Donnerstag6. November 2025

Demaart De Maart

LeserforumEe vun eise gréissten Nokrichsgewerkschaftler ass vun eis gaangen!

Leserforum / Ee vun eise gréissten Nokrichsgewerkschaftler ass vun eis gaangen!
   

Jetzt weiterlesen!

Für 0,99 € können Sie diesen Artikel erwerben:

Oder schließen Sie ein Abo ab:

ZU DEN ABOS

Sie sind bereits Kunde?

Niewent dem John Castegnaro, dem President vun der gréisster Gewerkschaft hei am Land, dem OGBL, dem Jos Daleiden, dem Generalsekretär vun der CGFP, war de Marcel Glesener, de President vum LCGB, Deel vun enger gemeinschaftlecher Front vun engagéierten a kompetenten Arbeitnehmervertrieder, déi an den 80er bis an déi 90er Joren eran et verstanen hunn, iwwert „Tripartite nationale“, dem Kärstéck vum Lëtzebuerger Modell, de schaffende Leit hei am Land een eemolege Stellewäert an eiser Gesellschaft ze verschafen. Si hunn et fäerdegbruecht, d’Aarbechtswelt an de Mëttelpunkt vun der Wirtschaft an der Politik ze stellen. Net wéineg duerzou bäigedroen huet dem Marcel Glesener säin Afloss an der CSV op eis deemoleg Aarbechts- a spéider Premierministere Jacques Santer a Jean-Claude Juncker.

Perséinlech hat ech déi grouss Chance, als „klenge“ President vum FNCTTFEL-Landesverband a spéidere Generalsekretär vun der CGT-L häerzlech a gläichwäerteg an hirer Mëtt opgeholl ze ginn. Bei allen Treffen am In- an am Ausland war et eng mënschlech Frëndschaft , déi mir ënnertenee gefleegt hunn. Eppes hate mir gemeinsam. Esou ewéi de Marcel Glesener hu mir all „kleng“ ugefaangen an ni eise Gebuertsschäi verluer. Mir hunn et doheem an an eisen éischte Beruffsjoren um eegene Leif erfuer, ewéi dreckeg et dem „klenge“ Mann am Beruffsliewen an an eiser Gesellschaft kann ergoen. Mir hate keng grouss Diplomer. Als Léierjong am Handwierk resp. am Commerce si mir schonns jonk an d’Beruffswelt agetratt.

Esou ewéi de Marcel Glesener hu mir eis iwwert d‘Personalvertriedung am jeeweilege Betrib mat vill Fläiss an Asaz d’Vertraue vun eise Membere verdéngt. A villen demokratesche Personalwalen huet sech deen Eenzelnen un d’Spëtz vun senger Gewerkschaft eropgeschafft. Nach haut gëtt dem Casteg, dem Daleidens Jos, dem Marcel Glesener a mir nogesot, mir hätten d’Häerz an dee gesonde Mënscheverstand op der richteger Plaz gehat.

Dofir trëfft mech den Doud vum Marcel Glesener gläich duebelt. Niewent engem treie Frënd verléiert eist Land och nach ee vun deene sechs leschte politesch Engagéierten aus dem Joergang 1937, déi sech zu hirer Zäit fir Fräiheet, Brout a Bridderlechkeet esou ewéi fir de Respekt vun de Mënscherechter a fir méi sozial Gerechtegkeet a Solidaritéit an enger demokratescher Gesellschaft agesat hunn.

Et sinn dat d‘Colette Flesch, de Stendebachs Téid, de Jacques Santer, de Fayots Ben a meng Wéinegkeet.
Mä getrei dem Marcel Glesener sengem Motto wëlle mir elo keng Staatsaffär doraus maachen, mee eis drop besënnen, datt eng echt Frëndschaft iwwert den Doud ewech weiderlieft. Pax tecum, léiwe Frënd Marcel!