Den Editorial vum Dan Elvinger weist op e Problem hin, deen all Veräin kennt: De Sport fir Kanner bezuelbar ze halen an dobäi d’Finanze vun de Veräiner sécherzestellen. Duerch d’Hëllefe vum Staat a vun de Gemengen ass et haut fir vill Kanner méiglech, Sport ze maachen, ouni datt d’Famill an e finanziellt Lach
fält.
Mee hannert dëser positiver Entwécklung verstoppt sech eng aner Realitéit, déi ëmmer méi dréngend gëtt: Et gëtt ëmmer méi schwéier, Fräiwëlleger ze fannen. An de meeschte Veräiner droen ëmmer déiselwecht Leit d’Haaptlaascht, Woch fir Woch, Joer fir Joer. Scho bei den Trainere fänkt de Problem un: Et ginn ëmmer méi Formatiounen a Qualifikatiounen erfuerdert, déi Zäit an och Sue kaschten. Ouni motivéiert a gutt forméiert Traineren ass kee qualitativ héichwäertege Sport fir Kanner a Jugendlecher méiglech.
Et ass Zäit, de System nei ze denken. Eng éischt a konkret Moossnam wier et, de steierfräie Forfait fir Traineren a Fräiwëlleger däitlech ze erhéijen, fir hiren Asaz net nëmmen ze honoréieren, mee och méi attraktiv ze maachen. Gleeft mir: Et geet net duer, just op déi Fräiwëlleg ze bauen, déi sech ëmmer mellen. All Member soll eng Basis-Cotisatioun bezuelen, onofhängeg dovun, wéi staark en engagéiert ass. E festgeluechten Deel vun dëser Cotisatioun kéint an e Fräiwëllege-Budget goen. Um Enn vum Joer ginn all Asazstonnen zesummegerechent, de Budget gëtt duerch dës Zuel gedeelt, an all Fräiwëllege kritt eng proportionell Entschiedegung. Dat ass kee Loun, mee eng kloer a gerecht Unerkennung fir déi geleeschte Stonnen.
Dës Gerechtegkeet géif duerch en transparent gefouerten Asaz-Register nach gestäerkt ginn. Jidderee kéint esou gesinn, wéi vill hien oder si bäidréit. An d’Gemengen an de Staat kéinten dëse Budget no der Unzuel vun ageschriwwene Kanner zousätzlech ophiewen, fir déi Veräiner ze ënnerstëtzen, déi di meeschte Jonker ophuelen a forméieren.
De Fräiwëllegen-Asaz ass de Motor vum Sport am Associatiounsberäich. Ouni nei, kloer a gerecht Strukture riskéiere mir, dëse Motor op Dauer ze verléieren an domat och d’Kraaft, déi eis Veräiner staark mécht: den onbezuelbare Geescht vum Zesummenhalen am Déngscht vun eise Kanner a Jugendlecher.
De Maart
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können