Gott säi Dank, sinn des dräi Deeg eriwwer. D’Awunner vum Neiduerf a ganz Esch an Ëmgéigend kënnen nees opootmen. Fir d’Awunner vum Gaalgebierg a vum ënneschten Deel vun der Neiduerfer Strooss war et domadder net gedoen, wäit dovunner ewech.
Den 19. Mee ass et lassgaangen, wou d’Material mat risege Camionen eropgefouert ginn ass, d’Parkplaze gespaart gi sinn an d’Awunner konnte kucken, wou se hiert Gefier ofstelle konnten. Wärend dem Festival si Camionen an Autoen erop an erof gefuer (Dag an Nuet), souguer d’Visiteure sinn an der rue du Stade ze Fouss ënnerwee gewiescht, wat net ongeféierlech war. D’Organisateuren acceptéieren des Situatioun sou, wéi et schéint, awer den Awunner schreiwe se vir, wat se solle maachen oder wat se net solle maachen. Passerelle a Lift goufe gespaart a konnten net méi benotzt ginn, ausser wärend dem Festival, awer nëmme fir d’Leit mat engem Entréesticket (mat Rollstull oder Rollator).
Déi Léit, déi nëmmen an de Park wollte spadséiere goen, konnten de Lift net benotzen. D’Léit vum Diswee an der André-Koch-Strooss hu wärend praktesch engem Mount missen e groussen Ëmwee maachen, fir an den Zentrum vun Esch ze kommen.
D’Awunner vum Bierg haten net nëmmen déi dräi Deeg iwwer Beschallung, mee soubal de Festival sonndesowes eriwwer war, ass et mat Ofrappen ugaangen, an dat Dag an Nuet (Nuetsrou ass net respektéiert ginn) wärend bal zwou ganzer Wochen. D’Awunner vum Bierg mussen deen Zirkus säit Joren aushalen, wéi och d’Leit aus dem Rescht vum Neiduerf an Esch an Ëmgéigend.
Elo kënnen och d’Aarbechter*inne vun de Gemengeservicer erëm hiren normale Missiounen nogoen. Elo kënne se, nodeems alles erëm ofgebaut a gebotzt ginn ass, hirer normaler Aarbecht nogoen, net ze vergiessen de Retard, dee muss opgeschafft ginn, dee wärend deene leschte Woche leie bliwwen ass.
Mir als IV Esch-Neiduerf hu wärend deene leschte Joren ëmmer bei der Gemeng ugeklappt an hinnen all Mëssstänn matgedeelt, mee et ass esou bliwwen, wéi et war oder et ass erëm eng Schëpp dobäikomm. Hir Äntwert war: Dat bleift esou, oder all Mëssstänn si ganz einfach ignoréiert ginn. Dat Eenzegt, wat mir haten, war eng Entrevue mat den Organisateure vu de Francofolies (2024 a 2025), wat no eiser Meenung just eng Alibi-Fonctioun war fir d’Gemeng, well no eiser Meenung ass d’Gemeng eisen Uspriechpartner an net d’Organisateuren, déi nëmmen ëmsetzen, wat d’Gemeng an Optrag ginn huet.
Elo wier et un der Zäit, zesummenzekommen, fir zesummen ze schwätzen, an net, wann alles schonns fäerdeg geplangt ass.
De Kulturschäffe sot an enger Gemengerotssëtzung, dass si eppes maache fir d’Bevëlkerung aus dem Land. Ma jo, a wat mécht d’Gemeng fir d’Leit aus dem Neiduerf respektiv aus ganz Esch? Well sidd emol éierlech, de Gros vun de Visiteure vum Festival sinn net vun Esch. Awer dës Leit mussen de ganzen Zirkus Dag an Nuet erdroen.
Et geet net nëmmen duer, schéin an d’Kamera oder de Fotoapparat ze laachen, an déi Leit aus dem Neiduerf a ganz Esch sinn Iech egal, well dat hutt Dir dem Kommitee bewisen, well Dir hutt et mol net fir wäert fonnt, mat eis zesummenzekommen, soudass mir kënnen iwwert alles schwätzen.
Nach eng Kéier, mir sinn net géint d’Francofolies – awer net um Gaalgebierg! D’Stad Esch wëll jo eng gréng Stad sinn, awer déi gréng Long vun Esch (Park) gëtt mat Féiss getrëppelt. De Gaalgebierg soll zu all Moment fir jidder Mënsch op sinn, an dat siwen Deeg op siwen a 24 Stonnen op 24.
De Maart
@ Kommitee,
bravo. Kann ech nemmen ënnerstëtzen. Wann een Schwachsënn ënner "Kultur" därf klasséieren da si mir weit komm. Awer woar dir schon um E-Lake Festival zu Echternach oder deem dämlechsten Event wat ech bis elo gesinn hunn, engem Laafevent wou matt Faarfpolfer em sech geheit gëtt. Och zu Echternach.De Willi Brord dréiht sech am Graf ëm