Duerch déi an zwee Bicher agedeelte bal 600 Säite geet de Lieser engem Streber an „désabuséirten“ Ech-Erzieler no, deen an deels drolege Passagen an der Realitéit ëmmer dat Skurrilt sicht a léiwer den Oflenkungen nogeet wéi deem, wat hien ze erziele probéiert – en Erziel-Spill vu Wourecht a Falschheet virum Hannergrond vun engem korrupte, polluéierten a vu materieller wéi intellektueller Aarmut befalene Lëtzebuerg.
Am éischte Buch, Koma, probéiert den Erzieler no engem Accident duerch Gespréicher mat senger Neurologin an der him onsympathescher Psychologin seng Vergaangenheet opzeschaffen. Déi Biller zu de Lächer a sengen Erënnerunge kommen dann natierlech net linear dohir, mee als Puzzelstécker, déi de Lieser lues a lues unenee setze muss. Beim Liese stellt sech heiansdo d’Fro, ob et sech ëm eng Biographie handelt, mee séier kritt een d’Gefill: Et geet hei méi drëms, en historesche Moment ze beschreiwen, wéi d’Liewe vun engem Personnage.
Spill mat Erënnerungen
Sou thematiséiert den Auteur eng Kandheet an der Schlague, engem Minniers-Quartier, mat all de Spillereien, Streidereien an der schroer Gewalt, déi do virkommen, haaptsächlech geet et awer och ëm Kommunikatioun an d’Limitt vu Wieder, fir sech auszedrécken. Et geet vill ëm Erënnerungen. Si sinn onbestänneg an de Protagonist kritt méi wéi eng Kéier d’Gefill, sech an sengen Erënnerungen ze verléieren, wéi een dat an dëser Metapher zum Spidol ka liesen: „Mär geet et d’selwecht hei. Een Dag breet Gäng a riseg Trapenhaiser, den Dag drop si se verschwonnen. Oder sou verännert, dat Ech mech net méi erëmfannen“ (S. 119).
Wann dës scho bal archäologesch Analys vun der Zäit heiansdo e bësse laang ausfällt (wéi dat a „Kappgras“ sewler och d’Kritiker zum Ludivin senger Recherche soen — it’s fun playing games with you, Nico), sou kënnen d’Lieser awer verschiddene roude Fiedem nogoen, z.B. der Renconter mam Isabelle oder d’Frëndschaft mam Bob Fonda, déi d’Saach ëmmer rëm lancéieren, a mat där hirer Hëllef de Lieser sech säi Wee duerch de Roman eraussicht.
Wann de Personnage dann d’Schlague verléisst, fir zu Paräis ze studéieren (an als Schauspiller fir d’Police Doudesaffer nospillt), da Journalist gëtt an d’Isabelle, eng erfollegräich Pianistin, bestuet, da kritt de Roman eppes vun enger „transfuge de classe“-Erzielung, déi de Personnage u sech ni ustrieft, mee wou em dës Entwécklung an de Schouss gefall kënnt. Dat kéint een als eng Bestandsopnam vun enger Zäit zu Lëtzebuerg ophuelen, wou d’Aarbechterklass sech duerch d’Investissementer vum Staat gefillt opgeléist huet an an eng „Fonctionnaires“-, „Petit Bourgeois“-Mëttelschicht verwandelt huet. Eng Illusioun zu gudder Lescht, déi am Roman séier zerbrécht, well d’Persounen aus der Schlague trëfft een der herno genuch erëm, um Lido, enger Zort lëtzebuergescher Favela.
De „Kniddel-Krimi“
Am zweete Buch, Amok, geet een dann an enger alt méi linearer Erzielung enger Korruptiouns- a Wäisswäsch-Affär no, déi sech zwar an deem klenge Lëtzebuerg ofspillt, mee an déi d’ganz Welt, amerikanesch Presidenten, de Putin an de Bin Laden, dra verwéckelt sinn. Dat Gefill vun „déi grouss Welt an dem klenge Lëtzebuerg“ vermëttelt eng ganz droleg Ambiance. Et drängt sech d’Fro op, ob hei nom Spaghetti-Western de „Kniddel-Krimi“ begrënnt gëtt.
Dass den Ech-Erzieler där Affär nogeet an dat iergendwéi iwwerlieft, ass eng Iwwerraschung. Et ass een heiansdo bëssen onbestännege Personnage; grousse Cinéphile an ëmmer méi gescheit wéi jiddereen – trotzdeem e Latzert an Dropgänger, vläicht domadder och de Protoytp vun der Männlechkeet. Iwwerraschend ass och, datt hie soll vill Bicher geschriwwen hunn, déi ëmmer rëm zitéiert ginn, d’Schreiwen awer am Text iwwerhaapt net present ass. Interessant ass dogéint, datt d’Lieser duerch dem Personnage seng wuessend Paranoia, de „récit cadre“ am Spidol an d’Verrutsche vun Detailer selwer ufänkt, deem Personnage manner ze trauen an sech – wéi am Postmodernismus geleefeg – konstant freet, wat ka richteg a wat erfonnt sinn (och am Sënn vu Fiktioun an Narratioun aus dem Roman eraus).

Ironie, Fraen a Kifer
Dem Nico Helminger säi Stil ass fléissend an efficace, heiansdo direkt a schro, oft liest ee laang, verschachtelt Sätz voller Ironie, déi lëschteg — wann och op den éischte Säiten e bësse vill metaphysesch Metaphere ronderëm d’Wuert „Substanz“ ze fanne sinn –, mat Momenter souguer gehierlos witzeg sinn, wéi am Passage, wann dem Erzieler säin Handy op eemol wärend engem wichtege Concert vu senger Fra schellt an et heescht: „Firwat hat ech och dem Johnny Weissmuller säin Tarzan-Kreesch als Handytoun? Ech hu meng Cinéphilie verflucht a mech dermat. Matten an den Andagio cantabile vun der pathétique dem Weissmuller säi géien Dschungel-Jodler erageplättelt. Eng batter grell Péng, déi duerch de Sall fiert“ (S. 289).
Wéi oft an deem Genre vu Literatur sinn déi meeschte Frae-Personnagen, iwwregens entweder onfäeg (Psychologin), traumatiséiert (Sandy), extrem jalous (Isabelle) oder total sexualiséiert (Nadine Wozniak aka Claire Doll) mat enger Virléift fir „knaschtege“ Sex. Dat gëtt zwar dann ëmmer mat ironeschem Toun beschriwwen a seet duerchaus méi iwwer déi männlech Personnagen, hire Bléck an hir Fantasme wéi iwwer d’Frae-Personnagen aus, mee et fält awer op deenen hir Representatioun zréck.
Alles an allem ass „Kappgrass“ en impressionnante Roman, dee soziologesch „Radioscopie“, Spannung, politesch Kritik, lokaalt Insider-Wësse souwéi literaresch a cinematographesch Referenze matenee verbënnt. E Roman, an deem ee sech duerchaus verléiere kann. Um Ënn geet et souwisou méi ëm de Chaos wéi dorëms, en ofgeronnt Gesamtbild ze vermëttelen. „Kappgras“ ass och e Roman, un deem ee sech ubäisse muss, fir eranzekommen an dranzebleiwen, wat duerch d’Déckt vum Buch zu enger „Kiefersperre“ féiere kann – mee et ass duerchaus derwäert.
Niewebäi bemierkt
Mam Begrëff „Capgras-Syndrom“ gëtt an der Medizin e Syndrom beschriwwen, bei deem déi Betraffen iwwerzeegt sinn, nostoend Persoune wieren duerch „Doppelgänger“ ersat ginn. Dës psychesch Erkrankung gouf nom Joseph Capgras (1873-1950) benannt, deen si fir d’éischt Kéier dokumentéiert huet. (Redaktioun)
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können