Luxemburgensia
Eng Kartongs-Apokalyps: „Fassad a Substanz“ vum Joël Adami a weider Neies vun „Op der Lay“
Mat „Fassad a Substanz“ gëtt de Joël Adami, Joergang 1987, säin éischte Roman bei Op der Lay eraus, an deem déi Sujeten, mat deenen hie sech a sengem Beruff als Journalist bei woxx, a sengem Podcast „Méi wéi Sex“ oder och mat sengem Blog „Enjoying the Postapocalyse“ auserneesetzt, och behandelt ginn.
Montage: Tageblatt/Jenny Füldner
An engem Lëtzebuerg, an deem den Himmel sech net decidéiert kritt, aus senge groen Téin erauszekommen, huet den Ech-Erzieler eng ganz speziell Epiphanie. Op eemol ass et him, wéi wann eppes an der Welt, mee awer virun allem zu Lëtzebuerg, ganz schiiflafe géif – wéi wann alles just eng Fassad aus Kartong wier. Nieft dem metaphoreschen Optakt gëtt et an den éischte Säiten awer och eng ganz konkret Accroche, un där de Lieser sech festbäisse kann: nämlech enger ongewéinlecher Renconter per Telefonat tëschent dem Paule, dem Ech-Erzieler seng bescht Frëndin, an engem mysteriéise Radiospriecher, deen iergendwéi eppes méi iwwer déi jonk Fra ze wësse schéngt, wéi déi sech virgestallt hat. D’Zündung, déi sech mat dëser duebeler Geschicht erwaarde léisst, kënnt dann awer net; dem Paule säin Date verfält an d’Onwichtegkeet an den Ech-Erzieler mécht sech mam Lis, enger anerer Frëndin, op eng Rees a verschidden Deeler vum Land, an der Hoffnung, iergendwou erëm e Bezuch zur Realitéit ze fannen. Dass hei weeder d’Entwécklung vum Text a Richtung Opléisung nach d’Weiderspane vun engem Erzielstrang sech realiséieren, kéint een esou liesen, dass eben alles fake ass an et dach keng Wourecht méi ze fanne gëtt.