun engem friddleche Mateneen erëm dee Raum ze ginn, dee Mënschen brauchen, fir sech fräi ze entfalen. Grenzen a Grenzkontrollen esou ewéi Maueren an eise Käpp hënneren do nëmmen!

De Maart
Zum Keschtendenken geheiert och ,dat Grenzen per se eppes schlechtes wieren .De Geigendeel as de Fall ,emmerhin hat de Limes de Reimer Johrhonnerten e gudden dengscht geleescht , .-Virwat well Mme Scholl eis onbedingt e Rassismus erhalen ,den et scho lang net mei gett . Wann haut e schlecht ass ,dann ass et nom Keschtendenken de weissen heterosexuellen Mann .
Bravo. Sou ass et leider. Mir wäiss Machoen mussen ëmdenken.Ass fir vill Leit net einfach. An dobäi komme mir all aus demselwechten Dëppen. An en Nancy Faeser ass kaum emstand emol net beschränkt ze denken. Den Drock vun der AfD ass ze grouß an och lo nach virun de Wahlen.