Mittwoch5. November 2025

Demaart De Maart

LeserforumFoutaise Wellness Esch

Leserforum / Foutaise Wellness Esch
 Symbolfoto: Editpress/Julien Garroy

Als laangjärege Client vun de Bains du Parc zu Esch muss ech a ganz vill anerer mat Bedauere feststellen, datt an dem Espace Wellness sech d’Personal einfach foutéiert, anescht kënne meng Bekannten an ech dat net erklären.

Elo zum Punkt: De Freiden, 3. Januar 2025 war d’Waarmwaasserbecken um 10 Auer nach kal, ganz kal. Also pi mol Daumen huet de Bassin 6.000 Liter Waasser, dat dauert eeben e puer Stonnen, bis d’Waasser da waarm gëtt laut physikaleschem Gesetz. Um 13 Auer, wou ech dann d’Sauna verlooss hunn, war d’Waasser esou grad wotlech. Dat meeschte Personal fänkt um 6 oder 7 Auer mam Déngscht un. Ass et esou schwéier, de Schalter ëm déi sougenannten Auerzäit emzeleeën? Et ass bestëmmt net schwéier, oder?

Et ass net fir d’éischt, wou dat den Fall ass. Den Uewe vun den eenzelne Saunae war och schonn öfters dann nach aus.

Conclusioun: Mär dach schäissegal! Aua gesot …

An dann nach eppes: Hunn dem Buergermeeschter an dem Personalchef eng E-Mail geschéckt. Waarde bis haut nach op eng Äntwert … ass jo näischt Neies.

Brico
10. Januar 2025 - 9.49

"..Schalter emleeën..." Et gët och Zäitschalteren.